30/10/2026
𝐑𝐞́𝐜𝐤𝐛𝐥𝐞́𝐜𝐤 𝐨𝐩 𝐝‘𝐑𝐞𝐜𝐨𝐥𝐭𝐞 𝐛𝐞𝐢𝐦 𝑾𝒆̈𝒍𝒍𝒑𝒍𝒂𝒏𝒛𝒆𝒔𝒐𝒎 𝑳𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒃𝒖𝒆𝒓𝒈 𝐯𝐮𝐧 𝐝𝐞̈𝐬𝐞𝐫 𝐒𝐚𝐢𝐬𝐨𝐧🌼
D'Recoltesaison vun der 𝑊𝑒̈𝑙𝑙𝑝𝑙𝑎𝑛𝑧𝑒𝑠𝑜𝑚 𝐿𝑒̈𝑡𝑧𝑒𝑏𝑢𝑒𝑟𝑔-Genossenschaft ass ofgeschloss!💪 Dës Saison goufen op enger Fläch vu ronn 7 ha insgesamt Geseems vun 31 verschiddenen Aarte recoltéiert.🫘
Trotz den erausfuerderende Wiederkonditioune vun dësem Summer☀🌡 konnt eng grouss Quantitéit u Geseems recoltéiert ginn: 19 Pallette goufen dëst Joer op de Wee bei d’Partnerfirma Rieger-Hofmann geschéckt. 🚛
Virun der Liwwerung gëtt d’Recolte virgedrescht, woubäi ongewollt Planzendeeler erausgefiltert ginn.🌱 An engem nächste Schrëtt gëtt d’Geseems vun der Firma Rieger-Hofmann mat spezielle Maschinne ganz reng gebotzt an ofgewien.⚖ All Tut an all BIGBAG gëtt genee beschrëft, fir datt d'Hierkonft zu all Moment novollzéibar bleift.📍 Dës Transparenz ass e wichtege Bestanddeel vun der Zertifizéierung vum Wëllplanzesom Lëtzebuerg. Mir si gespaant, ob mir och dëst Joer nees eng Tonn Geseems knacken – esou wéi dat schonn déi lescht Saison gelongen ass!😍
E grousse Merci un all eis Produzenten, déi mat vill Asaz a Fachwëssen dozou bäidroen, datt heemesche Wëllplanzesom aus regionaler Hierkonft produzéiert gëtt.💚