01/06/2026
De Weekend hate mir op een interessante Moie mam grénge Mann zu Käl am Bësch invitéiert. Mir kruten een interessant Informatioune vun der Natur a krute flott Geschichte verzielt.
Duerno hu mer de Mëtte bei enger Zopp an engem gudde Gedrénks ausklénge gelooss.
Merci all den Interesséierten déi deel geholl hunn.
01/06/2026
De Weekend hate mir op een interessante Moie mam grénge Mann zu Käl am Bësch invitéiert. Mir kruten een interessant Informatioune vun der Natur a krute flott Geschichte verzielt.
Merci all den Interesséierten déi deel geholl hunn.
Duerno hu mer de Mëtte bei enger Zopp an engem gudde Gedrénks ausklénge gelooss.
20/05/2026
Fréijoers-Trëppeltour e Samschden, den 30. Mee! Vergiesst net iech unzemellen! 💚🍀🌻
12/05/2026
🟢 Gemengerot vum 6. Mee 2026 – eis Positiounen
Och dës Kéier hunn déi gréng konstruktiv matgeschafft, awer och kloer Kritik geäussert, wou Prioritéiten an déi falsch Richtung ginn.
✅ Matgestëmmt hu mir:
🌱 Mise à disposition vun engem Gemeinschaftsgaart
🌳 Konventioun mam SICONA: 44 Uebstbeem + Bau vun enger Dréchenmauer
🤝 Contrat de bail fir den Office social
☀️ Contrat de rachat vum iwwerschëssege Solarstroum
👉 Mee: Fir eis ass et eng verpasste Chance, dass d’Gemeng hire Solarstroum léiwer verkeeft amplaz e méi selwer ze notzen an domat Geld ze spueren.
Mir fuerderen de Schäfferot op, dës kuerzfristeg Approche ze iwwerdenken an eng Strategie fir méi Energie-Autonomie auszeschaffen.
💡 Déi gréng proposéieren:
⚡ De produzéierte Stroum aus de PV-Anlagen soll prioritär vun der Gemeng selwer genotzt ginn.
🌿 De Naturpark „Vir Bruch“ däerf net weider verfalen. Trotz opkaaften Terrainen ass de Site nach ëmmer net valoriséiert.
👉 Mir fuerderen, dass op mannst en Deel fir Naturaktivitéite mat Kanner amenagéiert gëtt.
🏭 ArcelorMittal ass senge Verpflichtungen um Crassier zu Téiteng nach ëmmer net komplett nokomm. Doduerch gi wichteg Projete blockéiert.
👉 Mir verlaangen, dass de Gemengerot eng formell Decisioun hëlt, fir eng Entschiedegung viru Geriicht anzefuerderen.
🟦 Mir hu proposéiert, e System anzeféieren, fir datt déi blo Valorlux-Tuten net méi duerch Wand oder Vandalismus op d'Strooss geheit ginn.
🚶♀️🚲 Mir fuerderen eng besser Koordinatioun vu Stroossechantiers an eng verbessert Sécherheet fir Foussgängerinnen a Velosfuererinnen.
❌ Net matgestëmmt hu mir:
📢 Eng Budgetserhéijung vu 66.000 € fir Kommunikatioun, Marketing a Publicitéit.
Domat klëmmt dëse Budget op 163.000 € – méi wéi dat Duebelt vum Budget 2024.
👉 Fir eis sinn dat falsch Prioritéiten, besonnesch zu enger Zäit, wou an anere Beräicher gespuert gëtt.
🟢 Déi gréng: nohalteg denken, Prioritéite richteg setzen a konkret Léisunge proposéieren.
10/05/2026
Ee flotten Dag um Käler Blummefest. Wéi all Joer erëm "The place to be"
29/04/2026
Fréijoers-Trëppeltour mam grénge Mann
Mir invitéieren op e spannende Besch-Entdeckungstour mam «Grénge Mann»
Umeldung bis Méindes de 26 Mee [email protected]
Zopp, Gedrénks, Kaffi an Dessert am Präis abegraff
Präis: 20 € pro Erwuessenen, Kanner a Studente gratis.
Ze iwwerweisen op déi gréng Käl-Teiteng: LU19 0099 7800 0067 4291 (CCRA)
oder op der Plaz bezuelen. –> Kontakt : 621 46 07 57
Samschden | Samedi 30.05.2026 | 10h00
Zuuchtanlag vun der société avicole Station d’élevage de la société avicole
99, rue Eweschbour L-3638 Kayl – Parking vis-à-vis
28/04/2026
Eis Gréng ass et wichteg, aktiv eppes zur Verbesserung vun onser Ëmwelt bäizedroen. Zesumme mat der Gemeng schaffe mir, ‚déi gréng', fir um kommunale Plang wirkungsvoll Moossnamen emzesetzen.
- Natur a Klimaschutz si kee Luxus mee eng Noutwendegkeet, an och eng sozial Fro
- Krich mécht Energie deier
- Erneierbar Energien - eng Fro vu Sécherheet
- Sonn a Wand maachen eis onofhängeg
- Energie-Onofhängegkeet fänkt an der Gemeng un
27/04/2026
Mir engagéieren eis an de Kommissiounen, am Klima - an Naturpaktteam, an der Lokalsektioun.
Vun 2011-2021 konnten engagéiert Bierger*innen och an de Gemenge-kommissiounen matbestëmmen. Mir wëllen dës Dynamik nees zeréck fir d'Stëmm vum Alldag erëm an d'Politik ze bréngen.