ADR - Alternativ Demokratesch Reformpartei

ADR  - Alternativ Demokratesch Reformpartei

Partager

www.facebook.com/AlternativDemokrateschReformpartei Villmools merci, datt Dir d'ADR op hirem Facebook-Site besiche kommt! Eis Kontaktdaten fannt Dir ënnen.

Mir si frou, Iech op dësem Site kënnen ze begréissen an Iech iwwert eis Politik däerfen ze informéieren. Dir kënnt eis gär direkt kontaktéieren, wann Dir dat wëllt. Wann Dir ënnert eise Bäiträg Kommentare maachen oder mat diskutéiere wëllt, sidd Dir häerzlech dozou invitéiert, well Politik ass nach méi interessant wa si an engem liewegen a spannenden Dialog opgebaut gëtt. Mir bieden Iech awer, wat

04/06/2026

RTL suggeréiert, d’Oppositioun géif sech geschlosse géint de Plang vun der Regierung stellen, den Asyl- a Migratiounspakt en Dënschdeg, den 9. Juni an nationaalt Recht ëmzesetzen.

Eisen Zentrumsdeputéierten Tom Weidig stellt kloer: d’ADR-Fraktioun steet hannert dem Vott!

03/06/2026

Firwat net zesummen?

De Fernand Kartheiser huet senge fënnef Lëtzebuerger Kolleegen am Europäesche Parlament e Bréif geschriwwen, fir hinne virzeschloen, zesumme fir eng Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch anzetrieden.

Et kann een nëmmen hoffen, datt si domat d'accord sinn. Et kann net sinn, datt d'Lëtzebuerger als eenzeg hir eege Sprooch net däerfe schwätzen!

02/06/2026

❗Pressematdeelung - Zesumme fir d’Lëtzebuerger Sprooch? ❗

Bréissel, Belsch - 1. Juni 2026

👉No engem Instagram-Post vun enger Lëtzebuerger EU-Deputéierter iwwert eis Sprooch huet de Fernand Kartheiser haut d’Initiativ geholl, fir deenen anere fënnef EU-Deputéierten an engem Bréif ze proposéieren, sech mat him zesumme fir eng Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch am Europäesche Parlament anzesetzen.

Den Text vun deem Bréif an dem Fernand Kartheiser seng rezentst Propositioune fannt Dir am Unhang.

Matgedeelt vum Büro vum EU-Deputéierte Fernand Kartheiser.

👇Hei den oppene Bréif vum Fernand Kartheiser:

02/06/2026

De Bezierk Zentrum hat eng Visitt an der Assemblée Nationale zu Paräis organiséiert.

Hiren Deputéierten, den Tom Weidig, war invitéiert vum Deputéierten Thibaut Monnier vun der Partei Identité-Libertés, déi an der selwechter europäescher Mammepartei wéi d’ADR ass: der ECR (European Conservatives and Reformists). Déi zwee sinn am Conseil vun New Direction, der politescher Stëftung vun der ECR.

No engem flotten Iessen, wou och d'Marion Maréchal, eng vun de bekanntste Politikerinne vu Frankräich, sech derbäigesellt huet, sinn si d'Assemblée Nationale kucke gaangen. Dono ass et an eng Seance selwer gaangen, wou et dacks haart hiergeet. D'Thema war: Gewalt géint Kanner.

D'Ekipp ëm d'Marion Maréchal ass enorm dynamesch, jonk a gutt organiséiert. A Frankräich spiert een den Ëmschwong, an hir konservativ Iddie gi vun ëmmer méi Leit an der politescher Mëtt gedeelt.

Hire Message un all d'ADR-Memberen, déi present waren: Maacht weider a loosst iech net oflenke vun Attacken!

29/05/2026

ADR-Tëlee vum 29. Mee, presentéiert vum Christian Fassbinder

+++Lag vun der Natioun: 10 Léisungsvirschléi vum Fred Keup+++ Gelieften Déiereschutz: Gesetz däerf net just um Pabeier gëllen+++ Däitschen Atomausstig war e Feeler: Resumé vun enger spannender Konferenz+++ Eis Justiz stäerken: Laangjäreg ADR-Fuerderung fir jorelaang Delaien erofzesetzen+++ Neies aus dem Europaparlament+++ Konsumenteschutz muss méi effikass ginn+++Mëllerdall: Stroosseninfrastruktur muss a Stand gesat ginn+++Adrenalin: Déi Jonk hu konkret Fuerderungen un d’Regierung+++

29/05/2026

Initiativ fir eisen ale Bambestand: 240 Beem an neiem Regëster erfaasst, een dovunner am Pescatore-Park an der Stad!

26/05/2026

Een emotionale Moment fir de Fernand Kartheiser.

23/05/2026

👉"D'Entwécklung vun eiser Gesellschaft, de Wuesstem vun der Bevëlkerung an déi ëmmer méi komplex Forme vu Kriminalitéit maachen et néideg, eis Justiz reegelméisseg un déi nei Erausfuerderungen unzepassen.", esou den Dan Hardy a senger Ried iwwer d'Stäerkung vun der Justiz.💪👍

22/05/2026

D'DP-Politikerin Colette Mart freet sech, datt d'lëtzebuergesch Identitéit a Kultur verdrängt gëtt!🙁

Eise Stater Conseiller Tom Weidig hält dergéint: Mir brauchen eng staark Lëtzebuerger Leitkultur an déi sech auslännesch Bierger integréiere kënnen. Eng Gesellschaft mat ville Gemeinsamkeeten ass méi staark.

Hei déi genau Ausso vum Colette Mart: „...'t ass esou selbstverständlech ginn, dass eis Kultur hei an der Stad einfach mëttlerweil déi Kultur ass an net méi eng typesch lëtzebuergesch Kultur. An ech mengen, dat ass och nëmme positiv.“

22/05/2026

👉 ...do wier eist Land faillite.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


25, Rue Notre-Dame
Luxembourg
L-2240