CSV Lorentzweiler

CSV Lorentzweiler

Partager

Section de la commune de Lorentzweiler/Luxembourg

21/05/2026

🌻☀️ SAVE THE DATE ☀️🌻

D’CSV Luerenzweiler invitéiert Iech häerzlech op eis traditionell
🎉 Summerfest 2026 🎉

📍 Centre Culturel Helmdange
📅 Sonndeg, den 07. Juni 2026
🕚 Ab 11 Auer

🍽️ Lecker Menue
🎟️ Tombola
☕ Kaffisstuff
🥂 Gemittlech Ambiance fir jonk & al

➡️ Reservatiounen bis den 04.06.2026

Mir freeën eis op e flotten Dag mat Iech ☀️🌼

Photos from CSV's post 08/05/2026
Photos from CSF- Fraen an der CSV's post 06/05/2026
08/04/2026

‼️SAVE THE DATE‼️22/04/2026
➡️Café Groff - Hünsdorf 🕗20:00 🇱🇺 Sproochecafé 8.0 - Mir fréeën eis op déi 8.Oplag: SPROOCHEPRAXIS A KLENGE GRUPPEN 🇫🇷 Café des langues 8.0 - Nous attendons avec impatience la 8. édition: PRATIQUE DE LANGUES EN PETIT GROUPE 🇬🇧 Language café 8.0 - We are looking forward to the 8. edition: LANGUAGE PRACTICE IN A SMALL GROUP
Join our whatsappgroup: 🇱🇺Fir info an Bäitrëtt 🇫🇷Pour info et adhésion 🏴󠁧󠁢󠁥󠁮󠁧󠁿For info and joining
➡️ https://chat.whatsapp.com/DS70pzY4dTi5DOIxPX2QMf

Luerenzweiler Gemengerot: Net all d'Äntwerte sinn op den Dësch komm 18/03/2026

Wéineg Bereetschaft gëschter am Gemengerot fir iwwer essentiel Froen ze diskutéieren.
E wichtege Schratt: No laanger Zäit goufen d'Suen aus der illegaler Zousazversécherung endlech zréckbezuelt 👍

Luerenzweiler Gemengerot: Net all d'Äntwerte sinn op den Dësch komm Eng schlecht Gestioun vun de Finanzen an eng illegal Zousazassurance suergen an der Luerenzweiler Gemeng schonn zanter enger Zäit fir Ierger.

05/02/2026

Sproochecafé 7.0 - Café des langues 7.0 - Language Café 7.0

🗣️ Lëtzebuerger Spréch – kenns du se? 😄

🍎 „Een Apel fir den Duuscht“
🌙 „Kënns du vum Mound?“
🥊 „Si verdroe sech ewéi Hond a Kaz“
❤️ « D’Léift mécht blann »

Bei dëser Editioun hu mir eis op déi witzeg, heiansdo kryptesch, mee ëmmer charmant Lëtzebuerger Spréch konzentréiert.
Diskussiounen, Erklärungen a vill Laachen – an dat alles an enger gemittlecher Atmosphär. 😄💬

Biller a Spréch – esou bleift Lëtzebuergesch lieweg! 🇱🇺✨

👉 Wéi ee Lëtzebuerger Spréch kenns DU nach?
Schreif en an d’Kommentaren ⬇️



🇫🇷 Version française

🗣️ Expressions luxembourgeoises – tu les connais ? 😄

🍎 „Een Apel fir den Duuscht“
🌙 „Kënns du vum Mound?“
🥊 „Si verdroe sech ewéi Hond a Kaz“
❤️ « D’Léift mécht blann“

Lors de cette édition, nous nous sommes concentrés sur des expressions luxembourgeoises drôles, parfois énigmatiques, mais toujours pleines de charme.
Des discussions, des explications et beaucoup de rires – le tout dans une ambiance conviviale. 😄💬

Images et expressions – c’est ainsi que le luxembourgeois reste vivant ! 🇱🇺✨

👉 Quelle expression luxembourgeoise connais-TU encore ?
Écris-la dans les commentaires ⬇️



🇬🇧 English

🗣️ Luxembourgish expressions – do you know them? 😄

🍎 „Een Apel fir den Duuscht“
🌙 „Kënns du vum Mound?“
🥊 „Si verdroe sech ewéi Hond a Kaz“
❤️ « D’Léift mécht blann »

In this edition, we focused on Luxembourgish expressions that are funny, sometimes puzzling, but always full of charm.
Discussions, explanations, and lots of laughter – all in a warm and friendly atmosphere. 😄💬

Pictures and expressions – this is how Luxembourgish stays alive! 🇱🇺✨

👉 Which Luxembourgish expression do YOU know?
Write it in the comments ⬇️

01/02/2026

Eist Bäileed 😞

Mir traueren ëm de Lucien Weiler (1951 - 2026)

Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte fir d'Wuel vum Land engagéiert. Als President vun der Chamber (2004–2009) stoung hie fir Ausgläich, institutionell Stabilitéit an eng Demokratie, déi vum Dialog a vum Respekt lieft.

De Luss huet och als Fraktiounspresident d’Politik vun der CSV geprägt a sech besonnesch fir de Jugendschutz staark gemat.

Och no senger parlamentarescher Carrière ass de Luss dem Déngscht um Land trei bliwwen. Als Maréchal vun der Cour grand-ducale (2016-2020) huet de Lucien Weiler seng grouss Erfarung, Diskretioun a Loyalitéit an den Déngscht vum Staatschef gestallt.

Fir d’CSV bleift de Luss e Virbild fir Verantwortung, Bescheidenheet a konsequenten Asaz.

Mir drécken der Famill eist chrëschtlecht Bäileed aus.

29/01/2026

‼️SAVE THE DATE‼️04/02/2026
➡️Café Des Sports - Lorentzweiler 🕗20:00 🇱🇺 Sproochecafé 7.0-Mir fréeën eis op déi 7. Oplag: SPROOCHEPRAXIS A KLENGE GRUPPEN 🇫🇷 Café des langues 7.0 - Nous attendons avec impatience la 7. édition: PRATIQUE DE LANGUES EN PETIT GROUPE 🇬🇧 Language café 7.0- We are looking forward to the 7. edition: LANGUAGE PRACTICE IN A SMALL GROUP
Join our whatsappgroup: 🇱🇺Fir info an Bäitrëtt 🇫🇷Pour info et adhésion 🏴󠁧󠁢󠁥󠁮󠁧󠁿For info and joining
➡️ https://chat.whatsapp.com/DS70pzY4dTi5DOIxPX2QMf

Photos from CSV Lorentzweiler's post 18/01/2026

Neijoerspatt 🥂 am Café Groff: E grousse Merci un Iech all fir Är Präsenz!

🇫🇷 Français

Nouvel An 🥂 au Café Groff : Un grand merci à vous tous pour votre présence !

🇬🇧 English

New Year’s Toast 🥂 at Café Groff: A big thank you to all of you for being there!

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg