Piraten Gemeng Déifferdeng

Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Piraten Gemeng Déifferdeng Sektioun Déifferdeng vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Eist Interessen ass fier daat ze kämpfen waat an eisem Wahlprogramm steht an ausserdem ass et eng Informatiounsbasis fier eis Memberen ze informeieren iwwer eis Manifestationen, Reunionen an Versammlungen an eis Leit ze motiveieren.

30/10/2026

🇱🇺 Vum Mäerz 2027 u ginn d’Steieren op Bensinn an Diesel nees erop, well den Tankrabatt ausleeft. Dat huet d’Regierung CSV/DP op Wonsch vu déi Gréng decidéiert!

Mir Pirate wëllen dofir d’Frais de déplacement erhéijen, wann den Tankrabatt ausleeft. Esou kënne mir geziilt deene Leit hëllefen, déi fir op d’Aarbecht op den Auto ugewise sinn.

D’Entlaaschtung soll bei deene Leit ukommen, amplaz datt e groussen Deel dovun un auslännesch Tankcliente geet. Dës Diskussioun muss elo gefouert ginn, fir datt d’Leit och nom Februar weider ënnerstëtzt ginn.

🇫🇷 Dès mars 2027, les taxes sur l’essence et le diesel augmenteront à nouveau avec la fin de la remise à la pompe. C’est ce qu’a décidé le gouvernement CSV/DP suite à une demande des Verts !

Nous, les Pirates, voulons donc augmenter la déduction fiscale pour frais de déplacement dès que cette remise prendra fin. Nous pourrons ainsi soutenir de manière ciblée les personnes qui dépendent de leur voiture pour se rendre au travail.

Cette aide doit bénéficier à ces personnes, plutôt que de profiter en grande partie à une clientèle étrangère venant faire le plein au Luxembourg. Ce débat doit avoir lieu dès maintenant pour garantir un soutien au-delà du mois de février.

29/10/2026

🐕😡 Polizeihund getreten, Polizisten bespuckt und mit dem Tod bedroht. Und der Mann dürfte gar nicht in Luxemburg sein!

Unsere Polizisten verdienen Respekt und Schutz. Genauso wie ihre vierbeinigen Kollegen! 💜🐾

Was heute im Luxemburger Wort zu lesen ist, macht sprachlos.

Ein Mann, der bereits aufgefordert wurde, Luxemburg zu verlassen und nach Deutschland zurückzukehren, taucht erneut bei uns auf. Er tritt einen Polizeihund, bedroht Beamte mit dem Tod und spuckt einem Polizisten ins Gesicht.

🐕‍🦺 Ein Tier, das täglich gemeinsam mit unseren Beamten für unsere Sicherheit arbeitet, wird einfach angegriffen. Absolut inakzeptabel!

Zehn Jahre lang hat die frühere Gambia Koalition aus DP, LSAP und Grünen unsere Sicherheits und Migrationspolitik geprägt.

Auch diese politische Verantwortung gehört endlich kritisch aufgearbeitet.

Wie kann es sein, dass jemand trotz Ausreiseaufforderung wieder nach Luxemburg zurückkehrt? Warum funktionieren unsere Regeln offenbar nicht ausreichend?

Und was unternimmt die heutige Regierung konkret dagegen?

Wir brauchen eine Politik, die unsere Bevölkerung schützt, unsere Polizei unterstützt und bestehende Gesetze konsequent durchsetzt.

Menschlichkeit bedeutet nicht, dass Regeln keine Konsequenzen haben dürfen.

Quelle: Luxemburger Wort, 29. Oktober 2026

https://www.wort.lu/luxemburg/stadaland/polizeihund-getreten-beamte-bespuckt-es-tut-mir-von-ganzem-herzen-leid/163696052.html

27/10/2026
24/10/2026
20/09/2026

🔒 Hir Noriichte läschen, eis kontrolléieren?

Laut dem Heise-Bericht hält d’EU-Kommissioun trotz enger Rüge un der automatescher Läschung vu Chat-Noriichte fest.

Gläichzäiteg steet si fir Chatkontroll a wëll méi Alterskontrollen op soziale Medien. Fir d’Bierger ëmmer méi Kontroll, mee bei der eegener Transparenz gëtt gebremst. Wéi passt dat zesummen?

Mir Piraten soe kloer: Nee zur pauschaler Iwwerwaachung vu private Messagen. Nee zu enger Ausweispflicht fir sozial Medien. Kanner schützen heescht net, all Bierger ënner Generalverdacht ze stellen.

Wie politesch Verantwortung dréit, muss seng Entscheedungen novollzéibar dokumentéieren. A wien privat mat Famill a Frënn schreift, huet e Recht op Vertraulechkeet.

Artikel: https://www.heise.de/news/EU-Kommission-bleibt-trotz-Ruege-bei-automatischer-Loeschung-von-Chat-Nachrichten-11459229.html

🏴 Méi Transparenz fir d’Muecht. Méi Privatsphär fir d’Bierger.

10/09/2026

COMMUNIQUÉ:
Demokratie gehéiert de Bierger

D’Piratepartei wäert sech net un der sougenannter „Plattform fir Demokratie“ vu CSV, DP, LSAP an déi Gréng bedeelegen.

Fir eis ass d’Äntwert kloer: Nee.

Mir Piraten sti fir Demokratie, Rechtsstaatlechkeet a Meenungsfräiheet. Mee fir Internetzensur, ëmmer méi Kontroll vun Online-Plattformen an d’Aschränkung vu fräie Meenunge sti mir net zur Verfügung.

Strofrelevant Inhalter, Menacen oder Opriff zu Gewalt musse verfollegt ginn. Dofir hu mir Gesetzer an e Rechtsstaat. Mee Demokratie bedeit och, Kritik an onbequem Meenungen auszehalen.

CSV, DP, LSAP an déi Gréng hunn och kee Monopol op Demokratie.

Zu Lëtzebuerg ginn et weider demokratesch Parteien, wéi d’Piraten, Fokus oder déi Lénk. Um Enn ass et de Bierger, dee bei de Walen decidéiert, wie säi Vertraue kritt.

An genee dee Wielerwëlle muss respektéiert ginn.

An de leschte Joren hunn déi traditionell Parteien souwuel an der Chamber wéi och an eenzele Gemenge gewielte Piraten-Mandatsträger an hir Reien opgeholl. Dës Mandater goufen awer mat Piratenstëmme gewonnen.

Wann esou Mandater duerno benotzt ginn, fir déi eege Muecht ze erhalen oder ze stäerken, ass et schwéier, sech gläichzäiteg als besonnesche Verdeedeger vum Wielerwëllen duerzestellen.

D’Bierger hunn Piraten gewielt, net CSV, LSAP oder déi Gréng.

Datt déi véier traditionell Parteien elo ëmmer méi enk zesummeréckelen, iwwerrascht eis net. D’Piraten ginn op ville Plaze méi staark.

Zu Péiteng hu mir 2023 18,74 % an 4 vun 19 Sëtz erreecht. 2017 waren et nach 9,18 %. Gläichzäiteg ass d’CSV do vu 41,26 % op 29,28 % gefall.

Och zu Réimech mat 14,65 %, zu Suessem mat 8,27 % an zu Käl/Téiteng mat 8,01 % weisen d’Piraten, datt vill Bierger eng aner Politik wëllen.

Grad do, wou mir méi staark ginn, erliewe mir ëmmer nees, wéi déi véier traditionell Parteie versichen, hir al Muechtstrukturen ze verdeedegen an d’Piraten politesch kleng ze halen.

Dobäi sinn et genee CSV, DP, LSAP an déi Gréng, déi sech zanter Joerzéngten an der Regierungsverantwortung ofwiesselen. Si hunn d’Gesetzer gestëmmt, d’Regierunge gestallt an droen domat eng grouss Verantwortung fir déi aktuell Situatioun am Land.

Wann d’Bierger onzefridde sinn, ass d’Äntwert net méi Kontroll vum Internet an och net e politesche Block vu véier Parteien.

D’Äntwert ass, de Wielerwëllen ze respektéieren.
Demokratie gehéiert net 4 Parteien.

Demokratie gehéiert de Bierger!

Piratepartei Lëtzebuerg

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Piraten Gemeng Déifferdeng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Piraten Gemeng Déifferdeng:

Raccourcis

Partager