Gemeng Manternach

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Gemeng Manternach Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Gemeng Manternach, Service public, 3, Kierchewee, Manternach.

🇱🇺 Är Foto fir an de Buet 📸Den nächste Gemengebuet ass an der Maach 😊📅 Hutt Dir eng schéi Foto an der Gemeng Manternach ...
30/10/2026

🇱🇺 Är Foto fir an de Buet 📸

Den nächste Gemengebuet ass an der Maach 😊
📅 Hutt Dir eng schéi Foto an der Gemeng Manternach gemaach?
Da schéckt se eis bis den 8. November op [email protected], fir datt se eventuell an der nächster Editioun vum Buet erschéngt. 🌿🏞️
Mir freeën eis op Är flott Biller! 😊

Wann Dir eis eng Foto schéckt, sidd Dir domat averstanen, datt mir se am Buet an op eise soziale Medie publizéieren. Schreift eis w.e.g. dobäi, wien d'Foto gemaach huet an ob mir den Numm nennen däerfen.

🇫🇷 Votre photo pour le bulletin communal 📸

Le prochain bulletin communal est en préparation 😊
📅 Vous avez pris une belle photo dans la commune de Manternach ?
Envoyez-la jusqu'au 8 novembre à [email protected] pour peut-être la voir dans la prochaine édition du bulletin. 🌿🏞️
Nous avons hâte de découvrir vos plus belles photos ! 😊

En nous envoyant votre photo, vous acceptez qu'elle soit publiée dans le bulletin communal et sur nos réseaux sociaux. Merci d'indiquer qui a pris la photo et si nous pouvons mentionner son nom.

🇱🇺 ℹ️ Update wéinst de Stroossenaarbechten – C.R.137 bleift méi laang gespaart 🚧Wéi schonn annoncéiert ass den C.R.137 t...
30/10/2026

🇱🇺 ℹ️ Update wéinst de Stroossenaarbechten – C.R.137 bleift méi laang gespaart 🚧

Wéi schonn annoncéiert ass den C.R.137 tëscht Mënjecker a Gréiwemaacher zënter dem 27. Abrëll 2026 fir de Verkéier gespaart. Grond sinn Aarbechten un der Bréck iwwert d’Autobunn (OA1128).

📅 D’Spärung gëtt verlängert a bleift bis op Weideres – viraussiichtlech bis Enn Juli 2027 (amplaz Enn Februar 2027). D’Deviatioun bleift ageriicht.

👉 Betraffe Linnen: 273, B13, B14, B20 a B21

🔹 Linnen 273, B13 a B21
Fuere vu Gréiwemaacher iwwert den C.R.139 a Richtung Schorenshaff – C.R.139 a Richtung Manternach – C.R.137 op Mënjecker – Op de Groesteen – zréck iwwert den C.R.137 op Manternach – duerno normalen Trajet (an ëmgekéiert).
⏰ D’Course B13 3520 fiert 10 Minutte méi fréi (Gréiwemaacher-Gare routière um 6h50).
⏰ D’Course B21 3251 fiert 10 Minutte méi fréi (Iechternach-Gare Centre um 6h05).

🔹 Linnen B14 a B20
Fuere vu Gréiwemaacher iwwert den C.R.139 a Richtung Schorenshaff – C.R.139 a Richtung Manternach – duerno normalen Trajet (an ëmgekéiert).
🚫 Mënjecker gëtt net ugefuer.

🙏 Merci fir Äert Versteesdemech!

🇫🇷 ℹ️ Mise à jour concernant les travaux routiers – Fermeture du C.R.137 prolongée 🚧

Comme déjà annoncé, le C.R.137 entre Münschecker et Grevenmacher est fermé à toute circulation depuis le 27 avril 2026, en raison de travaux de remise en état du pont sur l’autoroute (OA1128).

📅 La fermeture est prolongée jusqu’à nouvel avis (probablement fin juillet 2027), au lieu de fin février 2027. La déviation reste en place.

👉 Lignes concernées : 273, B13, B14, B20 et B21

🔹 Lignes 273, B13 et B21
Circulation de Grevenmacher via le C.R.139 en direction de Schorenshaff – C.R.139 en direction de Manternach – C.R.137 vers Münschecker – Op de Groesteen – retour via le C.R.137 vers Manternach – puis itinéraire normal (et vice-versa).
⏰ La course B13 3520 est avancée de 10 minutes au départ (Grevenmacher-Gare routière à 6h50).
⏰ La course B21 3251 est avancée de 10 minutes au départ (Echternach-Gare Centre à 6h05).

🔹 Lignes B14 et B20
Circulation de Grevenmacher via le C.R.139 en direction de Schorenshaff – C.R.139 en direction de Manternach – puis itinéraire normal (et vice-versa).
🚫 La localité de Münschecker n’est pas desservie.

🙏 Merci pour votre compréhension !

🇱🇺 Kondolenzbuch fir eisen Éierebuergermeeschter Henri FrankBis e Freideg, den 30. Oktober, ëm 11h30 läit am Gemengenhau...
27/10/2026

🇱🇺 Kondolenzbuch fir eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank

Bis e Freideg, den 30. Oktober, ëm 11h30 läit am Gemengenhaus e Kondolenzbuch fir eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank aus.

Jiddereen, deen Abschid vun him huele wëll, ka sech wärend den Ëffnungszäite vun der Gemeng an d'Kondolenzbuch androen:

Dënschdes 8h30–11h30 a 14h00–16h00
Mëttwochs, Donneschdes a Freides: 8h30–11h30
Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

D'Buch gëtt duerno senger Famill iwwerreecht.

🇫🇷 Registre de condoléances pour notre bourgmestre honoraire Henri Frank

Jusqu'au vendredi 30 octobre à 11h30, un registre de condoléances pour notre bourgmestre honoraire Henri Frank est mis à disposition à la maison communale.

Toute personne souhaitant lui rendre un dernier hommage peut signer le registre de condoléances pendant les heures d'ouverture de la commune :

Mardi : 8h30–11h30 et 14h00–16h00
Mercredi, jeudi et vendredi : 8h30–11h30
Maison communale, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

Le registre sera ensuite remis à sa famille.

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach huet déi traureg Matdeelung kritt, datt eisen Éierebuergermeescht...
26/10/2026

🇱🇺 De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Manternach huet déi traureg Matdeelung kritt, datt eisen Éierebuergermeeschter Henri Frank verscheet ass.

Den Henri Frank war vun 1975 bis 2005 Buergermeeschter vun eiser Gemeng, an duerno nach eng Kéier vun 2011 bis 2017 – zesumme 36 Joer. 2018 gouf hie fir säi laangjäregt Engagement zum Éierebuergermeeschter genannt.

Mat voller Iwwerzeegung huet hie sech fir eis Gemeng an hir Biergerinnen a Bierger agesat. D'Entwécklung vun eise véier Dierfer huet hie wesentlech matgestalt. Esou war hie maassgeeblech un der Grënnung vum Gemengesyndikat SYNECOSPORT bedeelegt an huet domat de Grondstee fir eis Schoul- a Sportinfrastruktur geluecht.

Och am Veräinsliewe war hien aktiv, ënner anerem als President vum FC Berdenia Berbuerg.

Als Zeeche vun der Trauer hänken d'Fändelen iwwerall an der Gemeng op Hallefmast.

Eis Gedanke si bei senger Famill, där mir eist déift Matgefill ausdrécken.

Merci, Heng. Mir wäerten dech mat Dankbarkeet an Erënnerung behalen. Rou a Fridden.

🇫🇷 Le collège des bourgmestre et échevins et le conseil communal de la commune de Manternach ont appris avec tristesse le décès de notre bourgmestre honoraire, Henri Frank.

Henri Frank a été bourgmestre de notre commune de 1975 à 2005, puis à nouveau de 2011 à 2017, soit 36 ans au total. En 2018, il a été nommé bourgmestre honoraire en reconnaissance de son engagement de longue date.

