déi gréng Diddeleng

Site Web Contacter l'organisation

déi gréng Diddeleng Diddelenger Lokalsektioun vun déi gréng. D’Lokalsektioun trëfft sech ongeféier emol am Mount haaptsächlech fir d’Gemengerotssëtzunge gemeinsam virzebereeden.

❓ Defence Campus zu Diddeleng: Firwat schweigt de Schäfferot?Um fréiere Liberty-Steel-Site soll en „Defence Campus“ ents...
22/10/2026

❓ Defence Campus zu Diddeleng: Firwat schweigt de Schäfferot?

Um fréiere Liberty-Steel-Site soll en „Defence Campus“ entstoen. Déi éischt Entreprisen kéinte sech schonn Enn 2027 do néierloossen. Am Gemengerot war de Projet bis elo awer nach kee Sujet.

Mir wëllen dofir wëssen:

🔹 Firwat gouf de Gemengerot net informéiert?
🔹 Gëtt et eng ëffentlech Informatiounsversammlung fir d’Diddelenger?
🔹 Ass Produktioun virgesinn, och vu Munitioun oder Sprengstoff?
🔹 Wou zitt de Schäfferot seng ethesch Grenzen, och bei den Exporter?

E Projet vun dëser Dimensioun brauch Transparenz an eng éierlech ëffentlech Debatt.

👉 All eis Froen: dudelange.greng.lu

déigréng

« Opposition fordert Karten für risikobehaftete Zonen in DüdelingenDie anhaltende Trockenheit der vergangenen Jahre hat ...
26/09/2026

« Opposition fordert Karten für risikobehaftete Zonen in Düdelingen

Die anhaltende Trockenheit der vergangenen Jahre hat zu Veränderungen im Tonboden geführt. Häuser riskieren dadurch, Risse und weitere Folgeschäden zu entwickeln. In Esch mussten Ende Juli 15 Personen ihr Zuhause in der rue Curé Jacques verlassen, nachdem die Gemeinde aus Sicherheitsgründen eine Zwangsräumung verordnet hatte. Esch ist kein Einzelfall. Am Freitagmorgen war die Rissentwicklung Thema im Düdelinger Gemeinderat, dies auf Anfrage der Oppositionspartei „déi gréng“. »

Link zum Artikel:

Trockenheit kann tonhaltige Böden verändern und damit auch Häuser belasten. In Düdelingen forderten „déi gréng“ deshalb eine Karte der Risikozonen und mehr Information für die Bevölkerung.

Rëss an der Mauer? Dat kann um Buedem leien.No dësem ongewéinlech dréchene Summer gouf aus Esch vu Rëss an Haiser berich...
24/09/2026

Rëss an der Mauer? Dat kann um Buedem leien.

No dësem ongewéinlech dréchene Summer gouf aus Esch vu Rëss an Haiser bericht. Mat der Klimaverännerung kréie mir méi waarm an dréche Summeren an ëmmer méi heefeg staarke Reen. Leembiedem reagéiere besonnesch empfindlech drop: bei Dréchent schrumpen se, wa se naass ginn, quelle se op. Dat bréngt de Buedem a Beweegung, an dat kann zu Rëss a Maueren, Fassaden a Fundamenter féieren.

Vill Leit wëssen awer net, ob hiert Haus oder hire Bauterrain op esou engem Buedem steet.

Eis Gemengeconseillère Semiray Ahmedova an eise Gemengeconseiller Yves Steffen hunn dofir op zwou Plazen nogehaakt.

Eng Motioun fir de Gemengerot vum 25. September. Mir froen de Schäfferot:

d’Thema an der Bautekommissioun respektiv an der PAL-Kommissioun op den Dësch ze leeën, fir ze kucken, wéi mir déi betraffe Leit sensibiliséieren an ënnerstëtze kënnen;
ze préiwen, wéi een d’Zone mat Leembiedem kartéiere kann, an dës Informatioun fir jiddereen einfach zougänglech ze maachen.

Eng Fro un de Schäfferot, well och d’Gemeng selwer betraff ka sinn:

Goufen d’Gemengegebaier op Schied iwwerpréift?
Hunn d’Stroossen an d’Infrastruktur dëse Summer Schued geholl?
Wat kascht dat, wat iwwerhëlt d’Versécherung a wat bedeit et fir d’Bierger an d’Personal?
Wéi kënne mir esou Schied an Zukunft vermeiden oder reduzéieren?

Wien de Risiko kennt, ka virbeugen. Dat gëllt fir d’Gemeng grad esou wéi fir all Proprietär.

Méi Infoen op diddeleng.greng.lu

18/09/2026
10/09/2026

Eise Recap³ ass do! Ee Joer Aarbecht am Diddelenger Gemengerot (07/2025 – 07/2026): eis Froen, eis Interventiounen an eis Motiounen — dat wat duerchkomm ass, an dat wat net.
diddeleng.greng.lu

23/07/2026

D’Semi an den Yves am Gemengerot an d‘Francise an de Bob an der Ëmweltkommissioun hunn sech dofir agesat, dass d‘Ewechmaache vun Näschter vun der Asiatescher Runn finanziell ënnerstëtzt gëtt. 🐝🐝🐝

Am leeschte Gemengerot virun der Summervakanz froe mir de Schäfferot, wat si zënter engem Joer a Punkto Klimaresilienz ë...
09/07/2026

Am leeschte Gemengerot virun der Summervakanz froe mir de Schäfferot, wat si zënter engem Joer a Punkto Klimaresilienz ënnerholl hunn a wéi eng Strategie fir déi kommend Caniculle virgesi ginn.

Kuckt ran op https://dudelange.greng.lu

03/06/2026

happy ärch all!

Eis Nopeschlokalsektioun luedt an op ee Fréijoers-Trëppeltour!
27/05/2026

Eis Nopeschlokalsektioun luedt an op ee Fréijoers-Trëppeltour!

Fréijoers-Trëppeltour e Samschden, den 30. Mee! Vergiesst net iech unzemellen! 💚🍀🌻

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque déi gréng Diddeleng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à déi gréng Diddeleng:

Raccourcis

Partager

Catégorie