CSV Bartreng

Itinéraire Site Web

CSV Bartreng Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de CSV Bartreng, Parti politique, Bertrange.

Léif Memberen vun der CSV Bartreng,Vun eiser Fraktioun fannt Dir zum leschte Gemengerot (23. Oktober 2026) ee Resumee op...
27/10/2026

Léif Memberen vun der CSV Bartreng,
Vun eiser Fraktioun fannt Dir zum leschte Gemengerot (23. Oktober 2026) ee Resumee op dësem Link:
https://bartreng.csv.lu/gemengerot-vum-23-oktober-2026/
E ganz wichtege Sujet war de PARKING RESIDENTIEL!
DE: Wenn Sie wissen möchten, was unsere Fraktion zum letzten Gemeinderat (23. Oktober 2026) zu sagen hat, dann folgen Sie dem angefügten Link.
FR: Si vous souhaitez savoir ce que notre groupe politique a à dire au sujet du dernier conseil communal (23 octobre 2026), veuillez suivre ce lien ci-dessus.
EN: If you would like to know what our parliamentary group has to say about the latest municipal council meeting (23 October 2026), please follow this link.
Vu muar Méindeg un, kënnt Dir d'Sitzung och am Stream nolauschteren
DE: Ab morgen Montag können Sie die Sitzung auch im Livestream mitverfolgen.
FR : À partir de demain, lundi, vous pourrez également suivre la séance en direct via le streaming.
EN: Starting tomorrow, Monday, you can also listen to the session via the livestream.
: Réunions du Conseil Communal - YouTube, https://www.youtube.com/playlist?list=PLgZyV4urTY2uhC8VLyMS5GMSak2hGBQiA
A very important topic was RESIDENTIAL PARKING!

Share your videos with friends, family, and the world

Dëst Joer verkafe mir erëm Quetschekraut – an dat de 17. Oktober am Kader vum Télévie vun 9.00 bis 11.00 Auer virun der ...
14/10/2026

Dëst Joer verkafe mir erëm Quetschekraut – an dat de 17. Oktober am Kader vum Télévie vun 9.00 bis 11.00 Auer virun der Schauwenburg.
Am Laf vun deem Moie kommen dräi Gäscht bei äis laanscht, fir äis nozelauschteren a mat äis ze diskutéieren:
- Maurice Bauer, Deputéierten, Scheffen an der Stad a President vun der CSV Zentrum,
- Martine Gruber, Co-Presidentin vun der CSV Zentrum,
- Laurent Braun, Conseiller vu Stroossen an CSJ Generalsekretär
Dir sidd häerzlech invitéiert, dëse 17. Oktober bei eise Stand ze kommen.
Dir hutt och d‘Méiglechkeet, per email un [email protected] Quetschekraut ze reservéieren: 9 Euro / Glas
Bezuelen kënnt Dir beim Ofhuele vun de Glieser um Stand oder op eise Kont
CSV BERTRANGE : LU93 1111 2366 2239 0000

Léif Membere a frenn vun der Bartrenger CSV,Info op Lëtzebuergesch, en Français and in EnglishLU:  An der Annexe kritt D...
09/10/2026

Léif Membere a frenn vun der Bartrenger CSV,
Info op Lëtzebuergesch, en Français and in English
LU: An der Annexe kritt Dir elo schonn de PDF vun eisem neien „Op de Punkt“, deen a gedréckter Form eréischt méi spéit fir all Stot verdeelt gëtt.
Dëst Joer verkafe mir erëm Quetschekraut – an dat de 17. Oktober am Kader vum Télévie vun 9.00 bis 11.00 Auer virun der Schauwenburg.
Am Laf vun deem Moie kommen dräi Gäscht bei äis laanscht, fir äis nozelauschteren a mat äis ze diskutéieren:
- Maurice Bauer, Deputéierten, Scheffen an der Stad a President vun der CSV Zentrum,
- Martine Gruber, Co-Presidentin vun der CSV Zentrum,
- Laurent Braun, Conseiller vu Stroossen an CSJ Generalsekretär
Dir sidd häerzlech invitéiert, dëse 17. Oktober bei eise Stand ze kommen.
Dir hutt och d‘Méiglechkeet, per email reply Quetschekraut ze reservéieren: 9 Euro / Glas
Bezuelen kënnt Dir beim Ofhuele vun de Glieser um Stand oder op eise Kont
CSV BERTRANGE : LU93 1111 2366 2239 0000

