Ville de Grevenmacher

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'organisation

Ville de Grevenmacher Administration communale de la Ville de Grevenmacher 6 Place du Marché
L-6755 Grevenmacher

www.grevenmacher.lu

🌿 Rappel – Feierbakterie Xylella fastidiosaMir erënneren drun, dass wéinst de Mesurë géint d’Verbreedung vun der Feierba...
31/10/2026

🌿 Rappel – Feierbakterie Xylella fastidiosa

Mir erënneren drun, dass wéinst de Mesurë géint d’Verbreedung vun der Feierbakterie Xylella fastidiosa bis op Weideres kee Grünschnitt zu Gréiwemaacher ofgeholl gëtt.

✅ Dir kënnt Äre Grünschnitt awer weiderhin an déi dofir virgesinne Container féieren:

📍 Op Flohr

📍 Beim ale Quai

Villmools Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mathëllef!

🏊 D'Stad Maacher sichtFir eis oppe Schwämm siche mir en "Instructeur de natation" (m/w/d) mat CATP/DAP a Meeschterbréif....
31/10/2026

🏊 D'Stad Maacher sicht

Fir eis oppe Schwämm siche mir en "Instructeur de natation" (m/w/d) mat CATP/DAP a Meeschterbréif.

Hues du Loscht, an engem coolen Team ze schaffen an dozou bäizedroen, dass eis Schwämm gutt funktionéiert an eis Visiteuren eng flott Zäit verbréngen? 💪

Da kéint dës Plaz genau dat Richtegt fir dech sinn!

👉 All Informatiounen an d’Kandidatur:
https://app.skeeled.com/s/eE2glxOX

🔧 D'Stad Maacher sicht2 salariés à tâche manuelle fir d’Besoinen vum Service Régie.Hues du Loscht, an engem motivéierten...
30/10/2026

🔧 D'Stad Maacher sicht

2 salariés à tâche manuelle fir d’Besoinen vum Service Régie.

Hues du Loscht, an engem motivéierten Team ze schaffen an aktiv dozou bäizedroen, dass eis Stad gutt funktionéiert a flott bleift? 💪🏙️

Da kéint dës Plaz genau dat Richtegt fir dech sinn!

👉 All Informatiounen an d’Kandidatur:
https://app.skeeled.com/s/CrNf9E9E

Hei fannt Dir och déi offiziell Deklaratioun dozou:https://grevenmacher.lu/deklaratioun-zum-geplangten-ausbau-vun-den-ta...
30/10/2026

Hei fannt Dir och déi offiziell Deklaratioun dozou:

https://grevenmacher.lu/deklaratioun-zum-geplangten-ausbau-vun-den-tanken/

🇱🇺 De Gemengerot vun der Stad Gréiwemaacher huet sech a senger haiteger Sëtzung eestëmmeg géint de geplangten Ausbau vun den Tanklager am Hafe vu Mäertert ausgeschwat.

🇫🇷 Lors de sa séance de ce jour, le conseil communal de la Ville de Grevenmacher s’est prononcé à l’unanimité contre le projet d’extension des dépôts de carburant dans le port de Mertert.

🛍️🌿 Maacher Moart 🌿🛍️Kommt laanscht op de nächste Maacher Moart an entdeckt frësch, regional a saisonal Produiten direkt...
30/10/2026

🛍️🌿 Maacher Moart 🌿🛍️
Kommt laanscht op de nächste Maacher Moart an entdeckt frësch, regional a saisonal Produiten direkt vun eise Produzente 😊
📅 Méindeg, 02. November 2026
⏰ 08h00 – 13h00
📍 Moartplaz & Foussgängerzon
➡️ Eng flott Geleeënheet fir lokal ze kafen, d’Stad ze erliewen an e gemittleche Moment zu Gréiwemaacher ze verbréngen.
Mir freeën eis op Iech!

🇱🇺 Wichteg Informatioune betreffend d'Feierbakterie Xylella fastidiosa🇫🇷 Informations important au sujet de la bactérie ...
30/10/2026

🇱🇺 Wichteg Informatioune betreffend d'Feierbakterie Xylella fastidiosa

🇫🇷 Informations important au sujet de la bactérie Xylella fastidiosa

🇩🇪 Wichtige Informationen betreffend die Feuerbakterie Xylella fastidiosa

🇬🇧 Important information about the Xylella fastidiosa bacteria

🇱🇺 De Gemengerot vun der Stad Gréiwemaacher huet sech a senger haiteger Sëtzung eestëmmeg géint de geplangten Ausbau vun...
30/10/2026

🇱🇺 De Gemengerot vun der Stad Gréiwemaacher huet sech a senger haiteger Sëtzung eestëmmeg géint de geplangten Ausbau vun den Tanklager am Hafe vu Mäertert ausgeschwat.

🇫🇷 Lors de sa séance de ce jour, le conseil communal de la Ville de Grevenmacher s’est prononcé à l’unanimité contre le projet d’extension des dépôts de carburant dans le port de Mertert.

29/10/2026

🏓🔵⚪ Wëllkomm am Maacher Veräinsliewen!

📣 D’Stad Gréiwemaacher stellt nees ee vu senge Veräiner vir an haut huele mir iech mat bei den Dëschtennis Gréiwemaacher.

Schnell Reaktiounen, spannend Dueller a virun allem e staarken Teamgeescht – hei dréint sech alles ëm de klenge wäisse Ball!

Entdeckt an eisem neie Reel, wat dëse Veräin ausmécht!

Haut um 18:30 Auer zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein
28/10/2026

Haut um 18:30 Auer zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein

🇱🇺 Klimabonus-Roadshow! 🌱

Dir wëllt Äert Doheem energeetesch renovéieren, op erneierbar Energien ëmklammen oder Iech iwwer Elektromobilitéit informéieren?

Entdeckt déi nei staatlech Klimabonus-Subsiden a stellt Är Froen direkt un d'Beroder vu Klima-Agence!

📅 Mëttwoch, 28. Oktober 2026 um 18:30 Auer zu Jonglënster.

D'Konferenz ass op Lëtzebuergesch, mat Iwwersetzung op Franséisch an Englesch.

Méi Informatiounen: https://klimabonus.lu
-----------------------
🇫🇷 Klimabonus-Roadshow! 🌱

Vous souhaitez rénover votre logement, investir dans les énergies renouvelables ou en savoir plus sur l'électromobilité ?

Découvrez les nouvelles aides étatiques Klimabonus et échangez directement avec les conseillers de Klima-Agence !

📅 Mercredi 28 octobre 2026 à 18h30 à Junglinster.

La conférence se déroulera en luxembourgeois, avec traduction en français et en anglais.

Plus d'informations : https://klimabonus.lu

🌿 Gutt besichten Info-Versammlung iwwer d’Feierbakterie Xylella fastidiosaE Méindeg den Owend, de 26. Oktober, huet am C...
27/10/2026

🌿 Gutt besichten Info-Versammlung iwwer d’Feierbakterie Xylella fastidiosa

E Méindeg den Owend, de 26. Oktober, huet am Centre culturel Machera eng gutt besichten Info-Versammlung iwwer d’Feierbakterie Xylella fastidiosa an déi aktuell Situatioun zu Gréiwemaacher stattfonnt.

A Presenz vun der Landwirtschaftsministesch an de Vertrieder vun den zoustännegen Instanze goufen déi vill interesséiert Biergerinnen a Bierger iwwer déi aktuell Situatioun, déi getraffe Mesuren an déi nächst Schrëtt informéiert.

Fotoen: ©Norry Stoltz

Adresse

6, Place Du Marché
Grevenmacher
6755

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 11:40
13:10 - 16:00
Mardi 08:30 - 11:40
13:10 - 16:00
Mercredi 08:30 - 11:40
13:10 - 16:00
Jeudi 14:00 - 17:00
Vendredi 08:30 - 11:40
13:10 - 16:00

Téléphone

+352750311

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ville de Grevenmacher publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'organisation

Envoyer un message à Ville de Grevenmacher:

Partager

Catégorie

Services Publics à proximité