CSV Steesel

Site Web

CSV Steesel CSV Steesel ass Lokal Sektioun vun der CSV an der Gemeng Steesel. Am Gemengerot gëtt si vertrueden duerch de Bob Morbach.

CSV Steesel ass Lokal Sektioun an der Gemeng Steesel vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei, déi grouss Lëtzebuerger Vollekspartei vun der sozialer Mëtt. Si gëtt am Gemengerot vertrueden duerch den Marcel Oberweis (Schäffen), a dem Jean Rossy (Gemengerot). Eis Prioritéiten an der Gemengepolitik leien op enger enger biergernoer, kannerfrëndlecher, lieweger, fairer an eng secherer Gemeng.

1. Biergerno Gemengen: D’CSV wëll eng lieweg Demokratie an de Gemengen. Dofir sollen déi demokratesch Verfahre gestäerkt ginn. D’Bierger hunn d’Recht méiglechst fréi a regelméisseg iwwert d’Politik informéiert ze ginn. D’Méiglechkeet fir Matzeschwätzen a Matzeentscheede soll gefördert ginn.

2. Kannerfrëndlech Gemengen: D’CSV wëll kanner- a familljefrëndlech Gemengen.

3. Sécher Gemengen: D’CSV setzt sech fir d’Sécherheet an den Ordre public um lokale Plang an.

4. Fair Gemengen: D’CSV wëll de sozialen Zesummenhalt stäerken an all Awunner zur Bedeelegung um gemeinschaftleche Liewen an der Gemeng alueden.

5. Lieweg Gemengen: D’CSV wëll d’Matenee förderen a setzt sech dofir staark an fir d’lokal Veräiner, ewéi och fir d’Schafen an d’Erhale vun de néidegen ëffentleche Plazen an Infrastrukturen, wou d’Awunner sech am Alldag a bei speziellen Uläss begéine kënnen.

6. Nohalteg Gemengen: D’CSV suergt dofir, datt Entscheedunge vun haut net op Käschte vun de nächste Generatiounen, eise Kanner a Kandskanner, getraff ginn.

🛝 Spillplaz an der Rue Beaulieu zu MëllerefOp eis Initiativ hin, zesumme mat enger anerer Oppositiounsconseillère, gouf ...
25/09/2026

🛝 Spillplaz an der Rue Beaulieu zu Mëlleref

Op eis Initiativ hin, zesumme mat enger anerer Oppositiounsconseillère, gouf am Gemengerot vum 17. Abrëll 2026 d’Moderniséierung vun der Spillplaz an der Rue Beaulieu zu Mëlleref op den Ordre du jour gesat.

D’Ufro war, d’Spillplaz am Quartier opzewäerten an ze moderniséieren – mat sécheren, attraktiven an zäitgeméissen Installatioune fir d’Kanner an d’Familljen aus der Noperschaft. Dobäi goufen och nei Spill- a Beweegungselementer souwéi eng nei Gestaltung vum ganze Beräich ugeschwat. 🛝🌳

De Schäfferot huet dorop reagéiert an dobäi och eegen Iddien an d’Diskussioun abruecht. Elo bleift ofzewaarden, wéi dës Propositioun weiderverfollegt gëtt.

🛝 Playground on Rue Beaulieu in Müllendorf

Following our initiative, together with another opposition councillor, the modernisation of the playground on Rue Beaulieu in Müllendorf was placed on the agenda of the municipal council meeting of 17 April 2026.

The proposal was to upgrade and modernise the playground in the neighbourhood, with safe, attractive and up-to-date facilities for local children and families. New play and activity elements were also discussed, together with a broader redesign of the entire area. 🛝🌳

The municipal executive responded to the proposal and also contributed its own ideas to the discussion. It now remains to be seen how this proposal will be followed up.

📢 Rendez-vous nächste Méindeg zu Mëlleref!D’CSV Steesel invitéiert Iech häerzlech op en Owend mam Finanzminister Gilles ...
22/09/2026

📢 Rendez-vous nächste Méindeg zu Mëlleref!

D’CSV Steesel invitéiert Iech häerzlech op en Owend mam Finanzminister Gilles Roth ronderëm déi nei Steierreform.

💬 Kommt laanscht, informéiert Iech a stellt Är Froen!

📅 Méindeg, 28. September | 19:00 Auer
📍 Kultursall Mëlleref

Mir freeën eis op Iech! 🇱🇺

30/06/2026

Haut hu mir déi nei Aulebréck feierlech ageweit, déi d’Duerfdeeler Heeschdrëf a Steesel matenee verbënnt. 🌿

E grousse Merci un den Ëmwelt-, Klima- a Biodiversitéitsminister Serge Wilmes fir seng Presenz, un d’Vertrieder vun der EIB, un eis Gemengeverantwortlech, d’Administratiounen an un all déi, déi dëse wichtege Projet am Kader vun der Renaturéierung vun der Uelzecht méiglech gemaach hunn. 👏🙏

Esou Projete weisen, wéi wichteg et ass, Natur, Mobilitéit an d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng nohalteg weiderzëentwéckelen.

👶 Iwwerleeunge fir méi Ënnerstëtzung fir jonk FamilljenFir jonk Familljen am Alldag nach besser ze begleeden, hu mir eng...
17/04/2026

👶 Iwwerleeunge fir méi Ënnerstëtzung fir jonk Familljen

Fir jonk Familljen am Alldag nach besser ze begleeden, hu mir eng Iddi abruecht, inspiréiert vun existente Modeller wéi BabyPLUS an der Gemeng Sandweiler 🤝

👉 Eng méiglech perséinlech Begleedung wärend der Schwangerschaft an am éischte Liewensjoer vum Kand
👉 Individuell Berodung, entweder doheem oder an enger Consultatioun
👉 Praktesch Ënnerstëtzung fir Froen aus dem Alldag (Organisatioun, Entwécklung, etc.)
👉 Iwwerleeunge fir eng cibléiert finanziell Hëllef, z.B. fir zousätzlech Offallkäschten oder nohalteg Alternativen wéi waschbar Wëndelen

💡 Eng kombinéiert Approche, déi konkret a flexibel op d’Besoinen vun de Famillje reagéiere kann.

💬 Wéi kéint d’Gemeng Iech am beschten ënnerstëtzen?

🇬🇧 English

👶 Exploring more support for young families

To better support young families in their daily lives, we have put forward an idea inspired by existing models such as BabyPLUS in the municipality of Sandweiler 🤝

👉 Possible personalised guidance during pregnancy and the first year of the child
👉 Individual support, either at home or through consultations
👉 Practical help for everyday questions (organisation, development, etc.)
👉 Consideration of targeted financial support, e.g. for additional waste-related costs or sustainable alternatives such as reusable nappies

💡 A combined approach that can respond in a practical and flexible way to families’ needs.

💬 How could the municipality support you best?

🌊 Héichwaasserschutz zu Steesel: grousst Interesse an oppenem AustauschHaut den Owend hate mir d’Éier, de Minister Serge...
15/04/2026

🌊 Héichwaasserschutz zu Steesel: grousst Interesse an oppenem Austausch

Haut den Owend hate mir d’Éier, de Minister Serge Wilmes zu Steesel an der Galerie am Duerf ze begréissen.

📍 Mat ronn 70 Participanten war de Sall komplett gefëllt – e kloert Zeechen, datt d’Thema Héichwaasserschutz d’Leit beweegt.

De Minister huet d’Situatioun am europäeschen an nationale Kontext erkläert an och déi aktuell Schrëtt fir Steesel presentéiert déi an de kommende Méint duergefouert ginn, notamment eng Starkreenanalyse, fir Risiken besser ze evaluéieren.

💬 Am Uschloss gouf et en dynameschen Austausch mat villen Froen aus dem Public, wou och déi lokal Vertrieder agebonne goufen. Besonnesch ervirzehiewen ass dobäi, datt eis Buergermeeschtesch Manon Kolber-Hoffmann ganz aktiv zesumme mam Minister Serge Wilmes op d’Froe vun de Leit agaangen ass.

E grousse Merci och un Maurice Bauer fir seng Interventioun als President vun der CSV Zentrum.

🙏 Merci un all déi dobäi waren – Är Meenung zielt!

Déi Gréng hunn am Gemengerot proposéiert, datt d’Gemeng hir Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Peter-Mailand-Prozessio...
06/03/2026

Déi Gréng hunn am Gemengerot proposéiert, datt d’Gemeng hir Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Peter-Mailand-Prozessioun soll astellen. Als CSV droe mir dëse Virschlag net mat.

D’Prozessioun selwer gëtt vun der Pôr organiséiert, net vun der Gemeng. D’Gemeng organiséiert am Kader vun der Steeseler Päischtkiermes Aktivitéiten fir d’ganz Bevëlkerung – wéi z.B. d’traditionell Bowle no der Prozessioun.

Fir eis ass dofir kloer: Et mécht kee Sënn, vun der Gemeng ze verlaangen, si soll eppes astellen, wat si ni selwer organiséiert huet.

Steesel steet fir Respekt, Zesummeliewen a fir eis lokal Traditiounen. Mir sinn der Meenung, datt onnéideg Kulturdebatten eis Gemeng net weiderbréngen.

Héichwaasserschutz zu Steesel 🌊 — an nach vill méi.Mir diskutéieren Héichwaasserschutz, Infrastruktur, Ëmwelt, Mobilitéi...
02/02/2026

Héichwaasserschutz zu Steesel 🌊 — an nach vill méi.
Mir diskutéieren Héichwaasserschutz, Infrastruktur, Ëmwelt, Mobilitéit — an Är Froen 💬

📍 Steesel | 🗓️ 15. Abrëll | ⏰ 18h30
__________________________________________

La protection contre les inondations à Steinsel 🌊 — et bien plus encore.

Discussion avec le ministre Wilmes sur la protection contre les inondations, les infrastructures, l’environnement, la mobilité — et vos questions 💬

📍 Steinsel | 🗓️ 15 avril | ⏰ 18h30
__________________________________________

Flood protection in Steinsel 🌊 — and much more.

Join the discussion with Minister Wilmes on flood protection, infrastructure, environment, mobility — and your questions 💬

📍 Steinsel | 🗓️ 15 April | ⏰ 18:30

🇱🇺  Zesumme mat déi Gréng hu mir eng Propositioun an de Gemengerot bum 27. Januar 2026 agereecht, fir jonk Leit aus Stee...
29/01/2026

🇱🇺 Zesumme mat déi Gréng hu mir eng Propositioun an de Gemengerot bum 27. Januar 2026 agereecht, fir jonk Leit aus Steesel beim Kaf vun engem Interrail-Pass finanziell z’ënnerstëtzen:

🚆 Eng kommunal Subventioun fir Jonker vun 18 bis 25 Joer, fir Europa op eng nohalteg a selbststänneg Manéier z’entdecken.

🌍 Eng konkret Investitioun an Mobilitéit, kulturell Oppecht a perséinlech Autonomie.

👉 D’Propositioun gesäit eng finanziell Ënnerstëtzung fir den Interrail-Pass (2. Klass) vir, fir Jonker déi zu Steinsel wunnen.
_______________

🇫🇷 En collaboration avec Déi Gréng, nous avons soumis une proposition au Conseil communal du 27 janvier 2026 visant à soutenir financièrement les jeunes de Steinsel dans l’acquisition d’un Pass Interrail :

🚆 Une subvention communale destinée aux jeunes de 18 à 25 ans, afin de découvrir l’Europe de manière durable et autonome.

🌍 Un investissement concret dans la mobilité, l’ouverture culturelle et l’autonomie personnelle.

👉 La proposition prévoit un soutien financier pour l’achat d’un Pass Interrail (2e classe) destiné aux jeunes résidant à Steinsel.

Mir haten haut den Owend déi grouss Freed, de Neijoerspatt vun der Steesel CSV an der Galerie am Duerf Robert Daleiden z...
05/01/2026

Mir haten haut den Owend déi grouss Freed, de Neijoerspatt vun der Steesel CSV an der Galerie am Duerf Robert Daleiden ze organiséieren 🎉

Et war e flotte a gelongenen Owend an enger sympathescher Atmosphär, mat ville Leit op Besuch an interessante Gespréicher 🤝

E grousse Merci un jidderengem, deen sech d’Zäit geholl huet, fir laanschtzekommen an dëse Moment mat eis ze deelen. Är Präsenz huet dësen Neijoerspatt zu engem schéine Start an d’neit Joer gemaach ☺️

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque CSV Steesel publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie