26/10/2026
🍷🧀 Eng gelongen 3. Editioun vun eisem Wäin- a Kéisowend!
Och dëst Joer duerfte mir e flotten a gesellegen Owend zesumme verbréngen, mat interessanten Erklärunge vum Här Dechen Claude Bache an den Häre vun den Domaines Vinsmoselle André Mehlen a Josy Gloden. 🍇🍷
E grousse Merci och un La Provençale, déi eis mat enger exzellenter Auswiel u feine Kéisen an engem aussergewéinlech gudde Service verwinnt huet! 🧀
E ganz besonnesche Merci geet un eis ganz Ekipp, déi mat hirem onermiddlechen Asaz, hirer Hëllef an hirem Engagement dëse flotten Owend iwwerhaapt méiglech gemaach huet! 💙
An natierlech e grousse Merci un all eis Gäscht, déi dobäi waren an zu dëser wonnerschéiner Atmosphär bäigedroen hunn!
Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun! 🥂
Är Sektioun DP Hesper 💙