LSAP Osten

LSAP Osten

Partager

Circonscription Est du LSAP

Photos from LSAP Osten's post 03/05/2026

Den 1. Mee, um internationalen Dag vun der Aarbecht, waren eis Bezierksmemberen aus dem Osten bei eisen zwou Gewerkschaften LCGB an OGBL zu Réimech an an der Stad ënnerwee.

Zesumme mat de Gewerkschafte gouf den Dag am Zeeche vun der Solidaritéit an dem Asaz fir d’Rechter vun den Aarbechter verbruecht.🌹

01/05/2026

Haut huet eis déi trauereg Noriicht erreecht, dat eise fréiere Bezierkspresident, Gust Stefanetti verstuerwen ass. Wärend ville Joren huet hien sech an der Partei um lokalen a nationale Plang engagéiert. Säi Wierken wäert nach laang Zäit seng Spueren hannerloossen. Mir drécken der Famill eist häerzlechst Bäileed aus. Gust, Mir wäerten dech net vergiessen a weider an dengem Sënn schaffen!

D’LSAP Mäertert-Waasserbëlleg huet déi traureg Matdeelung kritt, datt hire laangjärege Buergermeeschter a Sektiounspresident, de Gust Stefanetti, haut verscheet ass.

De Gust war vun 1982 bis 2016 Member vum Gemengerot. Vun 1985 bis 2000 war hie Schäffen, an am Joer 2000 ass hien zum Buergermeeschter vun eiser Gemeng ginn. 2016 huet hien aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun misse ginn.

Wärend 34 Joer huet hie sech mat vollem Asaz fir d’Wuel vun eiser Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. Vill Projeten an Entwécklunge sinn an eiser Gemeng a senger Zäit als Buergermeeschter ëmgesat ginn. 2016 huet de Gemengerot de Gust zum Éierebuergermeeschter vun der Gemeng ernannt.

De Gust war zënter 1982 Member vun der LSAP an huet als Bezierkspresident an Organisationssekretär vun der LSAP vill Verantwortung iwwerholl.

Kolleg Gust, mir soen dir Merci fir däin Asaz am Numm vun eiser ganzer LSAP-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg.

Rou a Fridden.

14/04/2026
Photos from LSAP Osten's post 25/02/2026

E gutt besichte Beziirkskongress gëschter Owend zu Mertert. Als Haaptpunkten um Ordre du jour stungen d’Wal vun engem neie Beziirkskommittee an d’Diskussioun vum neie Grondsatzprogramm. De Beziirk huet 13 Amendementer zum Grondsatzprogramm ugeholl, déi elo un d’Parteileitung weider geleed ginn. Déi 17 Kandidate fir de Kommitee goufen unanime ugeholl. D’Co-Présidence vum Beziirk gi vum Paulette Lenert an dem Charel Heim iwerholl. Dem Ben Streff hu mir Merci gesot fir säin Engagement a seng Aarbecht fir de Beziirk.

26/10/2025

"Politik ass eng Saach vu Mënschlechkeet".

E Réckbléck op e ganz besonneschen Dag, wou mir eisem Nicolas Schmit Merci fir säin Engagement gesot hunn. Sech engagéiere lount sech! 🤝

Photos from LSAP Mëllerdall's post 02/10/2025

A puer Deeg ass et souwäit: No ganz ville Joren entsteet nees eng nei LSAP-Sektioun, an dat bei eis am Osten; fir genee ze sinn am Mëllerdall! 🌹🌹
Mir freeën eis - op dës Grënnung; an Dech e Sonndeg zu Berdorf ze gesinn!

Mell Dech elo nach séier un: https://lsap.webling.eu/forms/memberform/ea38c73ed9e45927c5ed

21/08/2025

Am Mëllerdall entsteet eng nei Sektioun 💪

Maach mat, komm de 05.10. op d'Grënnung a follow hinnen op hirer Säit ☑️

LSAP Mëllerdall Fräiheet, Gerechtegkeet, Solidaritéit a Sécherheet - fir dës Wäerter setzt sech d'LSAP och an de Gemenge Bäerdref, Bech, Beefort, Konsdref a Waldbëlleg an.

Photos from LSAP Dräilännereck's post 20/08/2025

Stopp Cattenom! 🚮

02/08/2025

🌭🍟🥂🙌

29/07/2025

Mir freeën eis iech de Weekend zu Iechternach am Park ze gesinn 🙌

Dëse Weekend ass et erëm souwäit. Den 2. an 3. August fënnt eisen traditionelle Floumaart zu Iechternach am Park statt. Mir freeën eis op äre Besuch 😊⚘️

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg