Itinéraire Site Web

CSV

D'Vollekspartei vun der sozialer Mëtt.

04/11/2026

👉 Dir frot
📱 Mir äntweren

🙌 Dës Kéier mam Charel Weiler zum Thema "Jugend am ländleche Raum"

Dir hutt och eng Fro un eis Politikerinnen a Politiker? Da schreiwt eis hei drënner ⤵️

🤖De Mënsch an d'KI - een Owend iwwert kënschtlech Intelligenz an d'"Magnifica humanitas" vum Poopst Leo XIV.🎤Zesumme mam...
03/11/2026

🤖De Mënsch an d'KI - een Owend iwwert kënschtlech Intelligenz an d'"Magnifica humanitas" vum Poopst Leo XIV.

🎤Zesumme mam Dr. Marco Schrage hate mir e spannenden Owend zu Nidderfeelen.

📸Alleguer d'Fotoen fannt Dir elo op: 204900353@N02/albums/72177720336396868" rel="ugc" target="_blank">https://www.flickr.com/photos/204900353@N02/albums/72177720336396868

02/11/2026

⚡️Mam Klimabonus Mobilitéit hëllefe mir de Leit net nëmme finanziell, mir spueren hinnen och administrativ Hürden!

🚗 Duerch de Klimabonus Mobilitéit verlängere mir net nëmmen eis Hëllefen, mä erweideren se och nach aus, nämlech op Occasionsautoen.

💶 Zousätzlech dozou kënnt de Prefinanzement, mat dem d'Subsiden net méi musse vorgestreckt ginn, an esou Leit direkt am Portemonni ënnerstëtzt.

💬"Eng finanziell Hëllef muss net nëmmen um Pabeier existéieren. Si muss och am richtege Moment bei de Leit ukommen. Dofir begréisse mir dës Neierung." esou de Paul Galles

02/11/2026

🤖 Kënschtlech Intelligenz (KI) ass scho laang an eisem Alldag ukomm. Si verännert, wéi mir schaffen, léieren, kommunizéieren an Entscheedungen treffen.

🇱🇺 Als éischt Partei zu Lëtzebuerg wëlle mir eis explizitt zu dësen Zukunftsfroe positionéieren. Mat der Konferenzserie „Mënsch & KI – Wat kënnt op eis duer?“ wëlle mir d’Thema zesumme mat Experten, der Politik a mat iech beliichten a verständlech erklären.

🙌 Zu Nidderfeelen hu mir eis gefrot: "Wéi mir d’Mënschlechkeet an Zäite vu KI erhalen a stäerken."

🎤 Bei vollem Haus huet den Dr. Marco Schrage, Gaaschtprofesser un der Accademia
Alfonsiana zu Roum, eis erkläert wat an der "Magnifica humanitas“ vum Poopst Leo XIV iwwert genee dës Fro steet.

📸 Alleguer d'Fotoen fannt dir hei: https://f.mtr.cool/6vor377mfr

01/11/2026

🎉Déi nei Steierklass kënnt an entlaascht jiddereen!

👨‍💻Dir wëllt wëssen wéivill Dir ab 2028 méi ze gutt hutt? Da notzt eise Rechner op steieren.csv.lu

Haut denke mir un déi Mënschen, déi net méi bei eis sinn, déi awer ëmmer eng Plaz an eisen Häerzer behalen.Allerhellegen...
01/11/2026

Haut denke mir un déi Mënschen, déi net méi bei eis sinn, déi awer ëmmer eng Plaz an eisen Häerzer behalen.

Allerhellegen ass en Dag fir sech ze erënneren an dankbar ze sinn. Fir déi gemeinsam Momenter. Dei schéin Erënnerungen an all dat, wat eis Léifsten eis mat op de Wee ginn hunn.

Well d’Erënnerung un e Mënsch bleift, och wann hien net méi bei eis ass.

31/10/2026

🎉2028 kritt Lëtzebuerg eng nei, eenheetlech Steierklass

🙌Si heescht Steierklass „U“ an mecht de Steiersystem méi einfach a méi gerecht

👫Am neie System gëllen déi selwecht Steierreegele fir jiddwereen: Egal obs du eleng, bestuet oder gepacst bass.

❓Wat bréngt d'Reform konkret?

👉Méi Kafkraaft a méi Entlaaschtung fir Leit
👉Méi Stabilitéit a Planungssécherheet
👉Méi steierlech Ënnerstëtzung fir Familljen a Kanner
👉Méi Gerechtegkeet tëscht de verschiddene Familljemodeller

👨‍💻Du wëlls wëssen wéivill dass du ab 2028 profitéiers? Da notz eise Rechner op steieren.csv.lu

💶⚡ MÉI NETTO VUM BRUTTO. ENERGIEHËLLEFE VERLÄNGERT.Dës Woch stoung d'Kafkraaft am Mëttelpunkt. Mat der Steierreform 2028...
31/10/2026

💶⚡ MÉI NETTO VUM BRUTTO. ENERGIEHËLLEFE VERLÄNGERT.

Dës Woch stoung d'Kafkraaft am Mëttelpunkt. Mat der Steierreform 2028 an engem neien Tripartite-Accord ginn et manner Steieren a weider Ënnerstëtzung bei den Energiekäschten.

💶 Eng Steierklass fir jiddereen ab 2028

Déi nei Steierklass U soll eise Steiersystem méi einfach a méi gerecht maachen. Fir vill Leit bedeit dat manner Steieren a méi Netto vum Brutto.

➡️ Eng eenheetlech Steierklass, onofhängeg vum Familljestand.

➡️ 25 Joer Iwwergangszäit fir Leit an der Steierklass 2.

➡️ Méi steierlech Entlaaschtung fir Elengerzéiend.

➡️ Zousätzlech Ënnerstëtzung fir Famillje mat Kanner ënner dräi Joer.

⚡ Energiehëllefe ginn 2027 verlängert

Och bei den Energiepräisser ginn d'Leit weider entlaascht:

✅ 4 Cent pro kWh beim Stroum bis Enn 2027.

✅ 15 Cent pro m³ beim Gas bis Enn 2027.

✅ 15 Cent pro Liter beim Mazout bis Enn 2027.

✅ 5 Cent pro Liter beim Bensin an Diesel bis Enn Februar 2027.

✅ Den Indexmechanismus bleift integral erhalen.

Eis Linn ass kloer: Méi Netto vum Brutto, d'Kafkraaft schützen an de Familljen am Alldag konkret hëllefen.

Méi Informatiounen an éisem Wocheréckbléck op https://csv.lu

💬 "Mir wëllen d’Inflatioun bremsen, d’Kafkraaft erhalen an eis Wirtschaft schützen. Dofir ginn d’Mesurë géint déi héich ...
30/10/2026

💬 "Mir wëllen d’Inflatioun bremsen, d’Kafkraaft erhalen an eis Wirtschaft schützen. Dofir ginn d’Mesurë géint déi héich Energiepräisser verlängert, ouni d’Versuergungssecherheet an d’Klimaziler aus den Aen ze verléieren", esou de Premierminister Luc Frieden .

➡️ Konkret heescht dat:

⛽️ D'Verlängerung vum Tankrabatt um Diesel a Bensinn op der Pompel gëtt bis Februar 2027

⚡️ D'Verlängerung vun Hëllefen op Stroum, Masutt a Gas bis Enn 2027

🎉D’Regierung ronderëm de Premierminister Luc Frieden huet zesumme mat de Sozialpartner an den Tripartite-Verhandlungen e...
29/10/2026

🎉D’Regierung ronderëm de Premierminister Luc Frieden huet zesumme mat de Sozialpartner an den Tripartite-Verhandlungen een Accord fonnt.

🇱🇺Dësen Accord ass ganz am Sënn vun de Leit, de Betriber an dem ganze Land a bedeit:

D’Verlängerung vum Tankrabatt bis Mäerz 2027 ☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Stroumpräis bis Enn 2027☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Masuttpräis bis Enn 2027☑️

D’Verlängerung vun den Hëllefen beim Gaspräis bis Enn 2027☑️

ℹ️Méi Informatioune zum Accord fannt dir hei:https://gouvernement.lu/dam-assets/images-documents/actualites/2026/10-octobre/29-suivi-tripartite/docs/20261030-suivitripartite-illustrations-resilienzpak.pdf

Adresse

4, Rue De L'Eau
Luxembourg
1449

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mardi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Mercredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Jeudi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00
Vendredi 09:00 - 12:00
14:00 - 17:00

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSV publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité