Gemeng Käerjeng

Gemeng Käerjeng

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Käerjeng, Public & Government Service, 29, Rue de la Résistance, Bascharage.

Photos from Gemeng Käerjeng's post 01/06/2026

📣An de leschte Woche goufen an enger Testphas a verschiddene Stroossen uechter d’Gemeng Fixatiounen u Luuchtepottoen a Stroosseschëlter installéiert, wou een seng Valorlux-Tuten ophänke kann.
No de ganz positiven Echoe kënne Bierger, déi och esou Virriichtunge bei hire Wunnenge wëllen hunn, sech am Sekretariat vum Service technique mellen um 50 552 352 oder per Mail u [email protected]

Nidderkäerjeng : rue de l'Eau, rue de Ruisseau, rue de la Résistance, rue Continentale, rue des Ateliers, rue Nicolas Meyers, rue Prince Henri
Uewerkäerjeng : rue J.P. Origer
Kéinzig : rue Haute, rue de Sélange, rue de Messancy, Am Bongert
Lénger : rue de la Libération, rue de la Chiers, rue Jacqué
Féngig : rue Centrale, rue de l’Eglise, rue du Lavoir, rue Michelacker

Photos from Gemeng Käerjeng's post 29/05/2026

📣No knapp 6 Méint Chantier, sinn zanter e puer Deeg d'Aarbechten un der Kräizung rue Jules Hemmer / rue des Ateliers mat der N5 ofgeschloss ginn a bidden Autosfuerer, Velosfuerer a Fousgänger eng besser Verkéierssëcherheet 🙌.

Roud Luuchten 🚦 droen elo zu enger wesentlecher Entschäerfung vun dësem Geforenpunkt bäi.

Enn August kënnt nach den definitive Belag op d'Strooss a gläichzäiteg gi lescht Verkéiersberouegungen an der rue des Ateliers installéiert.

22/05/2026

📣Dag an der Natur 2026
De Schäfferot an d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Käerjeng invitéieren op eng Wanderung mam Fierschter queesch duerch de Bësch (ca. 2 Stonnen) Och Hënn si wëllkomm!

🌭Géint 16 Auer komme mir beim Schobrishaus
(op der Vëlospiste tëscht Kéinzig a Grass) un wou et Eppes
„vum Bësch op den Dësch“ gëtt.⤵️

🗓️Samschdeg, de 6. Juni 2026
📍Agang vu Grass (vu Kéinzig aus op der rietser Säit)
⏰14:00 Auer

Umeldung bis den 31. Mee
Mail: [email protected]
Telefon: 500 552 326

21/05/2026

📣Am Kader vun der Ovatioun vum Michel WOLTER (Buergermeeschter 2010-2026) an der Iwwerreechung vum Titel „Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Käerjeng“, de Film

🎬 « Michel Wolter – E Mandat am Déngscht vun der Gemeng Käerjeng » gewisen. E grousse Merci un den Alain Bianco fir d'Realisatioun vum Film an déi super Zesummenaarbecht

Photos from Gemeng Käerjeng's post 20/05/2026

📣Haut de Mëtteg war d'Vereedegung vun der neier Buergermeeschtesch, Nadine BRACONNIER duerch den Innenminister Léon GLODEN a Präsenz vum ganze Schäfferot📸⬇️

Photos from Gemeng Käerjeng's post 20/05/2026

📣Ovatioun Michel WOLTER (Buergermeeschter 2010-2026)

📸Foto Réckbléck op e besonneschen Owend voller Emotiounen, Erënnerungen a Mercien🥳
De Programm vum Owend gouf agelaut mat engem musikaleschen Intro vun den 3 Harmonien aus der Gemeng:
🎼 Harmonie Municipale Bascharage
🎼 Harmonie Kéinzig
🎼 Harmonie Uewerkäerjeng
Duerno huet de Frank Pirrotte, Buergermeeschter ff, d’Invitéen häerzlechst begréisst, éier de Schäfferot dem Michel Wolter d’Urkund vum „Éierebuergermeeschter“ iwwerreecht huet.

No der Ofschlossried vum Michel Wolter, huet d’Blues- an Jazz Combo vun der d’Feierlechkeet musikalesch ausklénge gelooss.

Photos from Gemeng Käerjeng's post 13/05/2026

📣Zanter haut kënnen nees all d‘Spiller 🛝🎪 op der 📍Spillplaz op der Gare zu Kéinzeg vun de Kanner benotzt ginn 😃. Bedéngt duerch technesch Problemer, huet déi nei Fräschebuerg 🐸🏰 leider misse méi laang zoubleiwen ewéi geplangt.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Bascharage ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


29, Rue De La Résistance
Bascharage
L-4942