07/06/2026
OPEN DAY GROUSSWISS
OFFIZIELL AWEIUNG 🤩 🎊
Nächste Samschdeg, den 13. Juni, gëtt d’Zone d’activités Grousswiss zu Biwer offiziell ageweit.
🕚 Um 11 Auer fänkt den offiziellen Deel u mat Festriede vum Buergermeeschter Marc Lentz, vum Wirtschaftsminister Lex Delles a vum Inneminister Léon Gloden.
Duerno offréiert d'Biwer Gemeng fir eng Stonn Iessen a Gedrénks, wou Dir musikalesch vun der Moselle Valley Brass Band encadréiert gitt.
Vun 10 bis 18 Auer maachen e groussen Deel vun den Entreprisen an der Zone d'activités Grousswiss hir Atelieren op fir hir Handwierk ze presentéieren.
📍 De komplette Programm fannt Dir ënnert:
👉 www.openbiwer.lu
Open Day Grousswiss Biwer
Am Samstag, den 13. Juni 2026 öffnen die Betriebe ihre Türen für die Öffentlichkeit und geben exklusive Einblicke in ihre Arbeitswelt, ihre Technologien und ihre Leidenschaft für das Handwerk.
02/06/2026
Dëse Samschden, de 6. Juni, ass Nuit du Sport zu Biwer 💪🤩
Wou? ronderëm de Schoulsite zu Biwer
Wéini? vu 16-20 Auer
➡️ Programm: www.nuitdusport.lu/programme/biwer
🗺️ Plang vum Site: https://biwer.lu/?p=27808
30/05/2026
Mir informéieren Iech doriwwer, dass an der nächster Woch zwou Stroossen an eiser Gemeng wéinst Asphaltaarbechte fir een Dag gespaart sinn 🦺🚧
Neie Wee (01/06/2026): Déi betraffen Awunner si gebieden, hir Valorlux Tute schonn um Virowend virun d'Dier ze stellen.
Hierzebierg (02/06/2026): Och hei sinn déi betraffen Awunner gebieden, hir gro a brong Poubellen um Virowend raus ze stellen.
Dës gi Moies vun der Entreprise, déi d'Asphaltaarbeschte mécht, agesammelt a ginn no der Kollekt erëm zréck bei d'Haiser bruecht.
Deviatioune ginn opgestallt.
29/05/2026
E Méindeg fënnt déi nächst Sëtzung vum Gemengerot statt.
Hei ënnendrënner fannt Dir den Ordre du jour 🤓👇
28/05/2026
🇱🇺 An deenen nächste Woche kéint Dir eng Persoun begéinen, déi mat hirem Tablet opmierksam d'Natur an d'Ëmgéigend observéiert. Heibäi handelt et sech ëm ee Mataarbechter vum Syndikat SIAS 🤓 Seng aktuell Aufgab ëmfaasst Kartéierungsaarbechten um Territoire vun der Gemeng 🗺️📍 Mat Hëllef vu sengem Tablett erfaasst hie wichteg Informatiounen iwwert eis Natur - Daten, déi eis hëllefe wäerten, an Zukunft Naturschutzmoossname geziilt ze plangen an ëmzesetzen 🌱 De Mataarbechter vum Syndicat SIAS kann sech zu all Moment entspriechend ausweisen 🪪 Dës Kartéierunge sinn e wichtege Schratt op de Wee zu enger nohalteger Zukunft vun eiser Gemeng ☝️
🇫🇷 Dans les semaines à venir, il se peut que vous croisiez une personne équipée d'une tablette et observant attentivement les environs. Il s'agit d’un collaborateur du syndicat intercommunal SIAS 🤓 Sa mission actuelle consiste à réaliser une cartographie approfondie du territoire de notre commune 🗺️📍 Grâce à sa tablette, il recueille des données précieuses sur notre environnement naturel, qui permettront de planifier et de mettre en œuvre efficacement les futures mesures de protection de la nature 🌱 Le collaborateur du syndicat intercommunal SIAS et est en mesure de présenter une carte d'identité professionnelle à tout moment 🪪 Ces relevés représentent une étape importante vers un avenir durable pour notre commune ☝️
🇬🇧 Over the next few weeks, you may come across a person equipped with a tablet carefully observing the surroundings. He is an employee of the inter-communal syndicat SIAS 🤓 His current task is to carry out in-depth mapping work on the territory of our municipality 🗺️📍 Thanks to his tablet, he is gathering valuable data on our natural environment which will enable future nature protection measures to be planned and implemented effectively 🌱 He is able to present a professional identity card at any time 🪪 These surveys represent an important step towards a sustainable future for our municipality ☝️
24/05/2026
De Countdown fir d’Nuit du Sport de 6. Juni leeft! ⏱️
📍 ronderëm de Schoulsite zu Biwer
⏰ vu 16-20 Auer
➡️ Programm: www.nuitdusport.lu/programme/biwer
Zesumme mat de Veräiner aus eiser Gemeng erwaart Iech e flotte Programm mat villfältegen Aktivitéiten 💪🏼
Nuit du Sport FC JEUNESSE BIWER DT Olympique Biwer EVB Elterevereenegung vun der Gemeng Biwer Biwer Fiederball Club a.s.b.l. Club des Jeunes Biwer Biwer Bouleleeër
22/05/2026
Pünktlech zum schéine Wieder dëse Weekend steet eise Sonnecrème-Spender um Schoulsite, gefëllt mat SPF50 ☀️
21/05/2026
🇱🇺 Heimat informéiere mir Iech, dass de Samschdeg, den 30. Mee tëschent 11 a 17 Auer, d'Strooss tëschent Betzder a Wecker iwwert Haastert (CR134) wéinst der Vëloscourse "Schleck Gran Fondo" nëmmen an eng Richtung befuerbar ass, vu Betzder a Richtung Wecker.
🇫🇷 Nous vous informons que le samedi 30 mai, entre 11h00 et 17h00, la route reliant Betzdorf à Wecker via Hagelsdorf (CR134) sera uniquement accessible dans un sens – de Betzdorf en direction de Wecker – en raison de la course cycliste « Schleck Gran Fondo ».
🇩🇪 Wir informieren Sie, dass am Samstag, den 30. Mai, zwischen 11:00 und 17:00 Uhr die Straße zwischen Betzdorf und Wecker über Hagelsdorf (CR134) aufgrund des Radrennens „Schleck Gran Fondo“ nur in eine Richtung befahrbar ist – von Betzdorf in Richtung Wecker. 🚴🚴🚴♂️
19/05/2026
🇫🇷 Suite à l’achèvement des travaux de transformation des bureaux du service technique, l’artiste Sophia REIN a terminé la décoration des locaux et a apporté sa touche finale au tableau mural.
Fidèle à son style, l’artiste s’est inspirée du cours d’eau « Biwerbaach » et du village de Wecker. 🌿🎨
🇩🇪 Nach Abschluss der Umbauarbeiten der Büros der technischen Abteilung hat die Künstlerin Sophia REIN die Gestaltung der Räumlichkeiten vollendet und dem Wandgemälde den letzten Schliff gegeben.
Getreu ihrem Stil ließ sich die Künstlerin vom Wasserlauf „Biwerbaach“ und dem Dorf Wecker inspirieren. 🌿🎨