Bibliothéik Eschduerf

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Bibliothéik Eschduerf Neiegkeeten aus der Eschduerfer Bibliothéik

Merci dem Marc Weydert , dass mir mat der Maus Ketti, dem Renert a villen anere Figuren a Perséinlechkeeten op d’Rees di...
26/10/2026

Merci dem Marc Weydert , dass mir mat der Maus Ketti, dem Renert a villen anere Figuren a Perséinlechkeeten op d’Rees dierfte goen.
Si hunn eis mat op den Tuer duerch eis Geschicht, eis Kultur, eist Land an eis Stad geholl.🐭🦊
Mee och eis léifste Gewunnechten an eis Naupe si mat Ironie a Witz op de Leescht geholl ginn.⛱️🛒
Mir haten ee schéinen Owend mat villen zefriddene a laachende Gesichter.🤗
Villmools Merci fir dee sympathesche Besuch an eiser Bibliothéik!📚 Marc Weydert

☕️🫖👓📖
19/10/2026

☕️🫖👓📖

Je no Unzuel si mer am neie Sall bei der Gemeng! 📚🥂
14/10/2026

Je no Unzuel si mer am neie Sall bei der Gemeng! 📚🥂

Zesumme mat der Gemeng Esch-Sauer an der Kulturkommissioun huet d’Bibliothéik Eschduerf eng Liesung organiséiert. Dëst a...
11/10/2026

Zesumme mat der Gemeng Esch-Sauer an der Kulturkommissioun huet d’Bibliothéik Eschduerf eng Liesung organiséiert. Dëst am Kader vum nationale Commemoratiounsdag deen dëst Joer enner dem Thema ‚Ee Wee fir de Fridden‘ steet.

Mir ware frou de Roland Meyer bei eis ze begréissen, deen eis op eng beweegend Manéier mat a säi Buch ‚“Betty-ein jüdisches Mädchen“ , geholl huet.
Ee grousse Merci fir dee symphatesche Besuch!

09/10/2026

🕊️ 📖 𝗟𝗶𝗲𝘀𝘂𝗻𝗴 𝗺𝗮𝗺 𝗥𝗼𝗹𝗮𝗻𝗱 𝗠𝗲𝘆𝗲𝗿 𝗮𝘂𝘀 𝘀𝗲𝗻𝗴𝗲𝗺 𝗕𝘂𝗰𝗵 „𝗕𝗲𝘁𝘁𝘆 – 𝗗𝗶𝗲 𝗚𝗲𝘀𝗰𝗵𝗶𝗰𝗵𝘁𝗲 𝗲𝗶𝗻𝗲𝘀 𝗷𝘂̈𝗱𝗶𝘀𝗰𝗵𝗲𝗻 𝗠𝗮̈𝗱𝗰𝗵𝗲𝗻𝘀“ – 𝗡𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗲 𝗖𝗼𝗺𝗺𝗲𝗺𝗼𝗿𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻𝘀𝗱𝗮𝗴

Am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag invitéiert d'Gemeng Esch-Sauer zesumme mat der Kulturkommissioun an der Bibliothéik Eschduerf op eng besonnesch Liesung mam Auteur Roland Meyer.

Aus sengem Buch „Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens“ erzielt hien déi beweegend Geschicht vun enger jiddescher Famill zu Lëtzebuerg wärend dem Zweete Weltkrich. Eng Erzielung iwwer Ausgrenzung, Verfolgung, Courage an Hoffnung, déi Jonk an Al zum Nodenke bréngt.

📅 𝗦𝗮𝗺𝘀𝗰𝗵𝗱𝗲𝘀, 𝗱𝗲𝗻 𝟭𝟬. 𝗢𝗸𝘁𝗼𝗯𝗲𝗿 𝟮𝟬𝟮𝟲
🕔 𝟭𝟳:𝟬𝟬 𝗔𝘂𝗲𝗿
📍 𝗕𝗶𝗯𝗹𝗶𝗼𝘁𝗵𝗲́𝗶𝗸 𝗘𝘀𝗰𝗵𝗱𝘂𝗲𝗿𝗳

D'Liesung fënnt op Däitsch a Lëtzebuergesch statt an eegent sech fir Kanner ab 9 Joer, Jonker an Erwuessener.

05/10/2026

🕊️ 𝗘𝗲 𝗪𝗲𝗲 𝗳𝗶𝗿 𝗱𝗲 𝗙𝗿𝗶𝗱𝗱𝗲𝗻 - 𝗮𝗺 𝗞𝗮𝗱𝗲𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝗡𝗮𝘁𝗶𝗼𝗻𝗮𝗹𝗲 𝗖𝗼𝗺𝗺𝗲𝗺𝗼𝗿𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻𝘀𝗱𝗮𝗴 🕊️

Am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag invitéiert d’Gemeng Esch-Sauer zesumme mat der Kulturkommissioun an der Por Öewersauer – St. Pirmin zu engem flotte Programm den 10. an 11. Oktober 2026.

👉 All Detailer fannt Dir um Flyer. Mir freeën eis op Iech! 💙🕊️

Op der zweeter Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch hate mir zesumme mat der Gemeng Esch-Sauer an der Kulturkom...
27/09/2026

Op der zweeter Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch hate mir zesumme mat der Gemeng Esch-Sauer an der Kulturkommissioun  d’Renée Weber an eiser Bibliothéik op Besuch.

Vill kleng Lieser:innen haten de Wee bei eis fonnt an hu gespaant de Geschichte vun ‚Dem klenge Felix seng grouss Rees‘ an ‚Dem Hu an dat klenge Gespenst‘ gelauschtert an hunn sech a fantastesch Welte mathuele gelooss.

🐰⭐️🚀🦫🦉👻

Je nodeems zu wéi vill mer sinn, ass et an dem neie Sall bei der Gemeng!
18/09/2026

Je nodeems zu wéi vill mer sinn, ass et an dem neie Sall bei der Gemeng!

09/09/2026
Mir si frou iwwert d‘Visite vum Kulturminister Eric Thill an dem Cédric Kayser an eiser Bibiothéik! 😊
08/09/2026

Mir si frou iwwert d‘Visite vum Kulturminister Eric Thill an dem Cédric Kayser an eiser Bibiothéik! 😊

Adresse

4, Op Der Knupp
Eschdorf
9150

Heures d'ouverture

Mardi 13:00 - 17:00
Mercredi 18:00 - 20:00
Jeudi 14:00 - 18:00
Samedi 10:00 - 12:00

Téléphone

89 97 53

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bibliothéik Eschduerf publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Bibliothéik Eschduerf:

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité