Piraten Gemeng Esch/Uelzecht

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Piraten Gemeng Esch/Uelzecht Piraten Sektioun Esch/Uelzecht Piratepartei Sektioun Esch/Uelzecht

29/10/2026

🐕😡 Polizeihund getreten, Polizisten bespuckt und mit dem Tod bedroht. Und der Mann dürfte gar nicht in Luxemburg sein!

Unsere Polizisten verdienen Respekt und Schutz. Genauso wie ihre vierbeinigen Kollegen! 💜🐾

Was heute im Luxemburger Wort zu lesen ist, macht sprachlos.

Ein Mann, der bereits aufgefordert wurde, Luxemburg zu verlassen und nach Deutschland zurückzukehren, taucht erneut bei uns auf. Er tritt einen Polizeihund, bedroht Beamte mit dem Tod und spuckt einem Polizisten ins Gesicht.

🐕‍🦺 Ein Tier, das täglich gemeinsam mit unseren Beamten für unsere Sicherheit arbeitet, wird einfach angegriffen. Absolut inakzeptabel!

Zehn Jahre lang hat die frühere Gambia Koalition aus DP, LSAP und Grünen unsere Sicherheits und Migrationspolitik geprägt.

Auch diese politische Verantwortung gehört endlich kritisch aufgearbeitet.

Wie kann es sein, dass jemand trotz Ausreiseaufforderung wieder nach Luxemburg zurückkehrt? Warum funktionieren unsere Regeln offenbar nicht ausreichend?

Und was unternimmt die heutige Regierung konkret dagegen?

Wir brauchen eine Politik, die unsere Bevölkerung schützt, unsere Polizei unterstützt und bestehende Gesetze konsequent durchsetzt.

Menschlichkeit bedeutet nicht, dass Regeln keine Konsequenzen haben dürfen.

Quelle: Luxemburger Wort, 29. Oktober 2026

https://www.wort.lu/luxemburg/stadaland/polizeihund-getreten-beamte-bespuckt-es-tut-mir-von-ganzem-herzen-leid/163696052.html

24/10/2026
17/10/2026
08/10/2026

👨‍👩‍👧‍👦 Méi Ënnerstëtzung fir d’Elteren, amplaz ëmmer méi Sue fir privat Crèchen!

Zu Lëtzebuerg (déi 4 aal Parteien) gi massiv ëffentlech Gelder an d’Kannerbetreiung investéiert. Mee firwat ënnerstëtze mir net och déi Elteren, déi selwer wëlle méi Zäit mat hire Kanner verbréngen?

👉 Mir brauchen eng richteg Wiel:

✅ Eng gutt a bezuelbar Kannerbetreiung fir all Famill.

✅ Eng finanziell Ënnerstëtzung fir Elteren, déi hir Kanner selwer betreie wëllen. 💜

✅ Méi Fräiheet fir d’Familljen, hiren Alldag selwer ze organiséieren.

Et däerf net de Staat sinn, dee bestëmmt, wéi eng Betreiungsform déi richteg ass. Dat sollen d’Eltere selwer entscheeden!

💬 Wéi gesitt dir dat? Sollten Elteren, déi hir Kanner selwer betreien, och finanziell ënnerstëtzt ginn?

🇱🇺 Lëtzebuerg stäerken. Famillje stäerken.

26/09/2026

🔐 Privat Noriichte musse privat bleiwen.

Ënnert dem Stéchwuert gëtt an der EU weider iwwer Reegele verhandelt, déi d’Detektioun vun illegalem Material an Online-Déngschter betreffen. Fir eis ass kloer: Kannerschutz ass essentiell, mee en däerf net zu enger genereller Kontroll vu private Kommunikatioune féieren.

Mir wëllen, datt Täter konsequent verfollegt ginn an d’Police déi néideg Mëttel kritt. Gläichzäiteg muss d’Vertraulechkeet vu private Gespréicher an eng staark Verschlësselung geschützt bleiwen. 🔒

E privaten Chat soll och privat bleiwen.

23/09/2026

Dronen iwwer dem Findel: Chamber a Bierger hunn e Recht op d'Wourecht

Communiqué

Haut um 14h00 Auer ass d'Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten zesummekomm. An der live iwwerdroener Sëtzung huet de Piraten-Deputéierten Marc Goergen ganz einfach gefrot, wéini d'Kommissioun iwwer d'Dronevirfäll informéiert gëtt. Déi véier grouss Parteien halen awer gären den Deckel iwwert den Informatiounen.

Den 18te September huet um Findel de Fluchbetrib missen agestallt ginn, well onidentifizéiert Dronen um Himmel gemellt gi waren. Zënterhier schweigt d'Regierung. Déi puer Informatiounen, déi d'Ëffentlechkeet kritt, sinn onkloer a veronsécheren d'Leit. Vill Froe ginn net beäntwert.

Haut um 14h00 Auer ass d'Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten zesummekomm. An der live iwwerdroener Sëtzung huet de Piraten-Deputéierten Marc Goergen ganz einfach gefrot, wéini d'Kommissioun iwwer d'Dronevirfäll informéiert gëtt.

D'Äntwert: D'Informatioune géifen un d'Conférence des Présidents goen. Dat wier esou mat alle Parteien a politesche Sensibilitéiten ofgeschwat. Dat ass falsch. D'Piraten goufen net gefrot. A mir hätten och ni zougestëmmt, datt esou wichteg Informatiounen an engem klenge Krees hannert zouene Dieren bleiwen.

Bei esou Hannerdierpolitik maache mir net mat. D'Chamber ass do, fir d'Regierung ze kontrolléieren. Dofir muss all Deputéierten déi relevant Informatioune kréien a Froe stelle kënnen a wann et muss, an enger vertraulecher Sëtzung. Een eenzege Vertrieder pro Grupp oder Sensibilitéit z'informéieren, geet net duer.

D'Bierger hunn e Recht drop, esou gutt wéi méiglech informéiert ze ginn. Dat gëllt ëmsou méi, wou d'Regierung Ausgabe vu Milliarden Euro fir d'Verdeedegung ausgëtt, an dës Suen an de kommende Jore weider klamme sollen. Wien esou vill ëffentlech Sue fir d'Sécherheet ausgëtt, muss de Leit och kloer soen, wéi d'Situatioun ageschat gëtt a wat nach ënnersicht gëtt. Sensibel Detailer kënne vertraulech bleiwen. Mee dat ass keng Entschëllegung fir d'Schweige an eng onkomplett Informatiounspolitik vun de leschten Deeg.

D'Piraten fuerderen: vollstänneg Informatioun fir d'ganz Chamber an eng kloer, éierlech an transparent Informatiounspolitik fir d'Bierger.

22/09/2026

🏡 Bezuelbar Wunnen. Haut a fir déi nächst Generatiounen.

Mir Piraten wëllen, datt de Staat selwer Wunnraum baut a fir 10 € de m2 pro Mount verlount.

Dat heescht zum Beispill:
👉 En Appartement vun 80 m² fir 800 € de Mount.
👉 En Haus vun 120 m² fir 1.200 € de Mount.

Dobäi ass fir eis kloer: Dës Wunnenge bleiwen dauerhaft am Besëtz vum Staat a ginn net verkaaf.

Esou baue mir Schrëtt fir Schrëtt en ëffentlechen Immobiliëpark op, deen och de kommende Generatiounen zeguttkënnt. D’Loyere fléissen an den Ënnerhalt an an de Bau vun neie Wunnengen.

Ëffentlech Sue schafen esou e bleiwende Wäert fir eis alleguer. A méi Leit kréien d’Méiglechkeet, zu Lëtzebuerg zu engem faire Präis ze wunnen.

💜 Piraten: D’Original fir bezuelbar Wunnen.
Lëtzebuerg stäerken.

Adresse

1a, Rue De
Kopstal
8184

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Gemeng Esch/Uelzecht publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Piraten Gemeng Esch/Uelzecht:

Raccourcis

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité