"Ech wäert mech ëmmer dofir asetzen, datt mir zu Lëtzebuerg matenee liewen an net laanschtenee."
ADR Norden
De Norden ass d'Stéifkand vu Lëtzebuerg? Net mat eis! Mir setzen eis konsequent fir d'Uleiesse an
01/05/2026
Schéin Ouschteren 🐣
26/03/2026
Mir sinn elo och op Instagram. Kuckt emol eran!👇
ADR - Bezierk Norden (@adr.norden) • Instagram photos and videos 0 Followers, 10 Following, 2 Posts - See Instagram photos and videos from ADR - Bezierk Norden (.norden)
20/03/2026
Nordstroosstunnellen – et gi mol keng Ersatzstécker!
Nordstroosstunnellen – et gi mol keng Ersatzstécker! – adr Webseite Wat d’Bierger, déi fir hire Wee op d’Aarbecht op d’Nordstrooss ugewise sinn, säit mëttlerweil bal zwee Méint matmaachen, geet op keng Kouhaut méi. Fir d’éischt falen d’Ventilatoren an den Tunnellen no kaum zéng Joer aus, wouropshi Spueren a béid Richtungen hu misse gespaart ginn. D...
19/03/2026
Iwwerhuelspuer tëscht Housen an dem Duerschterhaischen gespaart?
Dem Automobilist bleift zu Lëtzebuerg awer och näischt erspuert. Nodeems op der A7 schonn zwee Tunnellen deelweis gespaart goufen, kënnt et elo nach méi déck!
Den Norddeputéierte Michel Lemaire verlaangt an enger dréngender parlamentarescher Fro no Äntwerten:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Nodeems op der A7 (“Nordstrooss”) schonns d’Spueren an zwee Tunnelle gespaart goufen an et dowéinst all Dag zu massivem Stau kënnt, gouf mam Datum vun haut annoncéiert, datt vum 23. Mäerz u bis Mëtt 2028 – also iwwert zwee Joer (!) – d’Iwwerhuelspuer tëscht Housen an dem Duerschterhaischen gespaart wäert ginn an d’Vitess op 70 Kilometer limitéiert gëtt.
Dëst wäert zu enger zousätzlecher Belaaschtung féieren an d’Automobilisten, déi all Dag op dës Streck ugewise sinn, haaptsächlech fir schaffen ze goen, verléieren elo zousätzlech zum bestoende Chantier nach méi Zäit.
An deem Zesummenhang hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
Gouf am Verkéiersministère eng Analys duerchgefouert, wéi eng Konsequenzen déi uewe genannte Spärung op d’Automobiliste wäert hunn, besonnesch wat den zousätzlechen Zäitverloscht ugeet? Wa jo, mat wéi engem Zäitverloscht mussen d’Automobilisten elo rechnen, besonnesch Owes am Beruffstraffic?
Firwat koum et net zu enger Koordinatioun, déi dozou gefouert hätt, datt déi zwee uewe genannte Chantieren net parallel zouenee bestinn?
Huet d’Regierung iergendwelch Alternativen an d’A gefaasst, fir de massiven Zäitverloscht, mat deem d’Automobilisten, déi all Dag op d’Nordstrooss ugewise sinn, konfrontéiert sinn, ofzefiederen?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten
18/03/2026
De Bezierk Norden um ADR Nationalkongress 2026 🇱🇺
👉Nordstrooss: STAU, STAU, STAU a (keen) Enn a Siicht? 🚗🚛
05/02/2026
E puer Andréck vun eisem Kongress vu gëschter 📸
Mir hu vill gelaacht, spannend a wichteg Themen diskutéiert a kucken elo motivéiert a positiv an d’Zukunft.
Merci u jiddereen, deen dobäi war – zesumme geet et virun! 💪✨
04/02/2026
Dréngend (❗️) gemeinsam parlamentaresch Fro vum Dan Hardy a Michel Lemaire
👉Sëllegen ACCIDENTER mat BLESSÉIERTEN haut! Et gouf NET GESTREET ❗️
👉Firwat waren d’Ekippe vu Ponts & Chaussées, déi normalerweis eng exzellent Aarbecht leeschten, hei net am Asaz? Goufen si vum Ministère aus wouméiglech guer net an de Bereetschaftsdéngscht versat?
Schlëmm Mängel beim Streedéngscht? – adr Webseite An der Nuecht vum 3. op de 4. Februar 2026, souwéi och um Moie vum 4. Februar koum et uechter d’Land zu enger Rei Accidenter, well net gestreet gouf. Firwat waren d’Ekippe vu Ponts & Chaussées, déi normalerweis eng exzellent Aarbecht leeschten, hei net am Asaz? Goufen si vum Ministère aus wo...
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
