27/02/2026
🇱🇺 D’LSAP Walfer war gutt vertrueden um Bezierkskongress vun der LSAP Zentrum. 🌹
Erëm am Bezierkscomité fir Walfer vertrueden sinn de Yannick Kieffer an d’Helga Krecké-Mardetschläger.
🇫🇷 Le LSAP Walfer était bien représenté au congrès du LSAP Centre. 🌹
Yannick Kieffer et Helga Krecké-Mardetschläger siègent à nouveau au comité du Centre pour Walferdange.
🇬🇧LSAP Walfer was well represented at the district congress of LSAP Centre. 🌹
Yannick Kieffer and Helga Krecké-Mardetschläger will once again serve on the district committee for Walferdange.
15/01/2026
D‘Walfer Sektioun um Neijoerschpatt vun der LSAP 🌹
Flott Momenter mat eise Komerodinnen a Komeroden 🥂✨
09/01/2026
Gëschter huet den Uelzechtdall Neijoerschpatt vun de Sektiounen Walfer, Steesel, Luerentzweiler, Lëntgen a Miersch stattfonnt – kombinéiert mam „Pot de la Bourgmestre“ zu Steesel am Centre de loisirs Norbert Melcher. 🥂✨
Nieft de lokale Gemengevertrieder*innen hu mir eis besonnesch gefreet, eis Deputéiert Francine Closener, Claire Delcourt an Liz Braz begréissen ze däerfen, a Begleedung vun eisem Europadeputéierten Marc ANGEL. 🇱🇺🇪🇺
Staark vertruede waren och de Comité vun der LSAP Zentrum souwéi de Comité vun der JS-Zentrum. 🌹
✨ wënsche mir jidderengem nach eng Kéier e schéint a glécklecht neit Joer! 🥂🎆
05/01/2026
(Texte français & anglais dans les commentaires)
Léif Biergerinnen a Bierger,
d’LSAP Walfer invitéiert Iech häerzlech op hiere Bab(b)el Café – e gemittleche Rendez-vous fir all déi, déi gären an der Sprooch hirer Wiel mat anere Leit a Kontakt kommen.
De Bab(b)el Café ass eng Plaz vum Austausch, wou jidderee wëllkomm ass – egal ob Dir Iech am léifsten an Ärer Mammesprooch ausdréckt, eng aner Sprooch flott fannt oder einfach Freed u gudde Gespréicher an enger internationaler Atmosphär hutt.
De Bab(b)el Café fënnt ofwiesselnd an ënnerschiddleche Caféë vun eiser Gemeng statt. Den geneeë Standuert gëtt Iech ëmmer kuerz am Viraus op eiser Websäit, op Facebook, op Instagram an – wa méiglech – am Walfer Agenda matgedeelt. Sollt Dir net online ënnerwee sinn, zéckt net eis direkt ze kontaktéieren fir nozefroen.
🗓️ De Bab(b)el Café wäert eemol de Mount stattfannen. Déi schon geplangten Datumer sinn: 19.01, 09.02, 16.03, 20.04, 18.05, 15.06.
Den éischte RDV ass den 19.01 am Café New Manhattan
Bei all Rendez-vous si verschidde Sproochen vertrueden, déi Iech ëmmer am Viraus matgedeelt ginn.
🥤 Fir all Participant gëtt ee gratis Gedrénks offréiert.
Eng Umeldung ass net néideg: Kommt einfach laanscht, wann Dir Zäit a Loscht hutt!
Mir freeën eis drop, Iech kennenzeléieren a flott Gespréicher mat Iech ze féieren.
Är LSAP Walfer
19/10/2025
D’LSAP Walfer war déi lescht véier Deeg op verschidden Evenementer vertrueden:
🎨🖼️ Donneschdeg: Ouverture vun der neier Ausstellung an der CAW
🎡 Freideg: Erëffnung vun der Walfer Kiermes
🍁🌹 Samschdeg: Hierschtfest vun eise Steeseler Parteikolleege
🕊️🕯️ Sonndeg: Journée de commémoration zu Walfer, mat der traditioneller Gedenkfeier
16/07/2025
🇱🇺 Den 14. Juli hu mir nogefrot, wéi eng Moossname vun der Gemeng bei der leschter Hëtztwell geholl goufen a wéi eng Moossname fir zukünfteg Hëtztwellen virgesi sinn. 🔥🌡️
🇫🇷 Le 14 juillet, nous avons demandé quelles mesures la commune avait prises lors de la dernière vague de chaleur et quelles mesures sont prévues pour les vagues de chaleur à venir. 🌡️🔥
Lien pour la tradution française dans les commentaires.
🇬🇧 On July 14, we asked what measures the municipality had taken during the last heat wave and what measures are planned for future heat waves. 🔥🌡️
Link for the English translation in the comments.
Adaptatiouns- a Preventiounsmoossname géint déi staark Hëtzt
Wéi eng Moossnamen huet de Schäfferot virgesinn, besonnesch wat d'Schoulgebaier, Fräizäitraim souwéi all aner Plazen ugeet, déi strukturell Upassunge verlaangen (Isolatioun, Sonneschutz, méi Begrénung, Belëftung, asw.), a wéi eng Upassunge si fir d’Wunngeplannt, besonnesch am Interessi v...
11/07/2025
🇱🇺 Déi aktuell – an an Zukunft wuel ëmmer méi heefeg – staark Hëtzt ass a verschiddene Gebaier vun der Gemeng, dorënner eis Schoulgebaier, e Problem. ☀️🥵
Wéi wëll de Schäfferot op déi nächst Hëtzewellen reagéieren? Wéi eng Adaptiouns- a Präventiounsmoossname sinn geplangt?
Fir dat gewuer ze ginn huet d’LSAP gefrot fir dëse Punkt op d’Dagesuerdnung vum Gemengerot dësen Méinden, de 14. Juli um 17 Auer ze setzen. 📄
🇫🇷 La chaleur extrême – qui devient de plus en plus fréquente – représente un problème dans plusieurs bâtiments communaux, dont nos bâtiments scolaires. ☀️🥵
Comment le Collège échevinal compte-t-il réagir face aux prochaines vagues de chaleur ? Quelles mesures d’adaptation et de prévention sont prévues ?
Afin d’obtenir des réponses, le LSAP a demandé que ce point soit inscrit à l’ordre du jour du conseil communal de ce lundi 14 juillet à 17h. 📄
🇬🇧 The extreme heat – which is likely to become increasingly frequent – poses a problem in several municipal buildings, including our school buildings. ☀️🥵
How does the municipal council plan to respond to future heatwaves? What adaptation and prevention measures are being considered?
To get clarity on this, the LSAP has requested that this item be placed on the agenda of the municipal council meeting this Monday, 14 July at 5:00 p.m. 📄