Wonschkutsch asbl

Wonschkutsch asbl

Partager

asbl fir den Transport vun kranken Leit mat liewenslimitéierter Erwaardung en Wonsch ze erfëllen a fir den Transport an medezinesch Betreiung ze suergen.

30/05/2026

Haut ass den WELT-MULTIPLE SCLEROSE-DAG, kuerz MS.

Mir denken un déi Leit, déi dovun betraf sen, an wënschen hinnen vill Courage an Kraft mat där Krankheet emzegoen an ze liewen.💪🍀

Mir sen och fir Iech do.
💚💚💚

Esou wéi eisen Fuergaascht lest Woch, se mir och vläicht fir Iech eemol "Traumerfüller".
Erzeelt eis Äeren ❤️Wonsch an mir machen eppes draus.💚💚💚



Photos from Wonschkutsch asbl's post 27/05/2026

Päischtsonndig zu Heischend...
Een Dag vollgepackt mat Émotiounen, Laachen, Gecksen, Biker an net-Biker, Famill an Frënn...
an matzen dran eise Fuergaascht, de Jos.
Bis virun +-10 Joer war heen een leidenschaftlichen Biker an Sammler. Heen ass vill mat senger Fra, dem Gaby, ënnerwee geweest mam Motor an och mat Sidecar.
Seng 2ten Leidenschaft ass sammelen. Wäit iwer 100 Oldtimer-Motorreeder🏍️, Autoen 🚗an Traktoren🚜fëllen eng Haal an eng Scheier.

Leider huet de Jos well an jonke Joeren déi schlëmm Diagnos MS (Multiple Sclerose) kritt. Heen hot vill gekämpft fir weider schaffen ze kënnen.
Seid 10 Joer Joer ass heen leider un de Rollstull gebonnen an kann sengem Hobby net méi nogoen.😮‍💨
Heen haat awer Wënsch, wéi jiddereen vun eis. An do war een grousse Wonsch lang an sengem Häerz.❤️

Seng Fra, d'Gaby, wees natiirlich vun sengem gréissten Wonsch🙏...

..Nach eemol mam Motor🏍️ fueren...🙏

D'Gaby hot dëse Wonsch weidergin un d'Wonschkutsch, an gefrod ob mir vläicht do kënnten hëllefen deen Wonsch an d'Realitéit ëmzesetzen.🙏

An mir hun den Challenge ugeholl💪.
Wochenlang ass alles mat der Koppel beschwat, organiséiert an geplangt gin. 💻📞

Een Tour vun +- 90km ass ausgetüfftelt an ofgefuer gin.
Et sollt e Fest fir eise Fuergaascht gin.🎉

Als alleréischt mol MERCI🙏💚...
MERCI ALL deenen déi dozou bäigedroen hun, dass dësen Dag fir eise Fuergaascht zu engem Erleefnis gin ass, daat heen nie wärt vergessen. Dir all wart genial. ❤️💚

🙏Eiser Équipe vun eise KUTSCHER, an och net KUTSCHER, sie hun sech bereed erklärt fir derbäi ze sën an ze hëllefen🙏💚.
🙏Dem Jos sengem Kiné an Ergotherapeut, déi sech mat Begeesterung ugeböden hun, hëllefen ze kommen, fir de Jos gut an bequem an d'Sidecar ze setzen🙏💚.
🙏Den Motoclub, RIDING LIONS CLUB, hot sech direkt an ouni ze zécken bereed erklärt de Jos um Tour ze begleeden. Eng 25 Motorrieder🏍🏍🏍🏍 waren um Start🙏💚.
🙏Epuer BIKER🏍, déi net an engem Club sen,hun gefrod fir och mat ze fueren🙏💚.
🙏Och epuer där nostalgischer Autoen🚗 hun och den Tour matgemach.🙏💚
🙏Den KIWANISCLUB UELZECHTDALL hot sech ugeböden fir ze Grillen, op engem super Grill, deen sie matbröcht an iwerholl hun, mat epuer gut gelaunten Männer🙏💚
🙏De John Duhrbach, deen eis nach Bänken geliwert hot, an de ganzen Dag mat beim Grill gehollef hot.🙏💚
🙏D'RTL-Team, mam Christoph Hochard, huet mam Jos an allen aneren den Tour och matgemach, an owes eng flott Reportage am Journal bröcht.🙏💚
🙏Den Metzler, JOS SCHALTZ, hot mat guddem Fleesch fir op de Grill an wonnerbar Zaloten, géint den Honger gesuergt. Heen hot eis de Killwoon zur Verfügung gestallt🙏💚.
🙏Dem Team vun MOSKITO hot och gefilmt an Fotoen gemach fir an eis Archiven🙏💚
🙏De MICHEL WORK WEAR huet fir déi flott gestaltung vun eisen Sëcherheetsgilleten gesuergt an een Deel gesponsert🙏💚
🙏dem FRÄNK an FRENZ, fir deen flotten Tour deen sie geplangt hun.🙏💚

