CSV Osten
Official Page CSV-Osten
03/05/2026
Happy Birthday Domaines Vinsmoselle 🥂🍾
Iwwer 60 Joer ass d'Vinsmoselle eng richteg Lëtzebuerger Institutioun, dat geheiert gefeiert, ënnert anerem mat eisem Premierminister Luc Frieden an eise Ministeren Martine Hansen a Léon Gloden.
Op weider vill schéi Joren a gudde Lëtzebuerger Wäin 🎉
29/04/2026
21/04/2026
👉CSV am Dialog! Haut den Owend zu Iechternach, kommt laanscht.
🎤💬 Dir sidd häerzlech invitéiert, fir Iech mam Premierminister Luc Frieden , mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez,
mam Inneminister Léon Gloden a mat Ären Ost-Deputéierten auszetauschen - Fräien Entrée, Umeldung net néideg.
- Katastropheschutz: LU-Alert, Roll vum CGDIS, Gestioun vun de Risiken 🚨
- Resilienz vun de Gemengen: Robust lokal Infrastrukturen a kommunal Virbereedung 🏗️
- Resilienz vum Gesondheetssecteur: Medikamentenagence, Personal, Kapazitéiten 🏥
🗣️Mat eis diskutéieren:
- Guy Bley, Haut-Commissaire à la protection nationale
- Andrea Nicoletti, Resilienz-Officer vun der Gemeng Hesper
- Dr. Paul Wirtgen, Direkter vum Centre Hospitalier du Nord
Wou: Am Trifolion zu Iechternach, 2 Porte St. Willibrord, L-6486 Echternach, Luxembourg
Wéini: 21.04 ab 18:15 (Ufank 18:30)
🚌🚉🚗 Als CSV an CSJ läit eis d’Mobilitéit um Häerz.
Besonnesch am ländleche Raum ass et wichteg, d’Mobilitéit nei a besser ze denken.
Dofir wëlle mir gären äre Feedback mat abannen.
Mat dësem Google-Formulaire kënnt Dir eis matdeelen, wou bei Iech de Schong dréckt, esou datt mir eis gezielt fir Är Besoinen asetze kënnen.
https://forms.gle/5MV2rtaH9ttb4xteA
13/04/2026
🍇🍷🥂94. Maacher Wäimoart.
Deen traditionelle Rendez-Vous wou d’Lëtzebuerger Wënzer hier neiste Crue presentéieren.
🤝Vill Leit, gutt Gespréicher an eng formidabel Stëmmung.
Merci der Gemeng Maacher an alle Wënzer.
26/03/2026
🤝Eenheetlech Steierklass einfach erkläert.
Den CSV Finanzminister Gilles Roth huet gëschter zu Steenem, an der Gemeng Rouspert-Mompech, engem ganz interesséierte Publikum d'Steierreform vun der aktueller Regierung virgestallt.
👉D'CSV liwwert!
Stéphanie Weydert | Ricardo Marques | Octavie Modert | Léon Gloden | CSJ-Osten
23/03/2026
24 Stonnen fir de Max. 24 Stonnen op der Pist. 24 Stonne Relais pour la Vie 💜💜💜
Schonn dat zweet Joer hannerteneen huet CSV Osten a Friends staarken Teamgeescht gewisen an ass 24 Stonnen an der Coque gelaf a getrëppelt a Gedenken un de Max Hengel. D’Ënnerstëtze vun der Fondation Cancer ass eng Häerzens Ugeleeënheet. Fir de Max!
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
