03/06/2026
Ministère de la Digitalisation Luxembourg
Offiziellen Account vum Ministère fir Digitaliséierung
Compte officiel du ministère de la Digitalisation
Official account of the Ministry for Digitalisation
Moderatiounspolitik: https://gd.lu/SP2fk
03/06/2026
21/05/2026
Fakt oder Fake? 🔍
Hëlleft eis en Tool ze developpéiere fir Deepfakes ze erkennen!
De 𝐆𝐨𝐯𝐓𝐞𝐜𝐡 𝐋𝐚𝐛 vum Ministère fir Digitaliséierung huet säin neiste Partenariat d’innovation mat der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA) lancéiert fir genee dee Challenge unzegoen!
Weider Informatiounen: https://gd.lu/44XZSG
20/05/2026
Haut war den 𝟖. 𝐈𝐧𝐭𝐞𝐫𝐝𝐢𝐬𝐳𝐢𝐩𝐥𝐢𝐧ä𝐫𝐞 𝐅𝐨𝐫𝐮𝐦 𝐢𝐰𝐰𝐞𝐫 𝐝𝐢𝐠𝐢𝐭𝐚𝐥 𝐈𝐧𝐤𝐥𝐮𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧!
Dës Editioun war markéiert vun den Diskussioune ronderëm d’Sproochebarrièren am Digitalen an der Präsentatioun vum neien Aktiounsplang fir digital Inklusioun.
D‘akademesch Keynote "Vu Luxusbuerg bis LLM – déi digital Geschicht vum Lëtzebuergeschen" huet een interessanten Abléck an dës Thematik geliwwert.
Ofschléissend huet d’Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin de Laureaten de Präis fir Digital Inklusioun 2026 iwwerreecht.
Déi 5 Projeten, déi vum Jury zréck behal goufe kënnt Dir op eisem YouTube Kanal entdecken: https://gd.lu/5W5lJJ
University of Luxembourg Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch - ZLS Ministère de la Culture, Luxembourg Gouvernement luxembourgeois Akzent - Zenter fir accessibel Kommunikatioun GIE vun der Stross
19/05/2026
Gëschter hat d‘ABBL eng Konferenz organiséiert bei där sech alles ronderëm den 𝐄𝐔 𝐃𝐢𝐠𝐢𝐭𝐚𝐥 𝐈𝐝𝐞𝐧𝐭𝐢𝐭𝐲 𝐖𝐚𝐥𝐥𝐞𝐭 gedréit huet!
Representantë vum Ministère a vum CTIE hu mat ronn 200 Experten aus dem Bankesecteur iwwert dem Wallet seng Prioritéiten a Challengë geschwat. Hei stinn d’Interoperabilitéit, d’Vertrauen an d’Sécherheet op éischter Platz.
Zesumme mam Ministère fir Digitaliséierung schafft de CTIE un der lëtzebuergescher Léisung vum europäeschen Identitéitsportmonni. Des gratis, fräiwëlleg a komplett vum Benotzer kontrolléiert Applikatioun wäert et de Bierger erlaben sech ze authentifizéieren, offiziell Dokumenter elektronesch ze stockéieren an ze deelen, an och Dokumenter gratis elektronesch ze ënnerschreiwen.
📷 © ABBL, INCERT, MinDigital
13/05/2026
Follow up vum KI-Dësch tëscht der Union des Syndicats OGBL-LCGB an de Ministeren Obertin a Margue !
Zesummen hunn d’Ministesch fir Digitaliséierung an d’Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit dem Här Pitt Bach vum OGBL d’Prioritéite zu der KI aus der Stratégie Gouvernement numérique 2026-2030 virgestallt.
📷© Ministère de la Digitalisation
12/05/2026
Um Programm vun der éischter Reunioun vum interministerielle Comité fir Digitaliséierung fir dëst Joer stoung:
📝 d'Präsentatioun vun der Feuille de route vu Guichet.lu a MyGuichet.lu ;
✅ d’Decisioun d’"Guidelines for best practices for public sector’s data scientists" op d’Notze vu KI auszedeenen ;
💼 de Secteur public op d’Asetzen vum EUDI Wallet ze preparéieren ; an
🗃️ d’Obligatioun vun der Inventarisatioun vun den Donnéeën vum ëffentleche Secteur.
➖
Au programme de la première réunion de cette année du Comité interministériel pour la digitalisation figuraient :
📝 la présentation de la feuille de route pour Guichet.lu et MyGuichet.lu ;
✅ la décision d’étendre les « Guidelines for best practices for public sector's data scientists » à l’utilisation de l’IA ;
💼 la préparation du secteur public au déploiement de l’EUDI Wallet ; et
🗃️ l’obligation de recenser les données du secteur public.
📷 © Ministère de la Digitalisation Luxembourg
🔍 Mir sichen een / eng Agent d'accueil!
⮕https://govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-ouverts/postes-vacants/employes/2026/C1/Mai/20260511-agentdaccueilmfrfe00042373-471849.html
Mellt Iech bis de 29. Mee iwwer MyGuichet.lu !
GovJobs
Digital Inklusioun betrëfft eis all! 🤝💪
Fir dem digitale Gruef vun der Gesellschaft weider entgéint ze wierken huet de Ministère fir Digitaliséierung en 2. Aktiounsplang fir digital Inklusioun an enker Kollaboratioun mat deenen anere Ministèren, Administratiounen a Partner vum Terrain ausgeschafft 👉 https://gd.lu/9HB7Kz
L'inclusion numérique nous concerne tous ! 🤝💪
Afin de lutter davantage contre la fracture numérique dans la société, le ministère de la Digitalisation a élaboré un deuxième plan d'action pour l'inclusion numérique, en étroite collaboration avec d'autres ministères, administrations et partenaires sur le terrain 👉 https://gd.lu/8J2Nrv
Digital inclusion concerns us all! 🤝💪
To further tackle the digital divide in society, the Ministry for Digitalisation has put together a second action plan for digital inclusion, in close collaboration with other ministries, administrations and partners on the ground 👉 https://gd.lu/9HB7Kz
🔍 Mir sichen een / eng Chef de Programme en Identité numérique!
⮕https://govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-ouverts/postes-vacants/fonctionnaires/2026/A1/Avril/20260430-chefdeprogrammeidentitnumrique-469300.html
Mellt Iech bis de 26. Mee iwwer MyGuichet.lu !
GovJobs
17/04/2026
Wousst Dir schonn, dass Dir Iech Är Rechnunge vun der Gemeng och an Äre private Beräich op .lu kënnt schécke loossen?📨 Aktivéiert dësen neien -Service ganz einfach an e puer Klicken iwwer guichet.lu/factures-communales a consultéiert Är Rechnungen online op .lu 👉 https://gd.lu/1cScQl
ℹ Dir kënnt dësen Service och iwwer eis .lu aktivéieren: "Catalogue des services › Rechercher par mots-clés : factures communales".
📍 Ministère de la Digitalisation Luxembourg | Ministère des Affaires intérieures | SIGI - Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique | Ville de Luxembourg | Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Contacter l'entreprise
Adresse
4, Rue De La Congrégation
Luxembourg
1352
