CSV Gemeng Jonglënster

CSV Gemeng Jonglënster

Partager

CSV Sektioun vun der Gemeng Jonglënster.

Photos from CSV's post 29/04/2026

👉 Interessanten Owend iwwert Resilienz a Sécherheet, mat vill neiem Input fir eis Gemeng! Wéi ëmmer war eis Sektioun gutt vertrueden 😀

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 26/04/2026

📣 News aus der Gemengerotsëtzung vum 24. Abrëll 2026. Fannt hei weider Informatiounen zu de verschiddene Punkten ⤵️

04/04/2026

🇱🇺 D’CSV Jonglënster wënscht iech alleguerte schéin Ouschteren! 🐇
🇫🇷 Le CSV Junglinster vous souhaite de belles Pâques ! 🐰
🇬🇧 The CSV Junglinster wishes you a happy Easter! 🥚
🇵🇹 O CSV Junglinster deseja-lhe uma Páscoa feliz! 💝

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 29/03/2026

💡 E Samsdeg hu mi zu Schweebech en innovative Bauprojet besicht.
🏡 D’Wunnanlage mat 16 Haiser erreecht dank Solarenergie an Äerdwäermt eng ronn 80% energeetesch Onofhängegkeet.

🤝 Merci dem Gerard Zoller, Buergermeeschter vun der Gemeng Sëll an dem Paul Kauten vum Energiepark Réiden SA fir d’Erklärungen zu den Hannergrënn an dem Konzept.☀️ Dee flotten Austausch huet eis wäertvoll Ablécker an nohalteg Bauweise ginn.

👉 Esou Visitten si fir eis wichteg, fir um neiste Stand vun der Entwécklung ze sinn an informéiert iwwert Alternativen diskutéieren ze kennen, dëst ëmmer am Interessi vun eiser Gemeng. Duerno hu mir de Moie bei engem gemittleche Mëttegiessen ausklénge gelooss.

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 26/03/2026

📣 News aus der Gemengerotsëtzung vum 25. Mäerz 2026. Fannt hei weider Informatiounen zu de verschiddene Punkten ⤵️

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 23/03/2026

👉 Dëse Samsdeg war den CSV Nationalkongress! 🗳️ De Premierminister Luc Frieden gouf a sengem Amt als Parteipresident bestätegt, eis Gléckwënsch! 👏

🤝 Als Lënster Sektioun wäerte mir elo duerch den Tom Weber am Nationalkommitee vertruede sinn. Och him wënsche mir eng glécklech Hand a senger neier Missioun. ✅

🚀 Mir freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht mat all de Gremie vun der Partei, mat neien Impulser an engem konstruktiven Austausch am Sënn vun de Bierger. |

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 07/03/2026

📣 News aus der Gemengerotsëtzung vum 6. Februar 2026. Fannt hei weider Informatiounen zu de verschiddene Punkten ⤵️

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 27/02/2026

🗳️ Kannergemengerot - Walen 🗳️

👉 Haut hunn d‘Wale fir deen neie Kannergemengerot stattfonnt. De Kanner eng Stëmm ginn, hier Iddien zesummen ëmsetzen an Demokratie förderen! Mir freeën eis op den Austausch.

✅ Domadder gëtt ee weidere Punkt aus dem Koalitiounsaccord ëmgesat.

🤝 Ee grousse Merci dem GAPLO, der Jugendkommissioun, an dëm Gemengerot fir d‘Zesummenaarbecht!

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 26/02/2026

👉 Gelongene Bezierkskongress vun der CSV Osten, ënnert der Leedung vun der Kongresspresidentin Françoise Hetto-Gaasch, zu Ruedt-Syr.

🤝 4 Leit aus eiser Sektioun wäerten am Bezierkscomité vertruede sinn: de Jean Boden, d' Mireille Hinkel-Tadaszak, den Tom Weber an de Mich Weber. Ausserdeem wäert d' Mireille Hinkel-Tadaszak d'CSF Osten präsidéiere wärend de Mich Weber d'Sekretariat vun der CSJ-Osten weiderféiert.

👏 Mir felicitéieren häerzlech dem Ricardo Marques fir seng Confirmatioun als Bezierkspresident. 98 % vun de Memberen hunn him hiert Vertrauen ausgeschwat.

👉 Grousse Merci un de Premierminister Luc Frieden, den Inneminister Léon Gloden, an den Deputéierte Laurent Zeimet, Alex Donnersbach, Octavie Moderta Stéphanie Weydert fir hir interessant a motivéierend Rieden. Merci och dem Chamberspresident Claude Wiseler an dem Aarbechtsminister Marc Spautz fir hier Präsens.

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 12/02/2026

👉 Dëse Mëttwoch huet d’Generalversammlung vun onser Sektioun an der Buvette op Fréinen stattfonnt.
✅ Mat ronn 50 Memberen hu mir op d'Joer 2025 zeréck gekuckt a gläichzäiteg de Bléck op déi zukünfteg Jore geworf.
🤝 Niewent dem offiziellen Deel an der Éierung vu laangjärege Member huet den Deputéierten a Bezierkspresident Ricardo Marques eis seng Vue zu der zukünfteger Ausriichtung vun eiser Partei duergeluecht.
🚀 Duerno hu mir den Owend bei engem Patt, an engem gudde Maufel vum Atelier protégé "op der Schock" vu Réiden ausklénge gelooss.
CSV | CSV Osten | CSJ-Osten

Photos from CSV Gemeng Jonglënster's post 01/02/2026

👉 Mam Neijoerschpatt vun der CSV Osten gouf en Donneschdeg dat neit politescht Joer offiziell fir eise Bezierk agelaut.
🎉 Als CSV Jonglënster ware mir wéi ëmmer gutt vertrueden an hate vill interessant Gespréicher.
🤝 Mir sinn och 2026 voll motivéiert zesumme fir Iech ze schaffen an eis fir eis Gemeng ze engagéieren.
CSV | CSV Osten | CSV Gemeng Jonglënster

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 22:00
Mardi 09:00 - 22:00
Mercredi 09:00 - 22:00
Jeudi 09:00 - 22:00
Vendredi 09:00 - 22:00
Samedi 09:00 - 22:00
Dimanche 09:00 - 22:00