CSV Rëmeleng

CSV Rëmeleng

Partager

Méi no. Méi beweegen. Fir Rëmeleng.
#teamrëmeleng
https://remeleng.csv.lu/

Gemeinderat | Neue Verteilung von Zuschüssen: Das ändert sich für Rümelinger Vereine 10/04/2026

✅✅

📢 Zwee weider Punkten aus eisem Walprogramm vun 2023 konnten endlech ëmgesat ginn:

1️⃣ *De Resistenzwee*

De Resistenzwee ass ausgeschafft ginn a gëtt ab nächstem Weekend promouvéiert. Dat ass e wichtegt Zeeche géint d’Vergiessen vun dëser schwéierer Zäit a virun allem eng Erënnerung un all déi, déi sech géint den Naziregime gewiert hunn.

Mir freeën eis, datt dëse Projet endlech Realitéit ass, a mir ënnerstëtzen all weider Verbesserung. 🫱🏻‍🫲🏼

2️⃣ *De Subsideschlëssel*

De Subsideschlëssel ass endlech opgestallt a gestëmmt ginn. No ville Joren , wou mir dat ëmmer nees am Gemengerot gefuerdert hunn, a mat Excuse vertréicht gi sinn, ass en elo endlech ëffentlech, sou datt all Veräin transparent nokucke kann, wéini a wéivill Subside kënnen ugefrot ginn.

Dat ass e wichtege Schrëtt a Richtung méi Transparenz, besonnesch fir d’Veräinsliewen, dat eng zentral Roll an eisem Duerf spillt. ☝🏻

https://www.tageblatt.lu/Luxemburg/Neue-Verteilung-von-Zuschuessen-Das-aendert-sich-fuer-Ruemelinger-Vereine-63407.html

👉🏻 Mir notzen dës Geleeënheet och fir nach eng Kéier un eis Proposen zur Vergab vun de Gemengewunnengen ze erënneren. 🤌🏻
Déi sozial Gemengewunnengen, oder a verschiddene Fäll och spontan als Noutwunnenge bezeechent, gi bis elo ouni kloer an transparent Krittären u verschidde Bierger verdeelt.

Eis Propose goufe leider vun der Majoritéit belächelt, obwuel si mat engem transparente Vergabeschlëssel däitlech méi Gerechtegkeet, Kloerheet a virun allem Transparenz zu Rëmeleng brénge kéinten.

Eppes, wat an deem Dossier nach ëmmer feelt 🔎🤔

Gemeinderat | Neue Verteilung von Zuschüssen: Das ändert sich für Rümelinger Vereine Gemeinde Rümelingen führt neues transparentes Punktesystem für faire Vereinsförderung ein, unterstützt Sport-, Kultur- und Sozialvereine mit angepasstem Budget und fördert vielfältiges Vereinsleben nachhaltig.

05/04/2026
Photos from CSV Rëmeleng's post 04/04/2026

🐰🥚 Ouschteraktioun zu Rëmeleng 🥚🐰

Haut ware Memberen vun der CSV Rëmeleng mat eisem Ouschterhues ënnerwee an hu mat eiser traditioneller Eeëraktioun vill kleng Freed verdeelt.

Ob kleng oder grouss, et war schéin esou vill laachend Gesiichter ze gesinn 😊

E grousse Merci un all déi léif Leit, déi mir haut begéint hunn, an och un eis lokal Geschäftsleit fir déi flott Gespréicher an déi waarm Begréissung.

Mir wënschen all eise Bierger schéin a friddlech Ouschteren! 🐣🌷

04/04/2026

Nëmmen komme mir virun ☝🏻

04/04/2026

Opgepass, den hues ass ennerwee 🐇🐰 🤪

04/04/2026

🐰

Och wann d’Wieder eis haut net ganz gewollt ass… loosse mir eis net dovunner ofhalen. 🌧️

Eppes ass erëm am Duerf ënnerwee… liicht ze héieren, schwéier ze gesinn.

Maacht d’Aen op, vläicht gesitt dir en flauschege Besuch… 👀

A wann dir Gléck hutt, huet hien och e puer kleng Séissegkeeten dobäi. 🥚🍬

Eis alljährlech Eeëraktioun ass lancéiert.

Vill Spaass bei der Sich… 😉

!!

01/04/2026

🚧 Verkéiersentlaaschtung zu Rëmeleng: eng nei Léisung kënnt! 🚧

No ville Reklamatiounen iwwert de Verkéier, d’Parkplazen an natierlech d’legendär Steigungen zu Rëmeleng, presentéiert d’CSV haut eng revolutionär Iddi:

👉 Eng Seelbunn duerch d’Stad! 🚡

D’Zil: de Verkéier entlaaschten… 😄

📍 Geplangt sinn ënner anerem Haltestellen:

- bei der Gare 🚉
- beim Zentrum / Gemeng 🏛️
- ⁠beim Musée ⛏️
- an am Quartier beim Terrain ⚽

💡 Besonnesch Feature:

- „Express-Kabinnen“ fir déi, déi moies erëm ze spéit sinn ⏱️

- Panoramafensteren fir déi schéin Vue iwwer Rëmeleng 🌄

- An eng speziell „Afterwork-Kabinn“ fir de Wee heem e bëssen méi gemittlech ze maachen 🍻😉

💬 Laut eisen Informatiounen ass de Projet schonn an enger fortgeschrattener Etapp a mir waarden just nach op d’Zoustëmmung vun der LSAP, déi de Projet sécher geschwënn als hir eegen Iddi presentéiert 😉

Mir mengen: eng praktesch, ekologesch an liicht ofgehuewen Léisung fir Rëmeleng!

👉 Wat mengt dir dozou? Gudd Iddi oder bleift dat nach e puer Joer „um Drot hänken“? 😉

wënscht Iëch all e schéinen 1st Abrëll 🤪

Photos from CSV Rëmeleng's post 14/03/2026

🥨🥨🥨

Haut de moien hate mir zu Rëmeleng eis traditionell Bretzelaktioun 🤩.

Mir hunn de Bierger aus dem Duerf, grad esou wéi och eise Geschäftsleit, eng Bretzel verdeelt. E klenge Geste fir Merci ze soen a fir e bëssen Traditioun oprecht ze erhalen ☝🏻.

Besonnesch gefreet, huet et eis och, dem Personal aus dem SEA, déi haut eng Formatioun haten, e klenge Besuch ofzestatten. Mat eiser Bretzel wollte mir hinnen de Kuer e bëssen méi séiss maachen an hinnen och e grousse Merci fir hiren deeglechen Asaz an der Maison Relais ausdrécken 🫱🏻‍🫲🏼.

Et ass ëmmer schéin ze gesinn, wéi esou kleng Momenter Leit zesummebréngen an e bëssen Freed am Alldag verbreeden.

Merci Rëmeleng ❤️‍🔥

14/03/2026

Mir si prett fir eis traditionell Bretzelaktioun zu Rëmeleng 🤪

🖤💙❤️

Photos from CSV Rëmeleng's post 24/02/2026

Geschter ware mir um Südbezierkskongress present ☝🏻.

Mir gratuléieren dem Françoise Kemp ganz häerzlech zu sengem flotte Resultat a wënschen him vill Erfolleg a senger neier Funktioun als Südbezierkspresidentin! 🍀🔝

Als ënnerstëtze mir natierlech och de nei gewielte Comité a freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht am Interessi vun eisem Südbezierk 🫱🏻‍🫲🏼.

Gläichzäiteg soe mir dem Guy Breden e grousse Merci fir seng engagéiert a wäertvoll Aarbecht an de leschte Joren als Südbezierkspresident 👏🏻.

Photos from CSV Rëmeleng's post 22/02/2026

📢

Egal ob an der Schoul, op der Aarbecht oder am digitale Raum, Mobbing kann all Mënsch treffen.

Haut, den 22. Februar, um Weltmobbingdag, setze mir e kloert Zeechen géint Mobbing ☝🏻.

E grousse Merci an all Respekt un d’Vanessa Tani (Ro Si) vun , dat haut am Spektrum zu Rëmeleng, iwwert d’Problematik Mobbing sensibiliséiert huet 👏🏻.

D’Vanessa gouf rezent mat engem Präis 🏆 fir säin benevollt Engagement géint Mobbing ausgezeechent, eng verdéngt Unerkennung fir säin asazräiche Bäitrag 🫱🏻‍🫲🏼.

Och Vertrieder vun der haten sech haut Zäit geholl, fir déi wichteg Opklärungscampagne ze besichen an esou dozou bäizedroen, datt d’Thema weider no bausse siichtbar gemaach gëtt 👍🏻.

Wäertschätzung, Empathie a Respekt däerfen net nëmmen eidel Wierder sinn, si mussen all Dag an iwwerall gelieft ginn.

Well nemmen All zesumme si mir staark 🙌🏻.

Photos from CSV Rëmeleng's post 21/02/2026

🏰🔥 Buergbrennen zu Rëmeleng, eng Traditioun déi verbënnt! 🫱🏻‍🫲🏼

Haut hate mir d’Freed, beim Buergbrennen hei zu Rëmeleng dobäi ze sinn. Eng schéin Traditioun, déi all Joer fir eng eenzegaarteg Ambiance suergt an d’Leit zesummebréngt 🙏🏻.

E grousse Merci un eist Gemengepersonal, dat mat vill Asaz an Engagement fir eng flott Organisatioun gesuergt huet 👏🏻.
🚒 Och e ganz häerzleche Merci un eis fräiwëlleg Pompjeeën, déi ëmmer do sinn, wann se gebraucht ginn.

Besonnesch flott ass, datt d’Buergbrennen dëst Joer samschdes organiséiert gouf. Esou konnt een nach méi laang vun dësem flotte Site an der besonnescher Stëmmung vun eiser Traditioun profitéieren.

Rëmeleng lieft vu sengem Zesummenhalt an och wann am Gemengerot just eng Meenung dierf déi richteg sinn, mir gesinn awer haut erëm: D’Rëmelenger loossen sech net spalten 💪🏼.

Mir stinn zesummen, mir droen eis Traditiounen a mir maachen aus esou Momenter dat, wat eis Stad wierklech ausmécht.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse

Luxembourg