Avec une profonde conviction, il s'est investi pour notre commune et ses citoyennes et citoyens. Il a contribué de manière déterminante au développement de nos quatre villages. Il a ainsi joué un rôle majeur dans la création du syndicat intercommunal SYNECOSPORT et a posé les bases de nos infrastructures scolaires et sportives.

Il a également été actif dans la vie associative, notamment en tant que président du FC Berdenia Berbourg.

En signe de deuil, les drapeaux sont en berne partout dans la commune.

Nos pensées accompagnent sa famille, à laquelle nous exprimons toute notre sympathie.

Merci, Heng. Nous garderons ton souvenir avec gratitude. Repose en paix.

🧺🧺 HAUT // AUJOURD'HUI 🧺🧺🇱🇺 🧺 1km Maart zu Berbuerg 🍂🛍️📅 E Sonndeg, de 25. Oktober 2026🕙 vun 9h00 bis 17h00📍 an der Scho...
25/10/2026

🧺🧺 HAUT // AUJOURD'HUI 🧺🧺

🇱🇺 🧺 1km Maart zu Berbuerg 🍂🛍️
📅 E Sonndeg, de 25. Oktober 2026
🕙 vun 9h00 bis 17h00
📍 an der Schoulstrooss zu Berbuerg

Berbuerg verwandelt sech erëm an e grousse Maart — mat Kleeder, frëschem Uebst a Geméis 🍎🥕, Hobby-Stänn, Floumaart an enger flotter Ambiance fir Grouss a Kleng.
🍔 Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech beschtens gesuergt.
Kommt laanscht a verbréngt e flotte Sonndeg zu Berbuerg! 🎉

https://fb.me/e/9kCYFztVo

🇫🇷 🧺 1km Maart à Berbourg 🍂🛍️
📅 Dimanche 25 octobre 2026
🕙 de 9h00 à 17h00
📍 dans la Schoulstrooss à Berbourg
Berbourg se transforme à nouveau en un grand marché — avec des stands de vêtements, de fruits et légumes frais 🍎🥕, de loisirs, un marché aux puces et une ambiance conviviale pour petits et grands.
🍔 Côté restauration, tout est bien sûr prévu pour se régaler.
Venez nombreux passer un beau dimanche à Berbourg ! 🎉

-Fans

🇱🇺 ⏰ Zäitëmstellung: an der Nuecht vu Samschdeg op SonndegAn der Nuecht vum 24. op de 25. Oktober ginn d'Aueren eng Ston...
23/10/2026

🇱🇺 ⏰ Zäitëmstellung: an der Nuecht vu Samschdeg op Sonndeg

An der Nuecht vum 24. op de 25. Oktober ginn d'Aueren eng Stonn zeréckgestallt: um 3h00 ass et nees 2h00. Eng Stonn méi laang schlofen 😴

🚌 Den Nightlifebus Biwer–Manternach fiert déi Nuecht no der aler an no der neier Zäit, fir sécher heem ze kommen 🏡

D'Busser fueren um Roosevelt of:
🌙 1h20 – nach Summerzäit
❄️ 2h20 an 3h20 – scho Wanterzäit

Eraklamme kann een an der Stad (Roosevelt, Amélie, Badanstalt), zu Clausen (Clausener Bréck) an um Kierchbierg (Gare Luxexpo).
An eiser Gemeng hält de Bus zu Berbuerg (Schoulstrooss a Kierch), zu Manternach (Gare) an zu Mënjecker. Zu Lelleg hält en op Nofro beim Chauffeur.

