Der LSAP hir Positioun no dem Gemengerot vum 22. Mee 2026
❌ NET matgestëmmt hu mir de Kontrakt fir d’Locatioun vun enger Scheier vum Papp vun enger Gemengeréitin, fir e stolze Montant vun 90.000€ d'Joer, fir dës der Natur- a Forstverwaltung zur Verfügung ze stellen. De Präis gouf intern berechent, ouni neutral Expertise vun enger Immobilienagence. Mir sinn iwwerzeecht, datt et méi gënschteg a bestoend Léisungen am Besëtz vun der Gemeng ginn. Dofir: e kloren Nee!
❌ NET matgestëmmt hu mir och deen neien Emprunt vun 3,5 Milliounen Euro. Wéi vill Scholde wëllt de Schäfferot nach ophuelen, éier en endlech finanziell Verantwortung iwwerhëlt?
____________________________________________
La position du LSAP à la suite du conseil communal du 22 mai 2026
❌ Nous n’avons pas voté le contrat de location d’une grange appartenant au père d’une conseillère communale, pour un montant considérable de 90.000€ par an, afin de la mettre à disposition de l’Administration de la nature et des forêts. Le montant a été calculé en interne, sans expertise neutre d’une agence immobilière. En plus, selon nous, il existe des solutions existantes et moins coûteuses appartenant déjà à la commune. Voilà pourquoi nous avons dit clairement non !
❌ Nous n’avons pas non plus voté le nouvel emprunt de 3,5 millions d’euros. Combien de dettes le collège échevinal veut-il encore contracter avant d’assumer enfin ses responsabilités financières ?
____________________________________________
Die Position der LSAP nach dem Gemeinderat vom 22. Mai 2026
❌ NICHT mitgestimmt haben wir dem Vertrag zur Anmietung einer Scheune des Vaters einer Gemeinderätin für stolze 90.000€ pro Jahr, um diese der Natur- und Forstverwaltung zur Verfügung zu stellen. Der Preis wurde intern berechnet, ohne neutrale Expertise eines Immobilienbüros. Außerdem gibt es aus unserer Sicht günstigere und bereits bestehende Lösungen im Besitz der Gemeinde. Deshalb: ein klares Nein!
❌ Ebenfalls NICHT mitgestimmt haben wir dem neuen Kredit über 3,5 Millionen Euro. Wie viele Schulden will der Schöffenrat noch aufnehmen, bevor er endlich finanzielle Verantwortung übernimmt?
D’Gemengeréit vun der LSAP Sektioun Gemeng Beetebuerg: Roby BIWER, Guy FRANTZEN, Patrick HUTMACHER, Sylvie JANSA, Marco ESTANQUEIRO, Linda KÜNSCH
LSAP Beetebuerg
parti socialiste de la commune de Bettembourg
01/05/2026
04/04/2026
Mir, d'LSAP Beetebuerg, wënschen iech all "Schéin Ouschteren"😀
01/04/2026
Haut am Tageblatt en Artikel vum Marco Goetz iwwert d‘LSAP-Beetebuerg:
LSAP in Bettemburg | 15 Jahre Opposition in einem Wort: „frustrierend“ LSAP Bettemburg: Stärkste Partei in Opposition, Herausforderungen durch Dreierkoalition, hohe Gemeindekosten und fehlende Wohnraumkonzepte prägen die politische Lage bis 2029.
20/03/2026
Den Owend ware mir zu e puer op der Ouverture vum Parc Merveilleux. Mir freeën eis op di nei Saison 🤗
18/03/2026
Gëschter Owend hate mir zesummen mat den FS Beetebuerg eis Generalversammlung. Volle Sall bai gudder Ambiance 😀
E Merci un eis Nopesch-Sektiounen, un de Sascha Pulli, Generalsekretär, un de Tom Jungen, Buergermeeschter vu Réiser an all eisen Memberen, déi op eis AG komm sinn. E spezielle Merci geet un de Georges Engel, neie President vun der LSAP, fir seng exzellent Ried. D'Lena Jans (nei Presidentin vun den FS), bis elo Sekretärin vun der LSAP , gëtt seng Fonctioun of un d'Christiane Schaus. Mir wënschen deenen zwou Damme Satisfaktioun a Succès mat hiren neien Aufgaben.
15/03/2026
Gëschter ware mir um Nationalkongress am alen Didj. Hei gouf en neie Grondsazprogramm festgehalen, eng Resolutioun fir d'Stäerkung vun Europa gestëmmt, an eng nei Parteispëtzt gewielt. Mir soen dem Francine an dem Dan e grousse Merci fir hir excellent Aarbecht an de leschte véier Joer a wënschen dem Maxime, dem Georges an allen anere Gewielte vill Erfolleg fir d’Zukunft.
08/02/2026
Eist Traipeniessen ass leider schonns erëm erriwwer. E Merci un all di gehollef hun oder eis ënnerstëtzt hunn 🤗🌹
08/02/2026
Mir si prett fir eist Traipeniessen. Merci dem Astrid fir di flott Déco 😃
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