Ech hoffen ech hun lo keen vergees🙏🙏🫣.
Soss entschëlligen ech mech lo well🙏🙏. (Ass net gär geschitt.😉)

Ganz opgereegt an ongedëllig hot de Jos op den Startschoss gewart.
Nom Briefing vun den Organisatoren war et dann endlich souwäit. Kuerz virun 11.00 ass de Konvoi, mam Jos an dem Gaby, jeweils an der Sidecar, gestart.
Et ass an richtung Staumauer gang op enger flotter Streck duerch eng schéin Landschaft.
Hei gouf eng kleng Paus gemach bevir et weidergang ass fir den 2ten Deel iwert d'Éislécker Koppen an Däller⛰️🏞.
Daat ganzt iwer 90km an begleedung vun eisen zwou Kutschen🚙🚑.

Déi, déi net matgefuer sen, hun an där Zäit alles preparéiert fir d'Fest...Dëscher an Bänken oprichten, bessi Deko op Dëscher asw.
Géint 13.00 ass de Konvoi rem zu Heischend ukomm🏍🏍🏍🚗🚗🚗.
Et war einfach herrlich den "Chefbiker" Jos heemkommen ze gesin😍, ....mat engem breeden Lachen😊☺️ am Gesiicht an engem mega Strahlen an den Aen🤩.
Onbeschreiflich!!!!😍🥰

De Grill war warm an d'Gedrënks kaal...
do stong engem schéinen an gemütlichen Nomëttig näicht méi am Wee.
Eise Fuergaascht huet vill erzielt an gepottert mat all den Lait dei fir heen komme sen, fir dësen Dag mat him ze feieren, an ëmmer hun seng Aen gelicht wéi Ultrastären🌟🌟.
,, Ech hätt net gedöcht, dass ech daat nach eemol erleewe géif, an enger Sidecar ze sëtzen. Dësen Dag wärt ech nie vergessen,, .... sood heen ëmmer erëm.😍. ,

Bestëmmt hot de Jos déi Nöcht wéi op Wollek7 geschlof☺️.

WHAT A WONDERFULL DAY😍❤️

Een ganz groussen MERCI 🙏, dem Gaby an dem Jos, fir hiert Vertrauen an déi super Zesummenarbicht.
Dir 2 hot eis esou léif bei eech opgeholl all déi Zäit ❤️❤️❤️❤️❤️.

❤️💚 M E R C I 💚❤️

Och mir wärten deen Dag mat eech an all de Lait, déi derbäi waren, net vergessen😍❤️💚.
Mir wënschen eech alles Guddes an nach lang ganz vill schéin Errënerungen un PÄISCHTEN 2026!!!

💚🍀💚🍀💚🍀

Photos from Riding Lions Luxembourg's post 24/05/2026
24/05/2026

Waat een schéinen Dag haut.
Dir kritt den Owend een klengen Virgeschmach vun eiser Tour haut mat den 🏍🏍🏍
Kuckt den Owend sm Journal op RTL ëm 19.30
😍💚😍💚😍💚

24/05/2026

Mir wënschen Iech schéin Päischten bei herrlichem Wieder.🌞
Genéist et🤗💚

An mir machen eis gläich op de Wee fir een ❤️Wonsch ze erfëllen.🏍

💚💚💚

Photos from Wonschkutsch asbl's post 22/05/2026

Waat een schéinen sonnigen W.end steht virun er Dier.🤗🌞
Do profitéiere mir esou richtig dervun.😍

Fir een vun eise zukünftigen Fuergäscht soll et een aussergewéinlich schéinen Dag gin😍.

Seng Fra huet eis sein gréissten Wonsch erzielt, an deen wärten mir him op Päischten erfëllen.🤗
Et geht op 2, (aaaahneen 3) Rieder, duerch en Deel vum Éisléck, an zwar des kéier am Sidecar.

D'Opreegung an d'Spannung klëmmt.🤭😆

Wéi et wärt ausgoen en Sonndig, gesid dir dann, déi aner Woch op dëser Säit🤗💚

🍀💚🍀💚🍀💚

Photos from Wonschkutsch asbl's post 16/05/2026

Een Häerzenswonsch vun enger schwéier kranker Persoun ass meestens een einfachen Wonsch, dofir awer ganz wertvoll.
Et sen oft déi kleng Sachen déi zielen...oder et ass een rationalen Wonsch.🙏🙏

Mir erfëllen selbstverständlich och esou Wönsch.💚

Esou war et och virun enger Woch.

Eise Fuergaascht, d'Mme K. ass elo bei Omega90 doheem. Elo geht et drëms hier Wunning, zu Déifferdeng, ze raumen an sech perséinlich an wertvoll Errënnerungen eraus ze sichen.

Dir denkt...,, daat ass dach keen Wonsch🤔,,...dann iert Dir Iech💁‍♀️.
Et war der Mme hiere Wonsch, deen Dag zesummen mat hiere Kanner dës Aufgab ze bewältigen.