De Bus ass gratis! ℹ️ www.nightlifebus.lu · www.mobiliteit.lu

🇫🇷 ⏰ Changement d'heure : dans la nuit de samedi à dimanche

Dans la nuit du 24 au 25 octobre, nous reculons nos montres d'une heure : à 3h00, il sera à nouveau 2h00. Une heure de sommeil en plus 😴

🚌 Le Nightlifebus Biwer–Manternach circule cette nuit-là selon l'ancienne et la nouvelle heure, pour rentrer chez vous en toute sécurité 🏡

Départs à Roosevelt :
🌙 1h20 – encore à l'heure d'été
❄️ 2h20 et 3h20 – déjà à l'heure d'hiver

Montée possible à Luxembourg-Ville (Roosevelt, Amélie, Badanstalt), à Clausen (Clausener Bréck) et au Kirchberg (Gare Luxexpo).
Dans notre commune, le bus s'arrête à Berbourg (Schoulstrooss et Kiirch), à Manternach (Gare) et à Münschecker. À Lellig, arrêt sur demande auprès du chauffeur.

Le bus est gratuit ! ℹ️ www.nightlifebus.lu · www.mobiliteit.lu

22/10/2026
🚨 WICHTEG MATDEELUNG – XYLELLA FASTIDIOSA 🌿🇱🇺 Aschränkunge bei der Entsuergung vum Gréngschnëtt zu MënjeckerWéinst dem O...
22/10/2026

🚨 WICHTEG MATDEELUNG – XYLELLA FASTIDIOSA 🌿

🇱🇺 Aschränkunge bei der Entsuergung vum Gréngschnëtt zu Mënjecker

Wéinst dem Optauche vun der Planzebakterie Xylella fastidiosa an der Lëtzebuerger Muselregioun goufe Schutzmoossnamen ergraff, fir eng weider Verbreedung ze verhënneren.
D’Uertschaft Mënjecker läit an der betraffener Pufferzon (zone tampon).

⚠️ Fir d’Awunner vu Mënjecker gëlle bis op Weideres dës Moossnamen:

🌿 Gréngschnëtt
D’Gemeng stellt zu Mënjecker e Container fir de Gréngschnëtt op.
📍 Standuert vum Container:
👉 https://maps.app.goo.gl/SbwgPWtHDe7HURi96
➡️ Mir bieden d’Awunner vu Mënjecker, kee Gréngschnëtt an déi brong Bio-Poubelle ze geheien.

⚠️ Wichtegen Hiwäis
Fir eng weider Verbreedung vun der Bakterie ze verhënneren, däerfe Planzen a Planzematerial, déi potenziell Wiertsplanze vun Xylella fastidiosa sinn, net aus der ofgegrenzter Zon eraus transportéiert ginn.
Bei Verdacht op eng Infektioun soll de Service de la protection des végétaux vun der ASTA informéiert ginn.
📧 [email protected]

🌱 Firwat sinn dës Moossnamen néideg?
Xylella fastidiosa ass eng Bakterie, déi eng grouss Zuel u Planzenaarte befale kann – net nëmme Wäiriewen, mee och Uebstbeem, Zierplanzen an aner Beem a Sträicher.
D’Bakterie kann zu schwéiere Schied féieren, bis hin zum Ofstierwe vun de betraffene Planzen. Si gëtt haaptsächlech duerch bestëmmt Insekten an duerch den Transport vu befallene Planze verbreet.
Dës Schutzmoossnamen déngen dozou, eng weider Verbreedung ze verhënneren an eis Planzen, Gäert an de Wäibau ze schützen.

✅ D’Bakterie stellt keng Gefor fir Mënschen oder Déieren duer.

📢 Ëffentlechen Informatiounsowend
Déi zoustänneg Autoritéiten informéieren iwwer d’Bakterie, déi gëlteg Schutzmoossnamen an d’Flichten an de betraffene Gebidder.
📅 E Méindeg, den 26. Oktober 2026
🕖 19h00
📍 Centre culturel Machera, 3, Place du Marché aux Bestiaux, Gréiwemaacher
Duerno besteet d’Méiglechkeet, den zoustännege Fachleit Froen ze stellen.

🙏 Mir bieden all Biergerinnen a Bierger, dës Moossnamen ze respektéieren, a soen Iech Merci fir Äert Verständnis an Är Mathëllef.
Iwwer eventuell Ännerunge wäerte mir Iech informéieren.

ℹ️ Weider Informatiounen iwwer Xylella fastidiosa an déi offiziell Schutzmoossnamen:
👉 https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2026/10-octobre/01-mobibus/14-bacterie-vignoble.html

🇫🇷 Restrictions concernant l’élimination des déchets verts à Münschecker

Suite à la détection de la bactérie Xylella fastidiosa dans la région de la Moselle luxembourgeoise, des mesures de protection ont été mises en place afin d’éviter sa propagation.
La localité de Münschecker se trouve dans la zone tampon concernée.

⚠️ Les mesures suivantes s’appliquent jusqu’à nouvel ordre aux habitants de Münschecker :

🌿 Déchets verts
La commune installe à Münschecker un conteneur spécialement prévu pour les déchets verts.
📍 Emplacement du conteneur :
👉 https://maps.app.goo.gl/SbwgPWtHDe7HURi96
➡️ Nous prions les habitants de Münschecker de ne pas jeter de déchets verts dans la poubelle brune (biodéchets).

⚠️ Information importante
Afin d’éviter toute propagation de la bactérie, il est interdit de transporter hors de la zone délimitée des végétaux ou du matériel végétal susceptibles d’être des plantes hôtes de Xylella fastidiosa.
En cas de suspicion d’infection, il convient de contacter le Service de la protection des végétaux de l’ASTA.
📧 [email protected]

🌱 Pourquoi ces mesures sont-elles nécessaires ?
Xylella fastidiosa est une bactérie qui peut affecter un grand nombre d’espèces végétales – non seulement la vigne, mais également les arbres fruitiers, les plantes ornementales ainsi que d’autres arbres et arbustes.
Cette bactérie peut provoquer d’importants dégâts, pouvant aller jusqu’au dépérissement des plantes infectées. Elle se propage principalement par certains insectes et par le déplacement de végétaux contaminés.
Ces mesures de protection visent à limiter sa propagation et à préserver nos végétaux, nos jardins ainsi que notre patrimoine viticole.

✅ Cette bactérie ne présente aucun danger pour l’être humain ni pour les animaux.

📢 Réunion d’information publique
Les autorités compétentes présenteront la bactérie, les mesures de protection mises en place ainsi que les obligations applicables dans les zones concernées.
📅 Lundi 26 octobre 2026
🕖 19h00
📍 Centre culturel Machera, 3, Place du Marché aux Bestiaux, Grevenmacher
À l’issue de la réunion, les participants pourront poser leurs questions aux experts compétents.

🙏 Nous prions tous les citoyens de respecter ces mesures et les remercions de leur compréhension et de leur collaboration.
Toute modification de ces dispositions sera communiquée en temps utile.

ℹ️ Informations complémentaires sur Xylella fastidiosa et les mesures officielles de protection :
👉 https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2026/10-octobre/01-mobibus/14-bacterie-vignoble.html

Le ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture informe que la présence de la bactérie Xylella fastidiosa a été confirmée sur trois sites du vignoble mosellan luxembourgeois.

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️📅 Mëttwochs, den 28. Oktober 2026 ëm 14h00📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus...
22/10/2026

🇱🇺 Nächst Gemengerotssëtzung zu Manternach 🏛️

📅 Mëttwochs, den 28. Oktober 2026 ëm 14h00
📍 Am Sëtzungssall am Gemengenhaus, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

📝 Op der Dagesuerdnung stinn ënnert anerem:
A geschlossener Sëtzung:
👤 Engagement vun engem Gemengen-Employé fir de Poste vum Sportskoordinator
An ëffentlecher Sëtzung:
🏦 Grondsazentscheedung iwwer en Emprunt
🪧 Decisioun iwwer déi offiziell Panneauen (Reider)
📣 Festleeë vun den Indemnitéite fir Déngschtleeschtungen am Kader vun der Ëffentlechkeetsaarbecht
🗂️ Syndikater / Kommissiounen – Informatioune vun den Delegéierten / Presidenten
💬 Kommunikatioun vum Schäfferot a Froe vun de Gemengeréit

👥 D'Sëtzung ass ëffentlech vum Punkt 2 un – all interesséiert Biergerinnen a Bierger sinn häerzlech wëllkomm!

