02/06/2026
🚒 CIS Rambrouch op der Nuit du Sport 🏃🏻♂️
🤩 Komm bis laanscht op de Site vun der Schoul zu Kietscht an test deng Fitness am "Sportstest" vun de Pompjeeën.
Bei eis kanns de Leedere roppklammen, deng Kraaft, deng Schnellegkeet an deng Ausdauer ënner Beweis stellen. 💪🏼
❓Natierlech sti mir Iech och Ried an Äntweren op Är Froen ronderem d'Pompjeeswiesen ❗️
Mir freeën eis op Äre Besuch, den 6. Juni op der Nuit du Sport vun der Commune de Rambrouch. 🏅
ℹ️ De ganze Programm fann Dir op https://www.nuitdusport.lu/fr/programme/rambrouch
31/05/2026
🚒 Virun enger Woch waren eis Jugendpompjeeën op Lëlz op der Base Nautique beim Groupe de Sauvetage Aquatique (GSAQ). 🌊
Do kruten eis Jugendpompjeeën Äntwerten op hir vill Froen, konnten ee klengen Tour mam Boot maachen an hunn d’Ausrüstung an d’Aarbecht vum GSAQ méi genee kennegeléiert. 🚤
Ee risegrousse Merci un d’Equipe vum GSAQ fir de flotten Empfang, d’Zäit déi si sech geholl hunn an déi interessant Erklärungen! 🤩👏
22/05/2026
🆘Wisou läit deen Hittchen do⁉️
Elo bei deem gudden Wieder gesäit een se erëm méi oft dorëmmer: EMGEFALEN HITTERCHER.
Loosst déi weg. esou do léien, an riicht se op keen Fall op an huelt se net ewech. Déi weisen den follgenden Rettungsdéngschter den Wee op d'Asazplatz.
04/05/2026
[4th of May - ]
🚒👩🏻🚒 Haut um internationalen Dag vun de Pompjeeën soen mir alle Pompjeeë Merci fir hiren dagdeeglechen Asaz. Merci fir äert Engagement bei eis am CIS Rammerech. Merci all eise Pompjeeë fir hier Zäit, déi si an den Déngscht vum Bierger stellen. 👨🏻🚒🚑
Merci, dass dir do sidd a d'Fonctionéiere vun eisem CIS assuréiert 💪🏼
28/04/2026
🚒 Übung zu Pärel 🚑
Haut den Owend si mir zu Pärel ënnerwee fir eng gréisser Asazübung duerchzeféieren.
👉 Dir kënnt also am Laf vum Owend e bëssen méi Aktivitéit am Duerf gesinn.
👉 Keng Suerg: Et handelt sech nëmmen ëm eng Übung 🔥
Sou Übunge si wichteg, fir am Eeschtfall séier, sécher an effizient kënnen ze reagéieren 💪
01/04/2026
🔥 Nei Perspektiven fir eisen HLF! 🚑
An Zukunft kéint eisen HLF esou ëmgebaut ginn, dass mir direkt ee Patient kënne mam Pompjeescamion mat huelen – also eng nach méi flexibel Asazméiglechkeet fir eis Equipp 💪🏼
Dat bedeit zwar, dass d’Pompel an deem Beräich misst Plaz maachen… mee wann ee realistesch kuckt, hunn d’Bränn an eiser Géigend däitlech ofgeholl 📉
👉 Dofir wëlle mir eis Gefierer nach besser un déi reell Asazsituatiounen upassen – méi flexibel, méi no um Patient, méi effizient.
31/03/2026
🐷 Um Sonndig war an der Gemeng Rammerich nees den traditionelle an och mir waren mat 2 Equipes mobiles um Maart ennerwee. 🚑
22/03/2026
🏊♂️ CIS Rammerich op der nationaler Schwammmeeschterschaft! 🇱🇺
Den CIS Rammerich huet haut un der nationaler Schwammmeeschterschaft vun der Fédération des Pompiers du Luxembourg deelgeholl. 💥
🏅 Eis Medaillebilanz:
• 🥇 Samira
• 🥇 Sascha
• 🥇 Jessie
• 🥈 Lenny
• 🥉 Pol
• 🥉 Yves
👏 An och an der Staffel hu mir eng super Leeschtung gewisen an eis déi 2. Plaz geséchert!
🙏 E grousse Merci un all eis Schwëmmer fir hiren Asaz an déi flott Ambiance – et war e richteg schéinen Nomëtteg zu Dikrich an der Schwämm!