Ëm 10.00 waren eis Kutscher, Gitta an Michel, zu Hamm ukomm.
Eise Fuergaascht huet well sehnsüchtig, an prett fir op d'Rees, op eis Kutscher gewaard.
Der Faart stong näicht méi am Wee.🚙

Zwee vun hiere Kanner hun zu Déifferdeng op d'Mamm gewart.
Puuuh...epuer Stonnen mat vill Arbicht stongen um Program.

Wéi et gewënscht war, wollten sie 3 ënnert sech dës schwéier Aufgab bewältigen.

Eis Kutscher hun sech zréckgezunn, awer net ouni hier 📲Nummer do ze lossen, falls sie éischter wéi ausgemach gebraucht gin. Dofi sin sie 2 och an der Géigend bliwen.

Am Nomëttig, éischter wéi geduecht, huet d'Mme eisen Kutscher ugeruf, dass sie souwäit färdig wier, fir zeréck op Hamm ze fueren.🚙

Puuuh....raumen mëcht midd🥱🥹 an sie wollt sech raschten goen.
Déi fir eise Fuergaascht wärtvollst Saachen sen mat op Hamm gang🥰😌. Hiere Fils war op der Réckrees matgefuer.

Ganz häerzlich war d'Begréissung vum Personal zu Hamm an eis zwee Begleeder hun der Mme en léiwen "Äddi" gesod.
D'Mme ass och direkt op hier wuelverdingten Rascht gang.

Villmols Merci Mme K., dass mir Iech duerften kennenléieren an Iech op engem klengen Deel vun dësem Wee begleeden.

Vun eisen, neen Ären🤗, Begleeder an eiser ganzer Équipe, bonne Chance an Courage 🍀🍀💪💪💚💚




Photos from Wonschkutsch asbl's post 16/05/2026

Vill Vertrauen an eng Firma, ass déi eng Saach😉, trotzdem nokucken ob alles gut ass, ass déi aner Saach🤭😆.

Kuerz gesod, dem Här G. sein Wonsch déi lest Woch war....
Dem Fils sein Haus kucken ze goen an sech den Ëmbau ënnert d'Lupp ze huelen 🔨⚒️🛠🪛🪚😄😄

Géint halwer 10 sin eis Kutscher, Jeanne an Fränz, beim Här, deen elo bei Omega90 wunnt, ukomm.
Well d'Ufro fir dësen Wonsch an d'Realisatioun ganz kuerzfristig war, ass no enger häerzlicher Begréissung mol nach den "Dossier d'acceuille" ausgeföllt gin. Eng gut Geleeënheet fir sech géigesäitig kennen ze léieren an e bessi mateneen ze ,,quaselen,,😉😌.
Kuerz drop ass dann och de Fils vun eisem Fuergaascht derbäi komm.😍

Mat gudder Laun an vill Stoltz ass sech op de Wee op Zolwer gemach gin, fir sech de Projet un ze kucken. Hei ass hien häerzlich empfang gin vun der Famill, an och den Muppes🐕 war frouh fir hien rëm ze gesin.
De Pap huet sech alles genauestens ugekuckt🧐, mam Resultat....,,RIEN À RECLAMER,,👏👍😆.

Bei enger gudder Taass Kaffi, intressanten Gespréicher an vill Lachen ass Zäit schnell ëmgang.
Et ass op Mëttig zougang, sou, dass de ganze Grupp sech op de Wee an de Lieblingsrestaurant vun eisem Fuergaascht weidergemach hot.🚙

Gemütlich hun sie sech et gut schmache gelos.😋🍽️☕🧁

An ech mängen, Dir kennt daat och...🤔🤗, no engem gudden Iessen gin d'Aen ëmmer sou schwéier🥹🫣🤭 an daat heescht eng gut Mëttesrascht ass ugesood.🥱😴😉
Esou ass et op alle Falll eisem Fuergaascht ergang😉😌.

Ganz frouh an zefridden war den Här G., wéi hien sech mat eisen Kutscher op de Wee fir zrëck op Hamm gemach hot.
Déi Mëttesrascht haat hien sech reedlich verdingt.😌🙏

Merci, Här G., dass mir Iech op dësem flotten Dag mat Ärer Famill duerften begleeden.
Mir wënschen Iech vill Courage an Kraft fir déi kommend Zäit🍀🍀💪💪💚💚

Merci🙏

eise
eisem
der .

💚💚💚

Photos from Wonschkutsch asbl's post 12/05/2026

Haut ass den internationalen Dag vun den Infirmier- an Infirmièren. Mir soen eech merci fir ären dagdéiglichen Asatz. Ob daat an den Kliniken, Alters-an Pflegeheemer, oder am mobilen Pflegedëngscht ass... oder als Bénévole bei der .
MERCI💚💚💚

An och mir sichen Infirmiers(ièren), fir eis Fuergäscht op de Wonschfaarten ze begleeden.
Huest du Loscht??, dann meld dech op
[email protected]
oder um Telefon
621 733677.
💚💚💚

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Lintgen ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


55, Rue Principale
Lintgen
7450