03/06/2026
Den 11. Juni gëtt d’Villa Faber feierlech ageweit! An de Woche virdrun huet d’Ekipp vu MIERSCH TV d’Aarbechten op der Plaz begleet. Donieft ass de Fit for Future am LTPES och ee Sujet an dëser Emissioun.
[MIERSCH TV] Emissioun vum 3. Juni 2026
Den 11. Juni gëtt d’Villa Faber feierlech ageweit! An de Woche vird...
28/05/2026
🇱🇺⚠️ NEI ËFFNUNGSZÄITEN ⚠️
Ab dem 1. Juni 2026 gëllen déi follgend Ëffnungszäiten op eiser Kompostanlag um Angelsbierg:
🗓️ Méindes: Zou
🗓️ Dënschdes – Freides: 09h – 12h / 13h – 17h
🗓️ Samschdes: 09h – 16h
🗓️ Sonndes: Zou
📍 Eis Lokalisatioun:
https://maps.app.goo.gl/HJHn8Wf9wcpdeZAJ9
🇫🇷⚠️ NOUVEAUX HORAIRES D’OUVERTURE ⚠️
À partir du 1er juin 2026, notre installation de compostage à Angelsberg sera ouverte selon les horaires suivants :
🗓️ Lundi : Fermé
🗓️ Mardi – Vendredi : 09h – 12h / 13h – 17h
🗓️ Samedi : 09h – 16h
🗓️ Dimanche : Fermé
📍 Notre localisation :
https://maps.app.goo.gl/HJHn8Wf9wcpdeZAJ9
20/05/2026
🇱🇺D‘Gemengenarchiv an d‘Lieshaus plënneren 📚
De Plënnerdag ass do! De Chantier vun der Villa Faber ass esou wäit ofgeschloss, datt d’Medien an d’Dokumenter vum Gemengenarchiv an aus dem Mierscher Lieshaus eng nei Heemecht kréien. D’Mataarbechterinnen a Comitésmembere vun der Bibliothéik hunn am Virfeld knapp 18.000 Medien a 500 Këschte agepaakt. Eng Plënnerfirma ënnerstëtzt d’Lieshaus zënter haut beim Transport.
Parallel koordinéiert d’Gemengenarchivistin zesumme mat der Gebaier-Ekipp vun der Gemeng déi kuerz Rees vu ronn 170.000 Feuilleten an Dokumenter, ofgepaakt an 200 Këschten a Classeuren, op déi nei Adress op 7, an der Wisestrooss.
👉Viraussiichtlech vum 2. Juni un ass d’Mierscher Lieshaus erëm zu deene gewinnten Ëffnungszäite fir de Grand public op. Als drëtte Partner an der Villa Faber deplacéieren och d’Mierscher Geschichtsfrënn hiert historescht Material am Laf vun den nächsten Deeg an d’Wisestrooss.
🇫🇷Déménagement du service de l’archivage et de la bibliothèque 📖
Le grand jour du déménagement est arrivé ! Les travaux de la Villa Faber étant suffisamment avancés, les médias et les documents des archives communales ainsi que ceux du Mierscher Lieshaus sont en route vers leur nouvel hébergement.
Les collaboratrices et quelques membres du comité de la bibliothèque ont préparé en amont près de 18 000 médias dans 500 boîtes. Une entreprise de déménagement a pris en charge le transport des livres et des autres médias du Mierscher Lieshaus.
En parallèle, l’archiviste communale coordonne, avec l’équipe des bâtiments de la commune, le déménagement de quelque 170 000 feuillets et documents, conditionnés dans 200 boîtes, vers la nouvelle adresse au 7, rue des Prés.
👉À partir du 2 juin probablement, le Mierscher Lieshaus rouvrira ses portes au public selon ses horaires d’ouverture habituels. En tant que troisième partenaire impliqué dans la Villa Faber, les Mierscher Geschichtsfrënn transféreront également leur matériel historique dans les prochains jours vers la rue des Prés.
20/05/2026
An dëser Emissioun vu MIERSCH TV geet et an de Bësch!🌳 Mir kucken zeréck op d’Feierlechkeete fir den éischte Mee an op d’Holzstee zu Rolleng.🪵
[MIERSCH TV] Emissioun vum 20. Mee 2026
An dëser Emissioun vu MIERSCH TV geet et an de Bësch! Mir kucken zeréck op d’Feierlechkeete fir den éischte Mee an op d’Holzstee zu Rolleng.
19/05/2026
Grouss Talenter. Topp Stëmmung. Fannt hei de Line-Up vun der éischter Fête de la musique zu Miersch!🎤🎸 Den 19. an 20. Juni op der Méchelsplaz. 🙌
Des musiciens déchaînés ! Une ambiance de ouf ! Retrouvez ici la programmation de la première fête de la musique à Mersch ! 🎤🎸 Les 19 et 20 juin à la place Saint-Michel. 🙌
15/05/2026
🇱🇺 Stärentour zu Miersch 🚴♀️
Eng 90 Schoulkanner aus de Cyclen 3 a 4 hunn haut de Moien um Stärentour zu Miersch deelgeholl. Op Initiativ vun der Elterevereenegung, mat der Ënnerstëtzung vum Schoulcomité, der Gemeng, der Police an enger 15 Mammen a Pappen, sinn d’Kanner aus 9 Richtungen aus deenen 8 Uertschaften op de Krounebierg gefuer. Dobäi stoung d’Sécherheet un éischter Plaz: Helm um Kapp, de Vëlo konform zum Code de la route, reflektéierend an dem Wieder ugepasste Kleedung.
Fir ee gudde Start an den Dag, krute si als Belounung ee Croissant an ee Becher mat gesonde Produkter aus Kären offréiert.
Mam Vëlo sécher an d’Schoul – no dësem Motto organiséiert d’Elterevereenegung zënter e puer Joer de Stärentour bis an d’Schoul Cécile Ries um Krounebierg. Ze bemierke bleift, datt bei guddem Wieder bis zu 40 Kanner aus de Cyclen 3 a 4 reegelméisseg op de Vëlo oder hir Trottinette zeréckgräifen.
🇫🇷 Stärentour à Mersch 🚴♂️
90 élèves des cycles 3 et 4 ont participé ce matin au Stärentour à Mersch. À l’initiative de l’Association des parents d’élèves, avec le soutien du comité d’école, de la commune, de la police et de 15 mamans et papas, les enfants sont partis de 9 directions des 8 localités vers le Krounebierg. La sécurité et la visibilité étaient au cœur des préoccupations : casque obligatoire, vélo conforme au Code de la route ainsi que vêtements réfléchissants et adaptés à la météo.
Pour bien commencer la journée, une récompense les attendait : un croissant et un gobelet rempli de produits sains à base de céréales leur ont été offerts.
Sous la devise À vélo en sécurité jusqu’à l’école, l’Association des parents d’élèves organise depuis plusieurs années ce Stärentour jusqu’à l’école Cécile Ries, située au Krounebierg. À noter que, par beau temps, jusqu’à 40 enfants des cycles 3 et 4 se rendent régulièrement à l’école en vélo ou en trottinette.
15/05/2026
⚠️ OPGEPASST: Wéi de Bauhär der Gemeng Miersch matgedeelt huet, fänken d’Aarbechten wéinst Problemer bei der Planifikatioun zu engem spéideren Zäitpunkt un. Fir de Moment ass den neien Datum vum Ufank vun den Aarbechten nach net bekannt.
⚠️ ATTENTION : Comme l’a annoncé le maître d’ouvrage, les travaux prévus débuteront à une date ultérieure en raison d’ajustements de planification. La date exacte de commencement n’a pas encore été déterminée.
+++++++++++++++++
https://www.mersch.lu/actualites/ficheactualites/2026-05-12/fermeture-dune-partie-de-la-piste-cyclable-pc-15