CSV Niederanven

CSV Niederanven

Partager

Hutt dir Loscht eis Gemeng zesumme virun ze bréngen? / Would you like to move our commune forward? D'Facebook-Säit vun der CSV Nidderaanwen!

13/05/2026

Och wann d'Gemengewale scho bal 3 Joer zeréckleien, sou hält eist deemolegt Kandidaten-Team och haut nach zesummen an huet weiderhi vill Freed dru gemeinsam Zäit ze verbréngen an eppes z'ënnerhuelen. Sou wéi gëschter Owend, wou vill et zäitlech konnten arrangéiere fir zesummen iessen ze goen, wou vill gelaacht a gezielt gouf a mir flott Stonne verbruecht hunn! 💪🏼

09/05/2026

Mir wënschen Iech haut um 9. Mee e schéinen Europadag! 🇪🇺

01/05/2026

Mir wënschen Iech all e schéinen 1. Mee! ☀️

05/04/2026

D'CSV Nidderaanwen wënscht Iech all SCHÉIN OUSCHTEREN! 🐣

Photos from CSV Niederanven's post 24/03/2026

Hei e puer Andréck vun eiser Generalversammlung gëschter Owend am A Schommesch zu Ueweraanwen.
Villmools Merci deene ronn 60 Memberen, neie Gesiichter a Frënn déi dobäi waren an e grousse Merci un eise Finanzminister Gilles Roth fir säi Besuch a säin interessante Virtrag zur Steierreform.👏🏼
E schéinen Owend un deem och eis laangjäreg Membere geéiert goufen.🎊 Bei engem gudde Patt & Maufel an interessante Gespréicher hu mir d'Generalversammlung ausklénge gelooss.🌭🥂🍪

16/03/2026

🇱🇺 Jiddereen ass häerzlech Wëllkomm!
🇬🇧 Everyone is very welcome!

Photos from CSV Niederanven's post 11/03/2026

Gëschter Nomëtten hate mir d'CSV Senioren bei eis am "A Schommesch" fir hire Kongress. Zu Gaascht waren och eis Ministesch fir Gesondheet & sozial Sécherheet Martine Deprez, wéi och eise Premierminister Luc Frieden.
Mir si frou konnten eng Hand mat unzepaken an hunn eisen CSV Senioren als Sektioun den Éierewäin offréiert!🥂
(Fotoen: Claude Kaufmann) 📸

06/03/2026

Gëscht ware mir um Bezierkskongress op der Schéiss, wou d'CSV Zentrum en neie President & Comité gewielt huet.🗳
Mir gratuléieren de Gewielten a wënschen hinne vill Succès an eng glécklech Hand an hirer neier Roll.
Doriwwer eraus freeë mir eis, dass zwee Membere vun eis, d'Marthe Scharfe an Alex Koob, an de Bezierkscomité gewielt goufen. Gratulatioun!👏
Des weidere si mir mam Rose & Marthe Scharfe och am Comité vum CSF Zentrum vertrueden.🎉

Photos from CSV Niederanven's post 16/01/2026

E grousse Merci un all di Leit, déi gëscht mat eis op dat Neit Joer ugestouss hunn.🥂🍀
Mir hunn eis iwwert den häerzleche Besuch vun eisem Generalsekretär Alex Donnersbach an Deputéierte Maurice Bauer gefreet, wéi och iwwert eis Frënn aus der Nopeschgemeng Conter. Et war eis eng Freed nieft bekannten, och nees nei Gesiichter wéi och eis béid Éierepresidente Paul Reding a Jacques Bauer bei eis ze hunn.
Mir hoffen, dir all hat sou vill Freed um Owend wéi mir.🙏🏼
Hei e puer Andréck!📸
(Fotoen: Uli Fielitz)

Photos from CSV Niederanven's post 09/01/2026

Gëscht war eis CSV Nidderaanwen um nationalen Neijoerschpatt gutt vertrueden!🍾
An net vergiessen, en Donneschden, 15.01. ab 19:30, steet eise Patt am "A Schommesch" un - zu Ueweraanwen nieft der Gemeng. Mir freeën eis op Iech a gemeinsam op dat Neit Joer unzestoussen! 🥂🍀

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg