05/06/2026
LTPES - Lycée technique pour professions éducatives et sociales
Hei kritt dir Dir een Androck vun diversen Events a Formatiounen déi am LTPES stattfannen.
05/06/2026
01/06/2026
ET LEEFT – eng Ausstellung iwwert d’Menstruatioun 🩸
D’Klassen 1SGED08 an 1SGED09 aus dem Lycée Technique pour Professions Éducatives et Sociales organiséieren an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerg City Museum de Weekend vum 13. a 14. Juni 2026 e besonneschen Take-over vun der Ausstellung ‘ET LEEFT’ ënnert der Leedung vun der Madame Rassel.
De Weekend kënne Kanner a Jugendlecher u verschiddene pädagogeschen a spillereschen Aktivitéite ronderëm d’Thema Menstruatioun deelhuelen an de Musée op eng interaktiv a kreativ Aart a Weis entdecken. All Workshops ginn op Lëtzebuergesch ofgehalen.
Umeldung:
📞 +352 4796 4500
✉️ [email protected]
Detailléiert Beschreiwungen zu de Workshops: https://citymuseum.lu/de/event/take-over-ein-wochenende-von-und-fuer-junge-besucherinnen/?date=1781344800
🩸 Programm um Samschden, den 13.06.2026
1. Workshop: Die Periode verstehen
Publikum: Kinder; 8 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 10:15–11:15
Max. Teilnehmer*innen: 6
2. Workshop: Wortreise durch den Körper
Publikum: Kinder; 9 bis 16 Jahre
Uhrzeit: 11:00-12:00
Max. Teilnehmer*innen: 6
3. Workshop: Mary & ihre erste Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:00
Max. Teilnehmer*innen: 6
4. Workshop: Mein erstes Perioden-Kit
Publikum: Kinder; 10 bis 15 Jahre
Uhrzeit: 14:00–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8
5. Workshop: Wenn der Körper erzählt: Periode im Kamishibai
Publikum: Kinder; ab 6 Jahre
Uhrzeit: 16:00–16:30 oder 16:30–17:00
Max. Teilnehmer*innen: 8
🩸 Programm vum Sonnden, dem 14.06.2026
6. Workshop: Alex und seine Fragen zur Periode
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 13:00–14:00
Max. Teilnehmer*innen: 6
7. Workshop: Menstruation ohne Tabu
Publikum: Kinder; 10 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 14:30–15:30
Max. Teilnehmer*innen: 8
8. Workshop: Mythos oder Fakt? Alles über Menstruation
Publikum: Kinder; 6 bis 12 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 8
9. Workshop: Mission Körper – Die Reise durch die Menstruation
Publikum: Kinder; 7 bis 13 Jahre
Uhrzeit: 15:00–16:00
Max. Teilnehmer*innen: 6
26/05/2026
Den LTPES felicitéiert sengem Biosprof David Giacomini fir säi Succès beim Ziichte vu Kristaller, deen him zu weltwäiter Bekanntheet als Mineralienkënschtler verhollef huet. RTL huet him eng ganz Reportage gewidmet:
Am Portrait: De Mineralie-Kënschtler David Giacomini Den David Giacomini kreéiert Konschtwierker aus selwer geziichten, syntheetesche Kristallen an natierleche Mineralien.
24/05/2026
LTPES in Mauthausen Vom 7. bis 11. Mai reiste eine Gruppe von 30 Schüler*innen des Lycée Technique pour Professions Éduc
22/05/2026
Gegen das Vergessen | 30 LTPES-Schüler nehmen an internationaler Befreiungszeremonie in Mauthausen teil Studienreise luxemburgischer Schüler nach Mauthausen: Gedenkfeier, historische Aufklärung und Erinnerung an NS-Opfer für eine lebendige und verantwortungsbewusste Erinnerungskultur.
21/05/2026
🌍🥐 E bewosste Start an d’Zukunft! ☕🍓
Den 8. Mee hunn eis Premièresklassen hire leschte Schouldag op eng ganz speziell Aart a Weis gefeiert:
Bei engem gemeinsame Fairtrade-Frühstück mat ronn 300 Participanten – Schüler_innen an Enseignant_innen – stoungen net nëmmen de Genoss, mee och d’Bewosstsinn an d’Nohaltegkeet am Mëttelpunkt. 💚
Um Menü: regional, saisonal a fair gehandelt Produiten, déi mat hirem Goût iwwerzeegt hunn an gläichzäiteg gewisen hunn, wéi wichteg fair Produktiounsbedéngungen an e verantwortungsvolle Konsum sinn. 🌱
Dësen Event sollt eis Schüler_innen – als zukünfteg Erzéier_innen a Virbiller – dozou inspiréieren, sech fir eng méi gerecht a nohalteg Welt anzesetzen. ✨
E grousse Merci geet un de GIMB-Label (gesond iessen – méi beweegen), deen dëse flotte Moien duerch seng finanziell Ënnerstëtzung méiglech gemaach huet. 🙏
💛 E schéinen Ofschloss voller Zesummenhalt, Bewosstsinn a positiven Impulser fir d’Zukunft!
Nohaltegkeetscomité:
Laurence Linster, Valérie Schandeler, Valérie Rassel
21/05/2026
D’Madamm Rassel huet zesumme mat der Klass 1SGED06 de Kannermusée Plomm zu Wooltz besicht. D’Klass krut den Optrag, sech mam Ressourcenzenter auserneen ze setzen an eng kreativ Vir- an Nobereedung fir potentiell Adressat_innen auszeschaffen. 😄🎨🖼
20/05/2026
E Méinden, den 18.05. hunn d'Schüler/innen aus der 1SGED03 am Kader vum Fach „PEALS“ en Training fir d’Unified Special Olympics Basketball-Equipe virbereet an duerchgefouert. 💪🏼🏀
Um Programm stounge Basketball- an allgemeng Koordinatiounsstatiounen, natierlech mat vill Spaass a Freed verbonnen. 😊😎
Mir si stolz, datt mir dësen Training mat de Sportler/innen konnten organiséieren, a mir freeën eis schonn drop, iech bei ären nächsten Eventer unzefeieren. 🥳
Mir ënnerstëtzen iech bei de Saarland Spiller, déi vum 15. bis den 20. Juni zu Saarbrécken stattfannen. 🤩
E grousse Merci un d'Trainere Julie & Rocky fir dës flott Méiglechkeet! 😁🏆
19/05/2026
Den 12. Mee war d’Klass 1SGED08 zesumme mat hire Proffen, den Damme Sandra Alves a Dagmar Heinen de ganzen Dag an der Cité Judiciaire, fir um Atelier „Youstice“ vum ZPB. deelzehuelen.
No enger kuerzer Introductioun konnten d’Schülerinnren 2 reell Audience suivéiere an sech duerno mat engem Procureur vum Jugendgeriicht an engem Affekot austauschen.
Besonnesch spannend wor d’Rollespill zum Schluss. D’Schülerinnen hunn selwer d’Roll vu Magistraten, Affekoten, Affer an Täter iwwerholl a missen zesummen ee Fall behandelen an decidéiren. Dobäi konnten si erliewen, wéi komplex d'Entscheedungen an der Justiz kënne sinn.
Et war eng an léierräich Erfarung, mat villen neie Andréck an Ablécker an d’Welt vun der Justiz.
E grousse Merci un all déi Persounen, déi dësen Dag esou interessant a lieweg gestalt hunn.
15/05/2026
Mir si prett, fir eis 300 PrimanerInnen e Méindeg fir den Ufank vun de schrëftlechen Exame vum Premièresexamen ze empfänken. Mir halen Iech d'Daumen 🤞 a féiwere mat Iech mat 🤒. Dir rockt dat 💪! Bonne chance fir Iech all 🍀!
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Type
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
45, Rue De La Gare
Mersch
7590