🇫🇷 Prochaine séance du Conseil communal de Manternach 🏛️

📅 Mercredi 28 octobre 2026 à 14h00
📍 Dans la salle des séances de la Maison communale, 3 Kierchewee, L-6850 Manternach

📝 À l'ordre du jour figurent notamment :
En séance à huis clos :
👤 Engagement d'un employé communal pour le poste du coordinateur sportif
En séance publique :
🏦 Décision de principe concernant la réalisation d'un emprunt
🪧 Décision concernant les panneaux d'affichage officiels (Reider)
📣 Fixation des indemnités pour prestations de services dans le cadre des relations publiques
🗂️ Syndicats / Commissions – Informations des délégués / Présidents
💬 Communication du collège des bourgmestre et échevins et questions des conseillers

👥 La séance est publique à partir du point 2 – toutes les personnes intéressées sont les bienvenues !



https://manternach.lu/conseil-communal-28-10-2026/

🇱🇺✨ Adventsfënsteren – Zesumme Liicht schenken! ✨D’Jugend- a Sportskommissioun zesumme mat der Integratiounskommissioun ...
21/10/2026

🇱🇺✨ Adventsfënsteren – Zesumme Liicht schenken! ✨
D’Jugend- a Sportskommissioun zesumme mat der Integratiounskommissioun sicht no Leit aus der Gemeng, déi an der Adventszäit hir Fënster als Adventsfënster dekoréiere wëllen.
Déi eenzel Fënstere sollen u verschiddenen Deeg am Dezember vun 18:00 bis 20:00 Auer beliicht ginn. Wärend zwou Stonne gëtt esou eng Plaz fir e gemittlecht Beieneen an e gemeinsamen Austausch gebueden.
Du wëlls matmaachen?
Da mell dech bis spéitstens den 2. November iwwert [email protected] un a schéck eis deng Adress an däi Wonschdatum mat. Du kanns och eng kleng Aktivitéit oder eppes fir z’iessen oder ze drénken ubidden; dat ass ganz dir iwwerlooss!
Zousätzlech sammelen déi zwou Kommissioune Spende fir de gudden Zweck.
Mir freeën eis iwwer jiddereen, dee matmécht an hëlleft, eis Gemeng an der Adventszäit méi no beieneen an zum Liichten ze bréngen!

🇫🇷✨ Fenêtres de l’Avent – Ensemble, offrons de la lumière ! ✨
La commission de la jeunesse et des sports, en collaboration avec la commission d’intégration, recherche des habitantes et habitants de la commune qui souhaitent décorer une de leurs fenêtres pour en faire une fenêtre de l’Avent.
Les fenêtres seront illuminées à différentes dates en décembre, de 18h00 à 20h00. Pendant ces deux heures, chacune deviendra un lieu de rencontre convivial et d’échange.
Tu veux participer ?
Alors inscris-toi au plus t**d le 2 novembre par e-mail à [email protected] en nous indiquant ton adresse et la date souhaitée. Tu peux aussi proposer une petite activité ou quelque chose à manger ou à boire ; c’est entièrement à toi de voir !
Par ailleurs, les deux commissions collectent des dons au profit d’une bonne cause.
Nous serons ravis d’accueillir toutes celles et tous ceux qui participeront et nous aideront à rapprocher les habitants de notre commune et à la faire briller pendant l’Avent !

Adresse

3, Kierchewee
Manternach
6850

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mardi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Mercredi 08:30 - 11:30
Jeudi 08:30 - 11:30
14:00 - 16:00
Vendredi 08:30 - 11:30

Téléphone

+352 - 71017221

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Manternach publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Gemeng Manternach:

Raccourcis

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité