30/10/2026
UPDATE - Heimat wëlle mir Iech matdeelen datt d'Aarbechten ofgeschloss sinn, d'Waasser ass erëm disponibel.
Merci fir Är Gedold.
🚧 𝙗𝙚𝙩𝙧𝙚̈𝙛𝙛𝙩 𝙃𝘼𝙈𝙈𝙃𝘼𝙁𝙁𝙀𝙍𝙎𝙏𝙍𝙊𝙊𝙎𝙎 + 𝙃𝘼𝙈𝙈𝙃𝘼𝙁𝙁 / 𝘽𝙄𝙄𝙍𝙆𝙀𝙇𝙏𝙀𝙍𝙎𝙏𝙍𝙊𝙊𝙎𝙎 + 𝘽𝙄𝙄𝙍𝙆𝙀𝙇𝙏 / 𝙎𝘼̈𝙄𝙏𝙀𝙍𝙏 / 𝙒𝙐𝙀𝙎 / 𝙆𝙍𝙀̈𝙋𝙋𝙀𝙉𝙏 🚧
Mir wëllen Iech doriwwer informéieren, datt d'Aarbechten um Drénkwaassernetz am Kräizungsberäich vun der „Hammhafferstrooss“, der „Biirkelterstrooss“ an „Um Wues“ leider méi laang dauere wéi ursprénglech virgesinn.
Dofir konnt d'Drénkwaasserversuergung net, wéi ugekënnegt, um 06:00 Auer nees hiergestallt ginn.
Eis Ekippe sinn am Asaz a setzen alles drun, fir d'Aarbechten esou séier wéi méiglech ofzeschléissen an d'Drénkwaasserversuergung erëm hierzestellen.
Mir entschëllegen eis fir déi domat verbonnen Onannehmlechkeeten a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech an Är Gedold.