FR: Chers membres de la CSV de Bertrange,
Veuillez trouver en annexe, dès à présent, le PDF de notre nouveau bulletin « Op de Punkt », qui ne sera distribué sous forme imprimée à tous les ménages que plus t**d.
Cette année, nous vendons de nouveau de la confiture de quetsches (Quetschekraut), et ce le 17 octobre, dans le cadre du Télévie, de 9h00 à 11h00, devant la Schauwenburg.
Au cours de cette matinée, trois invités viendront nous rendre visite afin de nous écouter et de discuter avec nous :
• Maurice Bauer, député, échevin de la Ville de Luxembourg et président de la CSV Centre ;
• Martine Gruber, coprésidente de la CSV Centre ;
• Laurent Braun, conseiller communal de Strassen et secrétaire général de la CSJ.
Vous êtes cordialement invités à venir nous rendre visite à notre stand le 17 octobre.
Vous avez également la possibilité de réserver de la confiture de quetsches en répondant à cet e-mail :
9 euros le pot.
Vous pourrez régler lors du retrait des pots à notre stand ou par virement sur notre compte :
CSV BERTRANGE : LU93 1111 2366 2239 0000

EN: Dear members of CSV Bertrange,
Attached you will already find the PDF version of our new “Op de Punkt”, which will only be distributed later in printed form to all households.
This year, we are once again selling plum butter (Quetschekraut) on October 17, as part of the Télévie campaign, from 9:00 a.m. to 11:00 a.m. in front of the Schauwenburg.
During the morning, three guests will stop by to listen to us and discuss various topics with us:
• Maurice Bauer, Member of Parliament, Alderman of Luxembourg City, and President of CSV Centre;
• Martine Gruber, Co-President of CSV Centre;
• Laurent Braun, Municipal Councillor of Strassen and Secretary General of the CSJ.
You are warmly invited to visit our stand on October 17.
You also have the opportunity to reserve plum butter by replying to this email:
€9 per jar
Payment can be made when you collect your jars at our stand or by bank transfer to our account:
CSV BERTRANGE: LU93 1111 2366 2239 0000.

Save the date :)
01/10/2026

Save the date :)

D’Marie-Paule Schroeder stellt sech vir – se présente – introduces herself23. September 2026https://bartreng.csv.lu/dmar...
24/09/2026

D’Marie-Paule Schroeder stellt sech vir – se présente – introduces herself
23. September 2026
https://bartreng.csv.lu/dmarie-paul-schroeder-stellt-sech-vir/
D’Marie-Paule Schroeder huet haut, den 23. September 2026, fir déi éischte Kéier un enger Gemengerotssitzung deelgeholl an huet sech virgestalt.

DE: Die Übersetzungen finden Sie unten. FR: Veuillez trouver les traductions en bas. EN: Please find the translation below!

LU: Merci dem Buergermeeschter fir d’Wuert. Ech stelle mech vir.

Ech sinn d’Marie-Paule Schroeder, hu 60 Joer a si säit ronn 5 Méint an der Pensioun. Ech sinn als eelst vu 4 Geschwëster zu Bartreng opgewuess, wou meng Elteren e Bauerebetrib haten an Oppert – an der Rue des Champs.

Ech sinn och hei zu Bartreng an d’Spillschoul an an d’Primärschoul gaangen an duerno an de Lycée Michel Rodange, wou ech meng Schoulzäit op enger Première D ofgeschloss hunn.

Mäi Wee huet mech doropshin direkt an d’Beruffswelt geféiert an ech hunn ugefaangen, op der Banque Générale ze schaffen. Well ech ëmmer gäre Kontakt mat Leit hat, konnt ech mir keng administrativ Aarbecht virstellen an hu mech bei mengem Patron dann och ëmmer op Plaze gemellt a Fonctiounen iwwerholl, wou ech direkte Kontakt mam Client hat. Ech war méi wéi 20 Joer op der Agence zu Mamer, déi 10 lescht Joren als Gérante-Adjointe.

Duerno huet dee beruffleche Wee mech op Jonglënster geféiert, wou ech wärend 6 Joer d’Agence mat enger Equipe vu 6 Leit geféiert hunn.

Mat der Zäit huet et sech erginn, datt ech ëmmer méi mat professionelle Clientë geschafft hunn: Geschäftsleit, Handwierker, kleng a mëttelstänneg Betriber aus alle Sparten. 2015 hunn ech dunn d’Responsabilitéit vum Centre d’Affaires Entreprises – Westen iwwerholl, dee säi Sëtz zu Stroossen hat, ier ech 2021 op de Kierchbierg gaange sinn, fir do de Centre d’Affaires Entreprises Lëtzebuerg ze iwwerhuelen. Säit Abrëll vun dësem Joer hunn ech elo meng Pensioun.

Zousätzlech zu menge berufflechen Aktivitéiten hunn ech e gudden Ausgläich fonnt a menge verschiddenen Hobbyen:

Ech schaffe leidenschaftlech gären am Gaart, zillen Uebst a Geméis a ka mech un der schéiner Natur erfreeën, esouwuel am Gaart wéi och beim Spadséieren a Wanderen iwwer d’Gewan oder an der Vakanz.

En aneren Hobby vu mir ass d’Sangen am Chouer: Ech si säit méi wéi 40 Joer Member an der Bartrenger Chorale Ste Cécile an do och säit 2004 Presidentin vum Veräin. Och hei ass et, nieft dem gemeinsame Sangen a Prouwen, de Kontakt mat den zum Deel ganz verschiddene Leit mat verschiddenen Originnen an Nationalitéiten, dee mir Freed mécht a mech beräichert.

Dann sinn ech och aktiv bei de Bartrenger Oeuvres paroissiales, wou ech säit 2013 d’Presidence iwwerholl hunn a wou mir tëschent 2021 an 2024 e Projet vu sozialem Wunnengsbau realiséiert hunn, an haut kënne 34 Wunnenge geréiere fir Leit an Associatiounen, déi um regulären Immobiliemaart keng Wunneng fannen.

Säit menger Jugend war ech och schonn ëmmer u Politik, virun allem Lokalpolitik, interesséiert: Ech konnt säit menger Kannerzäit erliewen, wéi eis Uertschaft sech mat der Zäit verännert huet, wéi Projeten a Wunnquartieren entstane sinn, wéi grouss a kleng Projete realiséiert goufen, wéi d’Uertschaft gewuess ass a wéi Bartreng sech vum Duerf zu enger moderner Gemeng entwéckelt huet.

Den Interessi fir eis Gemeng an hir Awunner an och d’Loscht, fir emol matzeschwätzen, huet mech dunn och 2005 dozou beweegt, fir eng éischte Kéier op der Lëscht vun der CSV mat an d’Gemengewalen ze goen.

Ech hu mech awer och a verschiddenen Kommissiounen engagéiert: Ech si säit Joren Member an der Finanzkommissioun, säit 2023 Member an der Kulturkommissioun a war virdrun och nach Member an der Auslännerkommissioun, déi haiteg Commission communale du vivre-ensemble interculturel.

Als neie Member hei am Gemengerot wëll ech mech zesumme mat menge Kolleegen aus der CSV-Fraktioun, mee awer och zesumme mat Iech alleguer fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng an d’Wuel vun allen Awunner asetzen.

Mir ass et wichteg, datt mir bei all eise Projeten an Decisiounen de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen, datt jidderee sech hei ka wuelfillen.

Mir läit dat gutt Zesummeliewe vun alle Bierger um Häerz. Mir brauchen dofir net nëmme gutt Infrastrukturen, mee och gutt funktionéierend Veräiner. Sou sinn et dach d’Sports- an d’Kulturveräiner, wou e groussen Deel vum Zesummeliewe praktizéiert gëtt a wou och e groussen Deel Integratioun stattfënnt.

Ech weess aus eegener Erfarung, wéi vill Engagement an Aarbecht néideg sinn, fir datt e Club ka funktionéieren; dofir leie mir eis Veräiner besonnesch um Häerz a verdéngen eis beschtméiglech Ënnerstëtzung.

E weidere Punkt, dee mir wichteg ass, ass den abordabele Wunnengsbau; mir wëssen, datt Bartreng eng vun deene Gemengen ass, wou d’Wunnen am deiersten ass. Ech fannen et duerfir wichteg, datt mir als Gemengevertrieder och dofir suergen, datt genuch bezuelbare Wunnraum zu Bartreng zur Verfügung steet; eis jonk Leit solle kënnen zu Bartreng wunne bleiwen an och sozial méi schwaach Stéit musse kënnen zu Bartreng en Daach iwwer dem Kapp fannen.

E weidere wichtege Punkt ass fir mech de Respekt vun eiser Natur an Ëmwelt. De Gedanke vum Nohaltegkeetsprinzip soll an all eisen Entscheedunge matwierken; mir hunn nëmmen eng Welt an eng Natur, an déi gëllt et, ze erhalen, ze schützen an den nächste Generatiounen an engem gudden Zoustand ze iwwerloossen.

Säit klengem hunn ech bei mengen Elteren um Haff gesinn an erlieft, wat et heescht, fir am Aklang mat Déier an Natur ze schaffen an datt mir all nëmme kënnen dovu profitéieren, wann et der Natur gutt geet. Dës Erfarung an d’Freed, déi ech beim Schaffen an der Natur selwer hunn, maachen, datt ech mech och hei bei den Diskussiounen am Gemengerot wëll fir Natur- a Klimaschutz asetzen.

Ech géif dann zum Schluss nach gäre mengem Virgänger, dem Guy Weirich, Merci soen. De Guy huet jorelaang eng gutt Aarbecht fir d’CSV hei am Gemengerot gemaach, hie war ëmmer top preparéiert, hat vill Iddien a konkret Propositioune bäizedroen.

Seng Interventioune ware strukturéiert an op de Punkt, ënnerluecht mat Beispiller aus der Praxis. Ech muss soen, do läit d’Lat elo héich an ech versiche mäi Bescht ze maachen, wann ech elo hei seng Nofolleg untrieden.

Ech versécheren Iech, datt ech motivéiert sinn, fir zum Wuel vun eiser Gemeng an all hiren Awunner ze schaffen a mech dofir anzesetzen, datt Bartreng eng schéin a flott Uertschaft ass, wou et sech gutt liewe léisst.

Ech wënsche mir an eis eng gutt Zesummenaarbecht, flott a konstruktiv Debatten an e kollegialen Ëmgang mateneen, och wa mir net déi selwecht Meenunge vertrieden.

Marie-Paule Schroeder gouf vereedegt, wurde vereidigt, a prêté serment, was sworn in17. September 2026LU: Mir freeën äis...
18/09/2026

Marie-Paule Schroeder gouf vereedegt, wurde vereidigt, a prêté serment, was sworn in
17. September 2026

LU: Mir freeën äis, Iech matdeelen ze kënnen, datt e Mëttwoch, de 16. September 2026, d’Marie-Paule Schroeder als Member vum Gemengerot vereedegt ginn ass. Nieft dem Nadine Schares a Marc Rauchs ass d‘Marie-Paule elo eis drëtt Vertriederin am Bartrenger Gemengerot. Mir wäerten nom nächste Gemengerot op de Wiessel an der CSV-Fraktioun zréckkommen.

DE: Wir freuen uns, Ihnen mitteilen zu können, dass am Mittwoch, dem 16. September 2026, Marie-Paul Schroeder als Mitglied des Gemeinderates vereidigt wurde. Neben Nadine Schares und Marc Rauchs ist Marie-Paule nun unsere dritte Vertreterin im Gemeinderat, Wir werden nach der nächsten Sitzung des Gemeinderates auf dien Wechsel in der CSV-Fraktion zurückkommen.

FR: Nous avons le plaisir de vous informer que, le mercredi 16 septembre 2026, Marie-Paule Schroeder a prêté serment en tant que membre du conseil communal. Le mercredi 16 septembre 2026, Marie-Paule Schroeder a prêté serment en tant que membre du conseil communal. Aux côtés de Nadine Schares et de Marc Rauchs, Marie-Paule est désormais notre troisième représentante au sein du conseil communal de Bertrange. Nous reviendrons sur ce changement au sein du groupe CSV après la prochaine séance du conseil communal.

EN: We are pleased to inform you that, on Wednesday, 16 September 2026, Marie-Paule Schroeder was sworn in as a member of the municipal council. Alongside Nadine Schares and Marc Rauchs, Marie-Paule is now our third representative on the Bertrange municipal council. We will provide further information on this change within the CSV group after the next meeting of the municipal council.

15/09/2026
D'Prozedur fir d'Nofolleg vum Guy Weirich am Gemengerot leeft de Moment iwwer d'Sekretariat vun eiser Gemeng an iwwer de...
21/07/2026

D'Prozedur fir d'Nofolleg vum Guy Weirich am Gemengerot leeft de Moment iwwer d'Sekretariat vun eiser Gemeng an iwwer den Inneministär.
Den Nächstgewielten, de Felix Clement, huet aus beruffleche Grënn verzicht.
D'Maire-Paule Schroeder huet d'Mandat ugeholl a wäert zesumme mam Nadine Schares a Marc Rauchs d'CSV am Gemengerot vertrieden.
Hei eng kleng Virstellung vum SCHROEDER Marie-Paule (et ass eng Aktualiséirung vun deem, wéi mir d'Marie-Paule bei de leschte Wale virgestallt haten):
60 Jahre
Staatsangehörigkeit: luxemburgisch
Madame Schroeder war Leiterin im "Businesscenter Firmenkunden – BGL BNP Paribas". Sie ist in diesem Jahr in den wohlverdienten Ruhestand getreten. Sie ist derzeit Präsidentin der Chorale Sainte-Cécile und der Asbl Oeuvres paroissiales, die den Sozialen Wohnungsbau in Eechels realisierte.
Ihr Herzensanliegen: gutes Zusammenleben aller im Respekt vor der Nationalität und Kultur sowie vor dem Alter und Glauben der Mitmenschen, Anwendung des Nachhaltigkeitskriteriums bei allen Entscheidungen und Projekten, bezahlbarer Wohnraum, Förderung der lokalen Geschäftswelt, aktive kulturelle Teilhabe.

EN:
The procedure for replacing Guy Weirich on the Municipal Council is currently being handled through our municipality's secretariat and the Ministry of Home Affairs.
The next elected candidate, Felix Clement, declined the mandate for professional reasons.
Marie-Paule Schroeder has accepted the mandate and will represent the CSV on the Municipal Council together with Nadine Schares and Marc Rauchs.
Here is a brief introduction to Marie-Paule Schroeder (a slightly updated version of the profile we presented during the last municipal elections):
Age: 60
Nationality: Luxembourgish
Mrs. Schroeder was Head of the Business Centre for Corporate Clients at BGL BNP Paribas. She retired earlier this year after a distinguished career. She currently serves as President of the Chorale Sainte-Cécile and of the non-profit association Oeuvres paroissiales, which was responsible for developing the social housing project in Eechels.
Her priorities: fostering harmonious coexistence among all residents through mutual respect for each other's nationality, culture, age, and beliefs; applying sustainability principles to all decisions and projects; promoting affordable housing; supporting local businesses; and encouraging active participation in cultural life.
We would like to thank Marie-Paule Schroeder for accepting this mandate. We are convinced that she will represent the CSV on the Municipal Council with great dedication and competence. We wish her every success in her new role.
On behalf of the CSV Bartreng Committee,
Fir de Comité vun der CSV Bartreng
Guy Weirich

Pour mieux comprendre comment nos résidents et les personnes qui travaillent à Bertrange souhaitent être informés, nous ...
21/06/2026

Pour mieux comprendre comment nos résidents et les personnes qui travaillent à Bertrange souhaitent être informés, nous avons créé un court sondage — et nous aimerions connaître votre avis ! Vos réponses nous aideront grandement à élaborer une stratégie de communication qui vous convienne vraiment !
Merci pour votre participation !
https://www.bertrange.lu/fr/actualites/ficheactualites/2026-06-18/sondage-preferences-de-communication-de-nos-residents?fbclid=IwY2xjawSkiZ1leHRuA2FlbQIxMQBzcnRjBmFwcF9pZBAyMjIwMzkxNzg4MjAwODkyAAEefamDkYIcAwj2qlVqhZDiY94dukUQdjqV5y6IOOKS6BUbvLGergPfVJsGHJU_aem_SKHiLIqKdySWqyGPlDlx_g

Pour mieux comprendre comment nos résidents et les personnes qui travaillent à Bertrange souhaitent être informés, nous avons créé un court ...

Adresse

Bertrange
8058

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSV Bartreng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité