CSV Walfer

CSV Walfer

Partager

Sektioun Gemeng Walfer vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei. Zur Gemeng Walfer zielen d'Uertschaften Helsem, Bäreldeng a Walfer.

CSV Walfer ass Lokal Sektioun an der Gemeng Walfer vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei. Si gëtt am Gemengerot vertrueden duerch den François Sauber, Marie-Anne Eiden-Reckens an den Michel Feidt.

05/04/2026

🐰🪺

Photos from CSV Walfer's post 02/04/2026

Leschte Mëttwoch hate mir eis Generalversammlung.

Wéi all Joers ass e Scheck vun 2500€ un Theresian‘s Orphans Namibia an u Schrëtt fir Schrëtt asbl gaangen.
De Wanderscheck am Wäert vun 2500€ ass dëst Joer der asbl Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg ALAEC ze gutt komm.

Niewt eise Memberen a Sympathisanten, war et eis eng Freed, d'Vize-Presidentin Martine Gruber, vum Bezierk Zentrum bei eis begréissen ze kënnen.

Merci all deene wou laanscht komm sinn.😊

10/03/2026

🎉Mir gratuléieren der fréierer Vize-Presidentin vun der EU-Kommissioun a langjäreger EU-Deputéiert fir hir Auszeechnung.

🇪🇺Den europäeschen Verdéngschtuerden geet fir déi éischte Kéier un eng Persoun aus Lëtzebuerg. Dës grouss Unerkennung wierdegt Mënschen, déi sech fir d’europäesch Integratioun a fir d’Verteidege vun den europäesche Wäerter agesat hunn.

👏Dëse laangjäregen Asaz fir d’Allgemengheet verdéngt gréisste Respekt an Unerkennung, Gratulatioun Viviane!

01/02/2026

Eis Gedanke si bei senger Famill a senge Frënn.

Mir traueren ëm de Lucien Weiler (1951 - 2026)

Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte fir d'Wuel vum Land engagéiert. Als President vun der Chamber (2004–2009) stoung hie fir Ausgläich, institutionell Stabilitéit an eng Demokratie, déi vum Dialog a vum Respekt lieft.

De Luss huet och als Fraktiounspresident d’Politik vun der CSV geprägt a sech besonnesch fir de Jugendschutz staark gemat.

Och no senger parlamentarescher Carrière ass de Luss dem Déngscht um Land trei bliwwen. Als Maréchal vun der Cour grand-ducale (2016-2020) huet de Lucien Weiler seng grouss Erfarung, Diskretioun a Loyalitéit an den Déngscht vum Staatschef gestallt.

Fir d’CSV bleift de Luss e Virbild fir Verantwortung, Bescheidenheet a konsequenten Asaz.

Mir drécken der Famill eist chrëschtlecht Bäileed aus.

Photos from CSV Walfer's post 18/01/2026

Réckbléck op eisen Neijoerschpatt vu leschte Sonnden.🍾

Villmools Merci all de Leit, déi mat eis zesummen op dat neit Joer ugestouss hunn.🥂

Et war eis eng Éier, d’Justizministesch Elisabeth Margue begréissen ze kënnen.

23/12/2025

CSV Walfer wënscht Iech an Äre Léifste schéi Feierdeeg an nëmmen dat Bescht fir 2026.🎄🍾

Photos from CSV Walfer's post 23/11/2025

Klenge Réckbléck op leschte Weekend, wou d‘Walfer Bicherdeeg 30 Joer gefeiert hunn🎉📚

Photos from CSV Walfer's post 27/08/2025

Gëschter hu mir eise Buergermeeschter François Sauber um traditionelle Buergermeeschterdag op der Fouer ënnerstëtzt.🎡🎠

18/05/2025

Kommt laanscht een oder och zwee drénke bei eis an de Centre Prince Henri zu Walfer.🍹

Fir de klengen a groussen Honger ass och gesuergt.🌭🍟

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg