déi gréng Sandweiler

Site Web Contacter l'organisation

déi gréng Sandweiler Page de la section locale du parti déi gréng à Sandweiler

🇱🇺🏫 En Donneschden 8. Oktober war Politesch Rentrée zu Sandweiler. Am éischte Gemengerot no der Summerpaus, sinn aktuell...
14/10/2026

🇱🇺🏫 En Donneschden 8. Oktober war Politesch Rentrée zu Sandweiler.

Am éischte Gemengerot no der Summerpaus, sinn aktuell Themen aus de Beräicher Finanzen, Infrastruktur, Verkéier a Sozialwiesen diskutéiert gin. Ausserdeem stungen eng Rei administrativ Decisiounen, Konventiounen an d'Froen vun de Gemengeréit um Programm.

Fir Diskussioun huet de Punkt 6 gesuergt, woubei et ëm urgent Ausgaben fir den Ofschloss vun de Konten vum Geschäftsjoer 2021 vun der Associatioun „Piwitsch a.s.b.l.“ gaangen ass.
E fréieren Post zu dësem Thema: https://www.facebook.com/share/1CA4WuK7TV/?mibextid=wwXIfr

❗️ Des weideren hun déi gréng Sandweiler och eng Motioun zur rezenter Hëtztwell op den Ordre du jour setzen gelos.
Déi rezent Hëtztwellen hunn däitlech gewisen, wéi wichteg et ass, eis Gemeng op déi steigend Temperaturen an de Klimawandel virzebereeden. Besonnesch eeler Leit, kleng Kanner a vulnerabel Persoune musse besser geschützt ginn.

D'Motioun proposéiert ënnert aanerem folgend Moossnamen:
🌳 méi Gréngflächen a Schied duerch d'Planze vu Beem a Sträich, begréngt Diecher a Fassaden
💧 fräizougänglécht Drénkwaasser am ëffentleche Raum
🏫 besser ugepasste kommunal Gebeier mat Sonneschutz, Belëftung an energieeffiziente Killmoossnamen, fir méi agreabel Léier- an Aarbechtsbedéngungen ze garantéieren
🏡 "Climate Shelters" - kill Plazen fir jiddereen, wou Leit sech bei grousser Hëtzt kënnen ophalen - duerch en Netzwierk u vun der Sonn geschützten ëffentleche Plazen a klimatesch ugepasste Gebeier.
🤝 Informatioun a Solidaritéit, fir besonnesch vulnerabel Persounen ze erkennen, z'informéieren an ze ënnerstëtzen
🌍 Ausserdeem sollen de Klimaschutz an d'Upassung un d'Hëtzt bei all zukünftege Bau-, Renovatiouns- an Amenagementsprojeten eng wichteg Roll spillen. Och finanziell Hëllefen fir Bierger, Coproprietéiten a Betriber solle gepréift ginn, fir klimafrëndlech Verbesserungen ze fërderen.
🚒 Koordinatioun a Präventioun: enk Zesummenaarbecht tëscht kommunale Servicer, CGDIS, Schoulen, Sozialdéngschter a lokale Veräiner

Zil vun der Motioun: D'Gemeng soll sech besser op zukünfteg Hëtztwelle virbereeden, d'Gesondheet an d'Sécherheet vun der Bevëlkerung schützen an duerch méi Gréngflächen, Schied a klimafrëndlech Gebeier déi urban Hëtztinselen dauerhaft reduzéieren.

déi gréng Sandweiler freeën sech iwwert eng breet Ënnerstëtzung fir dës Motioun, déi mat de Stëmmen vun der Majoritéit an der Oppositioun ugeholl gin ass a verloossen sech op e séiert Ëmsetzen vun de proposéierten Moossnamen. 🌻💚

————————————

🇫🇷 Le jeudi 8 octobre, la rentrée politique a également eu lieu à Sandweiler.

Lors du premier conseil communal après la pause estivale, plusieurs sujets d’actualité concernant les finances, les infrastructures, la circulation et les affaires sociales ont été abordés. Plusieurs décisions administratives, conventions et questions des conseillers communaux figuraient également à l’ordre du jour.

Le point 6 a suscité des discussions. Il concernait une dépense urgente liée au décompte de l’exercice 2021 de l’association « Piwitsch a.s.b.l. ».
Nous avons déjà abordé ce sujet dans une publication précédente: https://www.facebook.com/share/1CA4WuK7TV/?mibextid=wwXIfr

❗️ Par ailleurs, déi gréng Sandweiler ont également fait inscrire à l’ordre du jour une motion relative aux récentes vagues de chaleur.
Les dernières vagues de chaleur ont clairement montré à quel point il est important de préparer notre commune à la hausse des températures et au changement climatique. Les personnes âgées, les jeunes enfants et les personnes vulnérables doivent notamment être mieux protégés.

La motion propose, entre autres, les mesures suivantes:
🌳 Davantage d’espaces verts et d’ombre, grâce à la plantation d’arbres et d’arbustes, ainsi qu’à la végétalisation des toitures et des façades.
💧 accès gratuit à l’eau potable dans les espaces publics
🏫 Des bâtiments communaux mieux adaptés, avec des protections solaires, une ventilation adéquate et des solutions de refroidissement économes en énergie, afin de garantir des conditions d’apprentissage et de travail plus agréables.
🏡 Des « refuges climatiques » (Climate Shelters) : des lieux frais accessibles à tous, où chacun peut se mettre à l’abri lors des fortes chaleurs. Cela passerait par la création d’un réseau d’espaces publics protégés du soleil et de bâtiments adaptés aux conditions climatiques.
🤝 Information et solidarité, afin d’identifier, d’informer et d’accompagner les personnes particulièrement vulnérables.
🌍 La protection du climat et l’adaptation aux fortes chaleurs devront également occuper une place importante dans tous les futurs projets de construction, de rénovation et d’aménagement. Des aides financières destinées aux citoyens, aux copropriétés et aux entreprises devraient aussi être étudiées afin d’encourager les améliorations favorables au climat.
🚒 Coordination et prévention : une collaboration étroite entre les services communaux, le CGDIS, les écoles, les services sociaux et les associations locales.

L’objectif de cette motion : permettre à la commune de mieux se préparer aux futures vagues de chaleur, protéger la santé et la sécurité de la population et réduire durablement les îlots de chaleur urbains grâce à davantage d’espaces verts, de zones ombragées et de bâtiments respectueux du climat.

déi gréng Sandweiler se réjouissent du large soutien apporté à cette motion, qui a été adoptée avec les voix de la majorité et de l’opposition. Ils comptent désormais sur une mise en œuvre rapide des mesures proposées. 🌻💚

🇱🇺 D'Gemengeresponsabel schéngen sech net bewosst ze sinn dass e Laangzäitchantier wéi säit bal 3 Joer an der Itzegerstr...
11/10/2026

🇱🇺 D'Gemengeresponsabel schéngen sech net bewosst ze sinn dass e Laangzäitchantier wéi säit bal 3 Joer an der Itzegerstross e groussen negativen Impakt ob den Alldag vun den Awunner, de Schoulkanner a de Foussgänger huet an d'Existenz vun de Commercen an der Strooss um Spill steet.

🇫🇷 Les responsables communaux semblent ne pas se rendre compte qu’un chantier de longue durée, comme celui qui se poursuit depuis bientôt trois ans dans la rue d’Itzig, a un impact fortement négatif sur le quotidien des riverains, des écoliers et des piétons. La survie des commerces situés dans la rue d’Itzig est mis en question.

https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/Rue-dItzig-Bauarbeiten-dauern-voraussichtlich-bis-Ende-Maerz-110310.html

„Er (JP. Roeder) erinnerte an Diskussionen aus der Vergangenheit, als die asbl für ihreBuchhaltung kritisiert wurde. Dab...
10/10/2026

„Er (JP. Roeder) erinnerte an Diskussionen aus der Vergangenheit, als die asbl für ihre
Buchhaltung kritisiert wurde. Dabei habe eigentlich der Schöffenrat Fehler gemacht, so Roeder.
Der Gemeinde sei außerdem zuzuschreiben,
dass durch die verspätete Zahlung Zinsen in Höhe von 9.000 Euro angefallen seien.
Er forderte die Verantwortlichen dazu auf, sich offiziell beim Verein zu entschuldigen.“

—————————

🇱🇺 Well de Buergermeeschter C. Mousel mat der komplexer Kontabilitéit vun der Piwitsch asbl iwwerfuerdert ass gehäit hien de Membere vum Verwaltungsrot "Gewurschtels bei der Konteféierung" fir, amplaz Haltung ze weisen an d'Feeler vum Schäfferot an der Gemengeverwaltung an desem Dossier zou ze ginn.

Dass grad de Verwaltungsrot vun der asbl d'Feelverhale vun der Gemeng obgedeckt huet gett bewosst net gesot.

—————————

🇫🇷 Le bourgmestre C. Mousel, dépassé par la complexité de la comptabilité de l’asbl Piwitsch, accuse les membres du conseil d’administration de « bricolage dans la tenue des comptes », au lieu de faire preuve de responsabilité et de reconnaître les erreurs commises par le collège des bourgmestres et échevins et de l’administration communale dans ce dossier.

Il omet délibérément de préciser que c’est justement le conseil d’administration de l’asbl qui a mis au jour les manquements de la commune.

Eine vergessene Subvention führte in Sandweiler dazu, dass der Schöffenrat im Juli eine dringliche Zahlung in Höhe von rund 115.000 Euro genehmigte. Der betroffene Verein „Piwitsch“ musste in der Zwischenzeit aus privater Tasche vorstrecken.

15/09/2026

Wéi all Joer bedeit d’Enn vun der Vakanz och de Start an en neit Joer. Mir wënschen alle Kanner, Elteren an och dem Léierpersonal eng gutt Rentrée 2026. 📚✏️

14/08/2026
🇱🇺 Muer de Moien, Donneschden 23. Juli um 10:00 Auer, ass déi lescht Sëtzung vum Gemengerot virun der Summerpaus. Um Ord...
22/07/2026

🇱🇺 Muer de Moien, Donneschden 23. Juli um 10:00 Auer, ass déi lescht Sëtzung vum Gemengerot virun der Summerpaus.
Um Ordre du jour stinn ënnert anerem den definitive Projet vun der neier Maiso Relais „an de Jéchtstécker“ an eng weider Upassung vum Verkéiersreglement.

Desweideren stellen mir Froen zu folgenden Themen:
• Parken um Findel 🅿️
• Ëmgang mat der rezenter Hëtztwell
• Ofholzarbechten op verschiddene Gemengeparzellen 🌿
• Zougang zum Haff an der Spillplaz vum "Haus vun de Kanner" 🛝

———————————

🇫🇷 Demain matin, jeudi 23 juillet à 10:00h, le conseil communal tiendra sa dernière séance avant la pause estivale.
L’ordre du jour comprend notamment le plan définitif de la nouvelle Maison Relais „an de Jéchtstécker“ ainsi qu’une modification du règlement de la circulation.

Par ailleurs, nous aborderons plusieurs questions concernant les points suivants:
• stationnement à Findel 🅿️
• gestion de la récente canicule
• travaux de déboisement 🌿
• accès à la cour “Haus vun de Kanner” 🛝

🏡🚸  ENG NEI MAISON RELAIS FIR D’ SANDWEILER KANNER – UNE NOUVELLE MAISON RELAIS POUR LES ENFANTS DE SANDWEILER__________...
03/07/2026

🏡🚸 ENG NEI MAISON RELAIS FIR D’ SANDWEILER KANNER –
UNE NOUVELLE MAISON RELAIS POUR LES ENFANTS DE SANDWEILER

____________________

🇱🇺 No der Presentatioun vum Bureau d'Étude hun d'Vertrieder vun den Oppositiounsparteien dem Schäfferot eng Rei technesch an organisatoresch Froen zum Projet gestallt. Leider huet sech séier gewisen, datt op déi wichtegst Froen keng zefriddestellend Äntwerte virluchen.
De geplangte Standuert vun der neier Maison Relais „an de Jéchstécker", relativ wäit ewech vum aktuelle Schoulsite a bedeit, dass d'Kanner diekt e puer Mol den Daag a bei all Wieder, tëscht Schoul a Maison Relais missten hin an hier pendelen. Wéi dat sécher, praktesch an effizient organiséiert soll ginn, konnt net erkläert ginn. Et gouf zwar behaapt, dass och aner Standuerter gepréift goufen, mee weder gouf gesoot wéi eng, nach firwat se ausgeschloss goufen.
Och bei aanere wichtege Punkten – der Organisatioun vun der Kantin, dem Verkéiersopkommen ronderëm d'Haus vun de Kanner oder dem alldeegleche Fonctionement vun der Maison Relais – ass de Schäfferot konkret Äntwerte schëlleg bliwwen. D'Äntwert war ëmmer nees déiselwecht: "Daat kucke mir dono."

Esou kann een awer kee Projet vun dëser Gréisst verantwortlech plangen ! Eier fir e Projet vun esou enger Gréisstenuerdnung ronn 10 Milliounen Euro engagéiert ginn, mussen déi wesentlech Froen beäntwert sinn – an net eréischt nodeems de Projet gestëmmt gouf.
Amplaz op déi a berechtegt Froen anzegoen, huet de Buergermeeschter sech hannert der vermeintlecher Urgence vum Projet verstoppt an e Vote erzwongen. Doduerch ass de Conseilleren d‘ Méiglechkeet geholl gin, wieder wesenlech Froen ze stellen - ënner anerem zur Finanzéierung vum Projet.

Jo, Sandweiler brauch eng nei Maison Relais !

Mee d'Urgence ass kee Fräibréif fir eng hallef ausgeschaffte Planung, en intransparent Virgoen an e Manktem u Respekt géintiwwer dem Gemengerot. D'Conseillere sinn net do, fir einfach d'Hand ze hiewen, mee fir am Numm vun den Awunner kritesch nozefroen an d'Projeten ze kontrolléieren.

Wann all kritesch Fro als Stéierung empfonnt gëtt an all Diskussioun ofgewiirgt gëtt, da stellt sech eng legitim Fro: Ass de Projet wierklech esou schlecht virbereet, oder ass de Buergermeeschter net bereet, sech enger oppener an demokratescher Debatt ze stellen?

____________________

🇫🇷 Après la présentation du bureau d’études, les représentants des partis d’opposition ont posé au collège échevinal une série de questions techniques et organisationnelles concernant le projet. Malheureusement, il est rapidement apparu qu’aucune réponse satisfaisante n’avait été apportée aux questions les plus importantes.
L’emplacement prévu pour la nouvelle Maison Relais, situé « an de Jéchstécker », relativement éloigné du site scolaire actuel, signifie que les enfants devraient faire plusieurs fois par jour la navette entre l’école et la Maison Relais, par tous les temps. Il n’a pas été expliqué comment cette organisation pourrait être mise en place de manière sûre, pratique et efficace. Il a certes été affirmé que d’autres emplacements avaient été étudiés, mais ni les sites concernés ni les raisons de leur exclusion n’ont été précisés.
D’autres points importants sont également restés sans réponses concrètes de la part du collège échevinal : l’organisation de la cantine, l’augmentation du trafic autour de la structure d’accueil ou encore le fonctionnement quotidien de la Maison Relais. La réponse était toujours la même : «Nous examinerons cela plus tard.»

Or, un projet d’une telle envergure ne peut être planifié de manière responsable de cette façon. Avant d’engager environ 10 millions d’euros dans un projet de cette importance, les questions essentielles doivent avoir reçu des réponses claires, et non seulement après l’approbation du projet.
Au lieu de répondre à ces questions légitimes, le bourgmestre s’est retranché derrière l’urgence supposée du projet et a imposé un vote. Les conseillers ont ainsi été privés de la possibilité de poser d’autres questions essentielles, notamment concernant le financement du projet.

Oui, Sandweiler a besoin d’une nouvelle Maison Relais !

Mais l’urgence ne saurait servir de prétexte à une planification inachevée, à un manque de transparence et à un manque de respect envers le conseil communal. Les conseillers ne sont pas là pour simplement lever la main, mais pour poser des questions critiques au nom des habitants et exercer leur mission de contrôle des projets.

Lorsque toute question critique est perçue comme une perturbation et que tout débat est étouffé, une question légitime se pose : le projet est-il réellement aussi mal préparé ou le bourgmestre refuse-t-il tout simplement de se prêter à un débat ouvert et démocratique ?

📍 Muer de Moien, Dënschden 10. Mäerz um 9:00 Auer, ass eng weider Sëtzung vum Gemengerot. Prochaine réunion du conseil c...
09/03/2026

📍 Muer de Moien, Dënschden 10. Mäerz um 9:00 Auer, ass eng weider Sëtzung vum Gemengerot.

Prochaine réunion du conseil communal - demain matin, mardi 10 mars à 9:00h à la mairie de Sandweiler.

08/03/2026
🌻🥂 Réckbleck op eisen Neijoerspatt 2026 - zesummen mat de Kollegen vu Contern, Schëtter a Weiler-la-Tour. E grousse Merc...
14/02/2026

🌻🥂 Réckbleck op eisen Neijoerspatt 2026 - zesummen mat de Kollegen vu Contern, Schëtter a Weiler-la-Tour.
E grousse Merci u jidereen deen dobäi war, fir e flotten Owend a gudder Gesellschaft !

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng Sandweiler publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à déi gréng Sandweiler:

Raccourcis

Partager

Catégorie