08/06/2026
✉️ Äre Bréif ass ukomm...
D’Resultater vun der Selektioun sinn do!
Vun 275 Jonken aus Lëtzebuerg, déi sech dës Kéier beworben hunn, kréien 58 déi besonnesch Noriicht, op déi si gewaart hunn: eng Invitatioun fir Europa mam Zuch z’entdecken. 🌍🚆
Wann Dir Iech beworben hutt, kuckt elo an Är E-Maile ,vläicht waart Ären Ticket fir eng onvergiesslech Aventure schonn op Iech.
Mat kënnt Dir tëscht Juli 2026 a September 2027 duerch Europa reesen, nei Kulturen entdecken, Frëndschaften iwwer Grenzen eraus knäppen an Erënnerunge sammelen, déi nach laang bleiwen.
Vum Sonnenopgang zu Lissabon bis bei d’Nuetsliichter vu Berlin – Är Geschicht fänkt elo un. 💙
👏 Gratulatioun un all déi ausgewielten Teilnehmer·innen a vill Spaass op Ärer Rees!
Net dobäi dës Kéier? Keng Suerg, déi nächst Bewerbungsronn geet am Oktober op!
06/06/2026
Eis digital Zukunft wäert „Made in Europe“ sinn 🇪🇺
Technologie ass ee feste Bestanddeel vun eiser Welt. Si ass Deel vun eiser Sécherheetsinfrastruktur, vun eise Spideeler a vun eisem Energiereseau. Europa kann et sech net méi leeschten, hei vun aneren Acteuren ofhängeg ze sinn.
🌐 D’Kommissioun stellt dowéinst eng Rei vu Mesurë vir, déi d’Kapazitéite vun Europa an de Beräicher Computerchippen, kënschtlech Intelligenz, Cloud Computing an Open Source stäerken.
Den Tech Souveränitéits Pak ass een entscheedende Moment an der europäescher Approche vis-a-vis vun technologescher Souveränitéit. Et ass Zäit fir Europa, méi Kontroll iwwer seng Donnéeën, seng Liwwerketten an seng Zukunft zeréckzegewannen.
03/06/2026
🚴♀️💨 Haut ass de Welt-Vëlo-Dag! Mee zu Lëtzebuerg kéint ee souguer e bësse mengen, dass deen all Dag ass.
D'Land ass nämlech mat iwwer 600 Kilometer Vëlosweeër a 700 Circuite fir Mountain Bikes e richteg Paradis fir Vëlosfuerer.
🇪🇺 Och d' EuroVelo 5 (Via Romea) Vëlosstreck fiert duerch Lëtzebuerg. Iwwert 100 Kilometer vun dësem Wee, dee Roum mat London verbënnt, lafen duerch d'Land. Dobäi fiert een duerch Schengen iwwert d'Stad bis an d'Belsch eran, alles ouni vum Vëlo erofklammen ze mussen. Ausser dir braucht eng Paus natierlech. 😉
Sief et fir den alldeeglechen Aarbechtswee oder an der Fräizäit, Vëlofueren ass net nëmme gutt fir d'Gesondheet mee och fir d'Ëmwelt. Firwat also net dësen Dag feieren andeems dir e klengen Tour mam Vëlo maacht?