03/06/2026
Léiert d’Anne Steichen am Portrait am Tageblatt besser kennen. Als Schäffe vun der Gemeng Groussbus-Wal an als Member vum CSJ Nationalcomité setzt hat sech fir d’Interesse vun de Bierger an deene Jonken an.
Liest hei de ganzen Artikel:
Frauen in der Lokalpolitik | Das „Küken“: Die Zweite Schöffin in Grosbous-Wahl studiert noch
Anne Steichen: Junge Politikerin aus Grosbous-Wahl, engagiert in Lokal- und Europapolitik, mit Fokus auf Gemeindefusion, Nachhaltigkeit und authentischem, verantwortungsbewusstem Handeln.
20/05/2026
Mateneen. Fireneen. Ried zur Lag vun der Natioun.
Eise Premierminister Luc Frieden huet d‘Wichtegkeet vum Sujet Logement ënnerstrach. D‘Regierung ass sech hirer Verantwortung bewosst a léist déi Jonk net am Ree stoen.
19/05/2026
Mateneen. Fireneen. - Ried zur Lag vun der Natioun 2026
De Staatsminister a Parteipresident, Luc Frieden huet haut nach emol ënnerstrach, wéi wichteg et ass déi Jonk an hir mental Gesondheet ze schützen.
17/05/2026
CSJ wënscht alle Schüler bonne Chance bei hiren Ofschlossexamen.📚 Daume si gedréckt.✊🏻🍀
10/05/2026
🇱🇺 🤝 🇮🇪 Eise President, Metty Steinmetz, an eisen Internationale Sekretär, Mich Weber, ware fir d'CSJ um YEPP Council Meeting zu Dublin an Irland. Dëst Treffe stoung ënnert dem Thema „Getting Growth Going - Driving a European Economic Revival“.
Wärend dem Event hu mir ënnert anerem iwwert d'Kompetitivitéit, ekonomesch Erausfuerderungen, sou wéi och iwwert Sécherheet a geopolitesch Konflikter geschwat.
Mir haten d'Méiglechkeet eis mam iresche Vize-Premier a Finanzminister, Simon Harris TD, der Ausseministesch Helen Mc Entee an dem fréiere Premierminister Leo Varadkar T.D. auszetauschen.
🇪🇺 Thanks to Young Fine Gael and YEPP for organising this Council Meeting.
📷 Ákos Kaiser
24/04/2026
📢 Good News!
D’Studentefoire kënnt endlech zeréck an d’Stad!
Mir haten eis schonn am November 2025 kloer dofir ausgeschwat an domat d’Positioun vun der ACEL ënnerstëtzt, elo gëtt dëst Realitéit. 💪
Mee dat ass nach net alles:
👉 D’Foire gëtt méi breet opgestallt.
👉 Méi Offer och fir déi, déi zum Beispill eng Berufsausbildung maachen wëllen.
Mir als CSJ fannen dëse Schrëtt gutt! 🚀