Demokratesch Partei Eechternoach

Demokratesch Partei Eechternoach

Partager

DP Eechternoach ass eng lokal Sektioun vun der Demokratescher Partei Lëtzebuerg.

29/04/2026

An der Gemengerotssëtzung vum 20. Abrëll hu mir de Projet fir d’Erneierung vum synthetesche Fussballsterrain am Bréil gestëmmt 🙌

Mat dëser Investitioun moderniséiere mir eis Sportinfrastruktur a setzen op eng méi nohalteg Léisung – ouni Mikroplastikgranulat 🌱

Gläichzäiteg ginn d’Vestiairen besser géint Héichwaasser geschützt 🌧️, eng kleng PMR-Zone fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit geschaf ♿️ an déi al Buvette ofgerappt🏚️.

Zesumme mam Daring Club Echternach stelle mir esou d’Weiche fir d’Zukunft vum Fussball an eiser Stad 🏃‍♂️💪



Carole Hartmann Lucien Saeul Marcel Heinen

DP - Demokratesch Partei

Photos from Demokratesch Partei Eechternoach's post 05/04/2026

Op Ouschtersamsten ware mir um traditionellen Ouschterpatt vun der DP Osten vertrueden 🥂💙🐣

03/04/2026

DP Eechternoach wënscht Iech an Ärer Famill schéin Ouschteren 💙💙

16/03/2026

🏡 Nei Lokalitéite fir d’ Troupe Saint Willibrord an der Ville d'Echternach

Mir si frou, datt d'Gemeng fir d’Scouten vun den LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten eng nei Léisung am fonnt huet 👍

👉 Si kréien do déi renovéiert Raimlechkeeten vum fréieren Musée de préhistoire um 1. an 2. Stack zur Verfügung gestallt.�

D’Konventioun déi am Gemengerot vum 9.3.2026 unanime ugeholl gouf leeft fir 3 Joer a kann duerno verlängert ginn 🤝

D’Scouten leeschten eng wichteg Aarbecht fir eis Jugend an eis Stad 🧭🔥�

Vill Freed a flott Aktivitéiten an de neie Lokalitéiten! 😊

Photos from Demokratesch Partei Eechternoach's post 14/03/2026

AG DP Echternoach...

12/03/2026
Photos from Demokratesch Partei Eechternoach's post 11/03/2026

🏛️ Neien Impuls nom historesche Fundus hannert der Petite Marquise

Am Gemengerot vum 9. Mäerz 2026 gouf unanime eng Adaptatioun vum PAP „Place du Marché“ gestëmmt, duerch déi de Projet „Art de vivre“ (fréieren Hôtel du commerce) relancéiert ass.

An Aussicht stinn eng Surface fir eng Restauratioun👨‍🍳, 600m2 Geschäftsfläch 🛍️, sou wéi 24 abordabel Appartementer 🏘️

👉 De Logements-Ministère an d’Stad Iechternach hunn hei enk zesummegeschafft, fir dëse private Projet ze deblockéieren.

Fir d’DP weist dat, wéi wichteg eng konstruktiv Zesummenaarbecht tëscht Staat a Gemeng fir d’Entwécklung vun eiser Stad ass. 🤝

06/03/2026

Interessant a konstruktiv Comité-Sëtzung en vue vun den zukünftegen Erausfuerderungen 💙💙


06/03/2026

Mir waren den 28.02.2025 vertrueden um Quiz-Owend vun der DP Jonglënster. E flotten Owend schwéier Froen. Merci fir d'Organisation.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Echternach ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Echternach