Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid

Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid

Partager

Des ass Säit vun der Amicale CIS Habscht a.s.b.l. Mir organiséieren divers Aktivitéiten a Fester wou mer mam Erléis Pompjeeë vum CIS Habscht ënnerstëtzen.

Sidd och dier interesséiert dem Bierger ze hëllefen, da mellt Iech op [email protected].

31/05/2026

[ 🥾Marche Internationale de Diekirch 2026 🪖]

De Weekend waren ee puer vun eis zesumme mat de Kolleege vum op Dikrech op d'Marche internationale. Bei herrlechem Wieder hu si sech beid Deeg den 20 km gestallt. Mat Schong voller Féiss, der enger oder anerer Bloder a ganz vill Schweess, hu si dëse Challenge gemeeschtert 🌳⛅

20/05/2026

🔥🏃🏻‍♀️

🎉🏃‍♀️ 15. Äischdall-Trail 2026 🏃‍♂️🎉

Viru 17 Joer vun e puer Lafbegeeschterten an d’Liewe geruff, feiere mir dëst Joer, de 15.08.2026, zesumme mat de Pompjeeë vum Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid, déi 15. Editioun vum Äischdall-Trail! 🎉

📅 15. August 2026
📍 Äischen (Lu)
🏃🏼‍♂️ 6 km / 11 km / 21 km / 42 km

👉 Umeldungen & Infos:
https://www.aischdall-leefer.lu

💙🧡

19/05/2026

[✨Visite neien HPPA Äischen👵🏻]

En vue vun der Ouverture a noer Zukunft vum neien HPPA zu Äischen, krut een Deel vun eise Memberen haut eng Visite mat de Responsabelen.

Mir konnten eis éischt Ablécker an d'Arbescht vum " Home pour personnes âgées" kréien, an direkt eis Froe stellen.

Merci der Ekipp fir dee konstruktiven Austausch!

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid's post 09/05/2026

[ 🚒 Stengeforter Dag bei de Pompjeeën 2026 👩🏻‍🚒 ]

Mir waren haut mat eisem 'Umwelt 2' Modul bei eise Kollegen vum op hierem "Dag bei de Pompjeeën". Bei beschtem Wieder hu mir och eng Übung zu deem Thema gehaalen.

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Steinfort-Koerich's post 25/04/2026

🤝🏼🔥💪🏻

Photos from Centre d'Incendie et de Secours Hobscheid's post 18/04/2026

[💦🔧FOCO Depollution 🌱🚒]

Haut stung bei eis en Training mat eisem Spezial Modul “Umwelt 2” um Programm. Hei konnten mir üben wei d’Fuiten vun emweltschiedlechen Flëssegkeeten kënnen gestoppt ginn.

01/04/2026

[👀Abrëllsgeck un Presi an Chef CIS😅]

Op mir se gutt rageluecht krutten? 👀

17/03/2026

🏃‍♂️🌿 15. Editioun Äischdall Trail – 15.08.2026 🌿🏃‍♀️

Bass du prett fir Natur, Beweegung an eng flott sportlech Erausfuerderung? Den Äischdall Trail steet virun der Dier! Egal obs du laafe wëlls oder léiwer walken – jidderee ka matmaachen an säin eegent Tempo fannen.

👉 Strecken:
• 6 km
• 10 km
• 21 km
• 42 km

Genéisst déi schéi Landschaft vum Äischdall, eng super Atmosphär an e sportlechen Dag zesumme mat anere Sport-Begeeschterten. Perfekt fir Ufänger wéi och fir erfuerene Trail-Fans!

📅 Datum: 15. August 2026
🥾 Lafen ODER Walken – du entscheeds!

Markéier deng Frënn, stellt iech d’Erausfuerderung a kommt laanscht! 💚

https://www.aischdall-leefer.lu

Aischdall-Leefer

09/03/2026

[🫀Zweete Gebuertsdag - Wei een einfach Geste, ee Liewen gerett huet🫂]

Den 4. Februar 2016 gouf eisen, zu deem Zäitpunkt, frësch gegrënntenen First Responder op "bewusstlose Person" geruff. De Rescht ass Geschicht ...

05/03/2026

[Teaser]

09.03.2026 - Stay tuned ...🤫

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Eischen ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


1C, Rue De La Gare
Eischen