10/05/2026
Mir waren haut um hëllefen. Wat e schéint Fest! 🍀
Mir sinn eng flott Equipe vu Mierscher Leit fir en ökologescht an ressourceschounend Liewen.
10/05/2026
Mir waren haut um hëllefen. Wat e schéint Fest! 🍀
07/05/2026
22/03/2026
Haut mat um . 💚
20/03/2026
Cleaning our community and nature. Be part of it and join us tomorrow!
07/03/2026
Haut zu Dikrech um Kongress 👍
02/03/2026
Maacht mat! 🪣🧽🧹
31/12/2025
Déi läscht News pünktlech fir den Aperitif aus der „explosivster Gemeng“ aus dem Zentrum:
Léif Noperen aus de „rouegen Zonen“ ronderëm,
wärend et zu Lëtzebuerg op de meeschten Plazen den Owend esou roueg wäert sinn, dass een d'Raclette vun nierwendrunn brutschelen héiert, späitzt den Owend den Drach hei zu Miersch op der Mechelsplaz - eis Lagerklass ass ugesot: 1.1 extrem feierwüteg.
Keng Angscht, mir sinn dëst Joer offiziell d’ „Las Vegas aus dem Uelzechtdall“. Wärend eis Nopeschgemengen op Meditatioun a Vullengezwitscher setzen geheie mir d'Fakelen an d’Luucht: Mir sinn sou hell, mir liichten fir iech mat
An eis léif Noperen hannert der Gemengegrenz: Erschreckt net! Dat ass keng Baustell an och kee verspéitene Chantier op der A7 – dat ass just Miersch dat iech haart an däitlech matdeelt: 2026 ass do.
Un all d’Mierscher (an och all aner Matbierger): Loosst et den Owend knallen (d'Crémentsstëpp selbstverständlech) awer loosst d’Fangeren drun - mir wëllen 2026 schliisslech nach an der Lag sinn, d’Steiererklärung z'ënnerschreiwen.
D'ganz Ekipp vun déi gréng Miersch wënscht Iech an dësem Sënn: E gudde Rutsch an e schéint neit Joer! 🥂✨
P.S.: Wien den Owend säin Déierche vermësst – et ass warscheinlech grad um Wee op Noumer, wou et anscheinend „esou schéi roueg“ ass.
21/12/2025
✨🎄✨
🇱🇺 Schéi Feierdeeg a e gudde Rutsch an dat neit Joer!
🇩🇪 Schöne Feiertage und einen guten Rutsch ins neue Jahr!
🇫🇷 Belles fêtes de fin d’année et une excellente année à venir !
🇬🇧 Happy holidays and a great start into the New Year!
🇵🇹 Boas festas e um excelente Ano Novo!
✨🎄✨
🇱🇺 Schéi Feierdeeg a e gudde Rutsch an dat neit Joer!
🇩🇪 Schöne Feiertage und einen guten Rutsch ins neue Jahr!
🇫🇷 Belles fêtes de fin d’année et une excellente année à venir !
🇬🇧 Happy holidays and a great start into the New Year!
🇵🇹 Boas festas e um excelente Ano Novo!
François Benoy · Christa Brömmel · Nicolas Back · Linda Gaasch · Liudmila Branca, Gemengeréit
Fabricio Costa, Kopräsident
déi gréng Stad Lëtzebuerg🌻
09/12/2025
Déi schéinsten Zäit vum Joer, sou soen se.
Gëschter gouf et de Budget am Gemengerot fir d nächst Woch. Am Budget fënnt d’Oppositioun dann hoffentlech net méi Iwwerraschungen ewéi an hirem Adventskalenner – eent steet scho mol fest: manner Fairtrade Schockela.
Da verléieren mer mol keng Zäit 😜
15/11/2025
Am Kader vum nationalen Dag vum Bam sinn dëst Joër dann 3 Beem zu Recken op enger Spillplaz geplanzt ginn.
Genee 100 Kanner sinn am Joër 2024 an eiser Gemeng bäikomm a bei dëser 25. Editioun ware 40 Kanner dann och haut mat dobäi fir eng Hand matunzepaken.
Eng symbolesch a flott Aktioun 🍀
04/11/2025
Enn Oktober hate mir eis Rentréesversammlung. Bei gudder Stëmmung, Kéis a Wäin hu mir ë.a. iwwer follgend Erausfuerderunge an eiser Gemeng geschwat:
🤯 Explodéierend Käschte beim zukünftege Sportsterrain
😳 feelend Konzepter vun der Majoritéit fir eng zukünfteg Schoulinfrastruktur
🙁 keng Renaturéierung vun der Uelzecht
😫 kee Velo- a Foussgänger frëndlechen Ëmbau vun der N7
😟 e schwéierfellege Reservéierungssystem vum Flexibus
🤔 d' Zukunftsvisioun vun eisem Park
Op all dës Froen hu mir och Äntwerten a droe gär mat eise kreativen Iddien zur Léisung vun dësen Erausfuerderunge bäi.