03/06/2026
🇱🇺
👉 Hutt Dir eise Selbsttest zur Mediennutzung scho gemaach?
Einfach ausprobéieren, kuerz reflektéieren an den eegene Gebrauch vum Smartphone besser verstoen.
🇫🇷
👉 Vous avez déjà fait notre auto-test sur l’utilisation des médias ?
Essayez-le simplement, prenez un moment pour réfléchir et mieux comprendre votre utilisation du smartphone.
🇬🇧
👉 Have you already taken our self-test on media usage?
Just try it, take a moment to reflect, and better understand your own smartphone use.
Self-test:
https://forms.office.com/e/EnzZ4Fvqkb
🇱🇺
Haut proposéiere mir Iech am Kader vun eiser Campagne ee klenge Selbsttest ze maache fir Ären eegene Gebrauch vum Smartphone eemol kënnen ze reflektéieren.
Klickt einfach op de Link, beäntwert d’Froen a notéiert Är Punkten – d’Opléisung kritt dir dann zum Schluss 😊
🇫🇷
Dans le cadre de notre campagne, nous vous proposons aujourd’hui de réaliser un petit test personnel afin de réfléchir à votre propre utilisation du smartphone.
Cliquez sur le lien, répndez aux questions et notez vos points – la solution vous sera révélée à la fin 😊
🇬🇧
Today, as part of our campaign, we invite you to take a short self-test to reflect your own smartphone usage.
Simply click on the link, answer the various questions, and write down your score – the solution will be revealed at the end 😊
ℹ️ Méi Informatiounen / Plus d'Informations / More informations:
https://www.cnapa.lu/de/blog/uebersichtartikel
Oeuvre Nationale Eltereschoul Janusz Korczak Initiativ Liewensufank Kannerschlass
01/06/2026
🎈 Laachgas gëtt ëmmer méi dacks als Partydrog thematiséiert. Mee wat sinn d'Risiken? A wéi verbreet ass de Konsum zu Lëtzebuerg?
An engem rezente Bäitrag vun radio 100,7 gouf ënner anerem eng Fachberoderin vum CNAPA zu dësem Thema interviewt. Am Interview geet et ëm d'Wierkung vu Laachgas, méiglech gesondheetlech Konsequenzen an d'Wichtegkeet vun enger sachlecher Opklärung.
👉 De komplette Bäitrag fannt Dir hei:
https://100komma7.lu/news/Partydrog-Laachgas-Wat-sinn-d-Suitten-a-wei-vill-gett-hei-am-Land-konsumeiert
Partydrog Laachgas: Wat sinn d'Suiten a wéi vill gëtt zu Lëtzebuerg konsuméiert?
Laachgas gëllt an eisen Nopeschlänner scho méi laang als beléifte Partydrog. Aus klengen oder grousse Cartouche gëtt dee Laachgas inhaléiert, virun allem vu Jonken. An de Phenomen gëtt et och zu Lëtzebuerg.
29/05/2026
🧠 Gesond opwuessen – Resilienzfërderung a Suchtpreventioun
📌 am Kader vum Projet Gesond Gemeng
Dës Konferenz riicht sech un d’Allgemengheet souwéi u fachlech interesséiert Persounen. D’Gemeng Miersch setzt domat e kloert Zeeche fir d’Fërderung vun der Gesondheet op kommunalem Niveau. Et ass den Optakt-Event vun enger Serie vu Reuniounen, bei deene Bierger*innen an institutionell wéi och zivilgesellschaftlech Acteuren eng wichteg Roll spillen.
De Virtrag geet der Fro no, wéi Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung gestäerkt a viru riskantem Verhale geschützt kënne ginn. Nieft wëssenschaftleche Grondlage ginn och praktesch Usätz virgestallt, déi d’psychesch Widderstandsfäegkeet (Resilienz) fërderen an domat e wichtege Bäitrag zur Suchtpreventioun leeschten. Et gëtt gewisen, wéi kierperlecht a geeschtegt Wuelbefannen zesummespillen a wéi de soziale Kontext dobäi eng zentral Roll spillt.
Duerno gëtt et d’Méiglechkeet zum Austausch. Gestalt d’Zukunft vun enger gesonder Gemeng aktiv mat!
📢 Infoveranstaltung
👥 organiséiert vun der Gemeng Miersch
📅 10. Juni 2026
🕢 19:30 – 21:00 Uhr
📍 Hal Irbicht, Biereng
🗣️ Sprooch: Lëtzebuergesch 😊 (Bildschiermpresentatioun op Däitsch)
✨ Mir freeën eis op äre Besuch! 😊
29/05/2026
Den 18. Mee hate mir d’Geleeënheet, un enger Table Ronde zum Thema mental Gesondheet an der EPMC - École Privée Marie Consolatrice deelzehuelen.
D’Evenement gouf vun de Schülerinnen zesumme mat hirer Psychologiesproff organiséiert an huet Raum fir en oppenen an interessanten Austausch ronderëm d’Thema Mental Health gebueden.
E grousse Merci fir d’Invitatioun an déi flott Organisatioun – mir hunn eis gefreet, dobäi ze sinn.
28/05/2026
🇱🇺
👶📵 Äre Puppelche brauch virun allem Iech – net den Ecran.
Déi éischt dräi Liewensjoren si besonnesch wichteg fir d’Entwécklung vum Gehier. Fuerschunge weisen, datt vill a laang Bildschirmzäit bei klenge Kanner d’Sprooch, d’Emotiounen, de Schlof an d’Bezéiung zu den Elteren negativ beaflosse kann.
An dësem Artikel, deen op den internationalen Alerts vun GAINING (Awareness Alerts – MyBabyGains created by GAINING) baséiert, fannt Dir einfach Erklärungen, praktesch Tipps a Recommandatioune fir Kanner vun 0 bis 3 Joer.
💡 Dës Aktioun ass Deel vun eiser Campagne „Kannerae liichten Offline méi hell“
👉 Liest de ganzen Artikel hei: https://www.cnapa.lu/de/blog/awareness-alert-2026
🇫🇷
👶📵Votre bébé a avant tout besoin de vous, pas d'un écran.
Les trois premières années de la vie sont particulièrement importantes pour le développement du cerveau. Des études montrent qu’une exposition prolongée aux écrans chez les jeunes enfants peut avoir des effets négatifs sur le langage, les émotions, le sommeil et la relation avec leurs parents.
Dans cet article, qui s’appuie sur les alertes internationales de GAINING (Awareness Alerts – MyBabyGains créées par GAINING), vous trouverez des explications simples, des conseils pratiques et des recommandations pour les enfants âgés de 0 à 3 ans.
💡 Cette initiative s'inscrit dans le cadre de notre campagne «Les yeux d'enfants brillent plus fort hors connexion»
👉 Lisez l'article complet ici : https://www.cnapa.lu/fr/blog/awareness-alert-2026
🇬🇧
👶📵 Your baby needs you above all – not the screen.
The first three years of life are particularly important for brain development. Studies show that excessive screen time in early childhood can have negative effects on language, emotions, sleep and the child’s relationship with their parents.
In this article, which is based on GAINING’s international Awareness Alerts (MyBabyGains created by GAINING), you will find simple explanations, practical advice and recommendations for children aged 0 to 3 years.
💡 This action is part of our campaign: "Children's eyes shine brightest offline"
👉 Read the full article here: https://www.cnapa.lu/en/blog/awareness-alert-2026
Awareness Alert 2026 | cnapa
Wichtige Informationen über Ihr Baby (0-3 Jahre)
22/05/2026
📅 08.06. | 14:30–16:00
Alkohol gehéiert fir vill Leit zum Alldag dozou. Gläichzäiteg halen sech vill Mythen an Hallefwourechten ronderëm de Konsum, wärend wëssenschaftlech Fakten dacks ze kuerz kommen.
Bei dëser Konferenz kritt Dir en informativen Abléck an d’Thema Alkohol an seng Auswierkungen op Gesondheet a Wuelbefannen.
👉 Wéi wierkt Alkohol op Kierper a Psyche?
👉 Wéi eng gesondheetlech a sozial Konsequenze ka reegelméissege Konsum hunn?
👉 A wéi kann ee bewosst a verantwortungsvoll domat ëmgoen?
Kommt laanscht a diskutéiert den 08.06. mat eis. 🍷🧠
Méi Informatiounen & Umeldung:
https://www.vdl.lu/en/whats-on/faktencheck-alkohol
📍 Cercle Cité – Auditorium Cité
Rue Genistre
L-1623 Luxembourg
13/05/2026
🇱🇺
🎪 KANNERFESTIVAL 2026 – MINI-KONFERENZ FIR ELTEREN A KANNER 👨👩👧👦✨
Den 30. Mee si mir um Kannerfestival mat enger Mini-Konferenz dobäi:
📍 PROGRAMME STAND 24 (TIPI / TEPEE) - ABTEI NEIMËNSTER
⏰ 11:00 – 11:30
🧸 Fir Elteren a Kanner vun 0 bis 5 Joer
„KANNERAE LIICHTEN OFFLINE MÉI HELL – KLENG MOMENTER, GROUSS WIERKUNG“
D’Bildschiermer sinn net méi aus eisem Alldag ewech ze denken. An dësem kuerze Workshop entdecke mir zesummen, wéi wäertvoll scho kleng gemeinsam Aktivitéiten, mat wéineg oder ganz ouni Ecran, kënne sinn.
📚🎲 Mat Bicher, Beweegung a klengen interaktive Momenter schwätze mir och doriwwer, wéi Medien d’Entwécklung vu Kanner beaflosse kënnen.
💛 Kommt gär laanscht – mir freeën eis op iech! ✨
🇫🇷
🎪 FESTIVAL DE L’ENFANCE 2026 – MINI-CONFÉRENCE POUR PARENTS ET ENFANTS 👨👩👧👦✨
Le 30 mai, nous serons présents au Kannerfestival avec une mini-conférence :
📍 PROGRAMME STAND 24 (TIPI / TEPEE) - ABBAYE DE NEUMÜNSTER
⏰ 11h00 – 11h30
🧸 Pour les parents et les enfants de 0 à 5 ans
« KANNERAE LIICHTEN OFFLINE MÉI HELL – PETITS MOMENTS, GRAND IMPACT »
Les écrans font aujourd’hui partie de notre quotidien. Lors de ce court atelier, nous découvrirons ensemble à quel point de petites activités partagées, avec peu ou sans écran, peuvent être précieuses.📚🎲
À travers des livres, du mouvement et de petits moments interactifs, nous parlerons également de l’impact des médias sur le développement des enfants.💛
N’hésitez pas à venir nous rejoindre – nous nous réjouissons de vous accueillir ! ✨
🇬🇧
🎪 CHILDREN’S FESTIVAL 2026 – MINI CONFERENCE FOR PARENTS AND CHILDREN 👨👩👧👦✨
On May 30, we will take part in the Children’s Festival with a mini conference:
📍 PROGRAMME STAND 24 (TIPI / TEPEE) - NEUMÜNSTER ABBEY
⏰ 11:00 – 11:30
🧸 For parents and children aged 0 to 5
“KANNERAE LIICHTEN OFFLINE MÉI HELL – SMALL MOMENTS, BIG IMPACT”
Screens have become part of our everyday lives. During this short workshop, we will explore together how valuable small shared activities with little or no screen time can be. 📚🎲
Through books, movement and small interactive moments, we will also talk about the impact media can have on children’s development. 💛
Feel free to stop by – we look forward to seeing you! ✨
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse Oeuvre Nationale Initiativ Liewensufank Kannerschlass Eltereschoul Janusz Korczak
13/05/2026
📅 SAVE THE DATE
🧠 Semaines du Bien-Être Mental
📍 05. – 26.10.2026
D’Gemengen Nidderaanwen, Jonglënster a Betzder organiséieren zesummen d’„Semaines du Bien-Être Mental“.
Den CNAPA ënnerstëtzt d’Gemenge bei der Ausaarbechtung vum Programm a bitt am Kader vun dëse Wochen ënner anerem 4 verschidde PSSM-Coursen un (Premiers secours en santé mentale).
Weider Informatiounen zum Programm kommen an deenen nächste Wochen – halt Iech de Zäitraum awer elo scho fräi! 💙