26/05/2026
Mir organiséieren de Samschdeg, 27.6. eng Chambervisitt mam Carole.
Wann dir wëllt drun deelhuelen, da mellt iech per E-Mail op [email protected].
Deelt eis dee Moment och mat ob Dir wëllt duerno mat iesse goen. D‘Iessen bezillt jidderee selwer.
❗️Délai fir séch unzemellen: 15.06.26
Mir freeën eis op Iech 💙
05/05/2026
E groussen Deel vun eisem Comité war um Ostkongress vun der DP - Demokratesch Partei .
Eng staark Equip fir den östlechsten Deel vum Land, Rouspert-Mompech.
Eng staark Equip fir iech 💪💙
DP-Osten
04/05/2026
Och mir waren um Ostkongress vun der DP vertrueden a stellen mat 2 Memberen, dem Jos Schoellen an dem Sam Serres am Comité régional nees eis Ënnerstëtzung zur Verfügung 💪 💙
DP - Demokratesch Partei DP-Osten
04/04/2026
Eis Sektioun war och dest Joer um traditionellen Ouschterpatt vun der DP-Osten vertrueden 🥂
Mir wënschen iech all e schéint a friddlëcht Ouschterfest 💙
DP - Demokratesch Partei
04/02/2026
Gëschter Owend hu mir op eis Generalversammung an de Kulturhaff Millermoler op Hénkel invitéiert. Et war e flotten Owend, wou mir vill Kollegen konnten empfänken.
Deels aus de Nopeschsektiounen vun der DP Mäertert-Waasserbëlleg, der DP Schwaarz Iernz wéi och vun der Demokratesch Partei Eechternoach.
Desweidere si mir frou eise Fraktiounspresident, Gilles Baum an eis Parteipresidentin, Carole Hartmann konnten ze begréissen.💙
Et war ee jovialen, kollegialen Austausch an den Owend ass bei engem gudde Maufel an engem Patt ausklénge gelooss ginn.
10/01/2026
Eng gutt Atmosphär beim 1. Neijooschpatt vun der DP Rouspert-Mompech bei Ramborn Cider Haff
Villmools Merci jidderengem fir e flotte, joviale Moment um fréie Samschdegowend. A répéter 😁
Merci de Kollegen vun der DP Schwaarz Iernz an Demokratesch Partei Eechternoach fir de Besuch!
07/01/2026
Och eis Sektioun war gëschter um Neijoschpatt vun der DP - Demokratesch Partei.
Et war wuel flott 🥂
22/12/2025
DP Sektioun Rouspert-Mompech wënscht iech all schéi Feierdeeg 🎄, eng gerousam Zäit an e gudde Rutsch. 🍀
Bleift gesond - da kann 2026 kommen 💙