01/04/2026
Den 28. Mäerz hu mir am Kader vun der ACEL - de Studentevertrieder hirem "Student fir 1 Dag" um Campus Belval e Workshop gehalen, bei dem mir deene Jonken en Abléck a verschidden Tâchen aus eise Beruffer a fachspezifescht Wësse mat op de Wee gi konnten. Mir soe jidderengem wou sech ugemellt huet villmools Merci fir den Interessi, déi interessant Froen an dëse flotten Dag zesummen! Och e grousse Merci un d'ACEL fir d'Organisatioun, an dass mir och dëst Joer erëm d'Méiglechkeet hate matzemaachen.
31/03/2026
Haut hunn d'Julie an de Ben um radio 100,7 an der Emissioun "Kulturen" mam Valerija Berdi iwwert d'Jonk BAD an hier Missioune geschwat. Hei kënnt dir déi komplett Emissioun lauschteren:
10 Joer Jonk BAD
De Studenteverband Jonk BAD hëlleft jonke Mënschen, déi am Beräich vu Bibliothéiken, Archiven oder als Dokumentalist:inne studéierte wëllen, sech op de richtege Studiegang ze orientéieren. Dernieft bidde si eng ganz Rei Aktivitéiten un, wéi Ënnerstëtzung fir Stageplazen ze fannen. E weid...
26/03/2026
De 25. Mäerz ware mir am Lycée International School Michel Lucius mat eisem Stand fir hire Future Perspectives Day. Et war immens flott mat de Schüler*innen ze schwätzen a si iwwert eise Beräich ze informéieren! Mir soe villmools Merci, dass mir och dëst Joer erëm dobäi konnte sinn.
21/03/2026
Haut de Moie ware mir op der REELCD am Lycée classique de Diekirch. Mir soe villmools Merci fir d'Invitatioun, mir hate vill Freed iwwert eise Beräich opzeklären!
21/03/2026
Dir kënnt iech nach bis de 25. Mäerz fir eise Student fir 1 Dag umellen! https://sf1d.acel.lu/details/29 Et erwaarden iech vill nëtzlech Informatioune fir äre Studium, egal ob Informatiounswëssenschaften oder aneres. Dir kritt en Abléck an d'Studium, Beruffer a verschidde Recherchetools!
20/03/2026
Haut hate mir zesumme mat der Escher Bibliothéik e Stand am LHCE! Mir soen dem Lycée villmools Merci, dass mir och dëst Joer nees dierften dobäi si fir iwwert eis Beruffer a Studien ze schwätzen. Et war och ewéi ëmmer eng Freed eis mat deenen anere Cerclen auszetauschen! ACEL - de Studentevertrieder ALEM - Luxembourgish Medical Students' Association History.UL
19/03/2026
Den 18. Mäerz hu mir am Kader vun der "Matinée Info Emploi" an der Ecole Privée Fieldgen e puer Presentatiounen iwwert eis Missiounen, Studien a Beruffer an eise Beräicher halen dierfen. Mir soen dem Fieldgen villmools Merci fir d'Aluedung an och dem CDI vum Fieldgen, dass mir eis Presentatioun bei (a mat) hinnen halen dierften. Och e grousse Merci un all d'Schüler*innen déi sech ugemellt hunn a flott Froe gestallt hunn!
07/03/2026
Mellt iech fir eise Student fir 1 Dag Workshop den 28. Mäerz un: https://sf1d.acel.lu/details/29 Et erwaarden iech vill nëtzlech Informatioune fir äre Studium, egal ob Informatiounswëssenschaften oder aneres. Dir kritt en Abléck an d'Studium, Beruffer a verschidde Recherchetools!
07/03/2026
Mir soen dem Eldoradio an der ACEL - de Studentevertrieder villmools Merci fir dës Méiglechkeet an déi flott Säit iwwert eise Workshop um Student fir en Dag den 28. Mäerz!
www.eldo.lu
04/03/2026
Den 28. Februar ware mir op der Matinée d'information am Lycée du Nord - Wiltz, et huet eis gefreet dobäi ze sinn a jonk Leit informéieren ze kënnen. Mir soen dem Lycée du Nord villmools Merci fir dës Opportunitéit!
02/03/2026
De 26. Februar dierfte mir erëm eng Presentatioun an der Maison de l'orientation Luxembourg halen! Mir soen all deenen déi sech ugemellt hu villmools Merci fir dee groussen Interessi. Och e grousse Merci un d'Maison de l'Orientation fir hir laangjäreg Ënnerstëtzung an des Méiglechkeet.
01/03/2026
Haut um 1. Mäerz ass den "Hug a Librarian" Day! Vergiesst net äre léifste Bibliothecair*innen ze wënschen an se ganz fest ze drécken!