Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Itinéraire Site Web

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, 47, Rue de, Rollingen.

D'Blannevereenegung bedreiwt 6 Institutiounen fir blann a séihbeanträchtegt Matbierger: en Altersheim, Betreit Wunnen, eng Naturcrèche, en Atelier d'inclusion professionnelle, eng Equipe fir d'Betreiung vu Blannen an de mobille Fleegedéngscht MOTUM.

Colors of Blindness ass op en Enn gaangen – mee de Message bleift.Organiséiert vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevere...
27/10/2026

Colors of Blindness ass op en Enn gaangen – mee de Message bleift.

Organiséiert vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, den Service Institut Betty Hirsch, stoungen zwou Woche ganz am Zeeche vun der Sensibiliséierung, der Immersioun an dem Mouvement.

Déi éischt Woch war de Schoulen gewidmet, mam Parcours „Forest in the Dark“ an dem Atelier „Unsichtbare Welten“. Déi zweet Woch huet sech un Professioneller geriicht, ënner anerem mat „Unsichtbare Welten“.

Fir de Grand Public goufen dräi Konferenzen an e Weekend am Parc de Mersch organiséiert, mat Austausch, Sport a Beweegungsaktivitéiten zesumme mat eise Partner.

Den Ofschloss gouf mat engem Concert vun engem vun eise Beneficiairen gefeiert.

E grousse Merci un all eis Partner, Participanten a Mataarbechter fir hiren Engagement.

Colors of Blindness ass eriwwer – mee d’Beweegung fir méi Sensibiliséierung, Accessibilitéit an Inklusioun geet weider.

🇫🇷 Version française: flb.lu/fr/colors-of-blindness-2026/
🇩🇪 Deutsche Version: flb.lu/colors-of-blindness-2026/

E ganz schéinen Nomëtten fir den Ofschloss vu „Colors of Blindness“Mir hu eis ganz besonnesch gefreet, datt ee vun eise ...
19/10/2026

E ganz schéinen Nomëtten fir den Ofschloss vu „Colors of Blindness“

Mir hu eis ganz besonnesch gefreet, datt ee vun eise Beneficiairë vum Institut Betty Hirsch (IBH), engem Service vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, selwer e Concert ginn huet.

Déi flott Stëmmung huet séier jidderee matgerappt, an och eis aner Beneficiairë hu matgesongen. Esou ass eng ganz waarm an entspaant Atmosphär. entstanen, voller Musek, Freed a schéine gemeinsame Momenter.

Zum Schluss hu mir den Nomëtten nach bei engem Verre de l’amitié gemittlech ausklénge gelooss.

E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren an dësen Ofschloss vu „Colors of Blindness“ mat eis gedeelt hunn!

Am Kader vum Projet Colors of Blindness huet den Institut Betty Hirsch, e Service vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blanne...
16/10/2026

Am Kader vum Projet Colors of Blindness huet den Institut Betty Hirsch, e Service vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, op seng Atelieren invitéiert

Duerch interaktiv Aktivitéiten, den Atelier „Unsichtbare Welten“ an d’Entdeckung vun techneschen Hëllefsmëttel konnten d’Participanten nei Perspektive kenneléieren an e besseren Abléck an den Alldag vu blannen a sehbehënnerte Mënsche kréien.

Och d’Mataarbechter vum Mierscher Theater an vun Akzent waren dobäi a konnten un den Aktivitéiten deelhuelen.

Am Kader vum Weltdag vum Bléck war den Institut Betty Hirsch och mat engem Informatiounsstand bei den Hôpitaux Robert Schuman um Kirchbierg present, fir iwwer Blannheet, Sehbehënnerung an déi verschidde Servicer an Hëllefsmëttel ze informéieren.

Perspektive wiesselen, Barrièren erkennen a méi Mateneen schafen.

[LU] Colors of Blindness - Lescht Chance! Et si nach e puer Plaze fräi fir eis interessant Konferenz an eisen interaktiv...
15/10/2026

[LU] Colors of Blindness - Lescht Chance!
Et si nach e puer Plaze fräi fir eis interessant Konferenz an eisen interaktiven Atelier.

> Konferenz: “Aides techniques et démarches administratives”
De 16. Oktober vun 18 bis 20 Auer (Sprooch: Français)

> Atelier: “Découverte des aides techniques"
De 16. Oktober vun 9 bis 17 Auer (Dauer: 1 Stonn)

>>> Weider Detailer a gratis Umellung: cob.flb.lu


[FR] Colors of Blindness – Dernière chance !
Il reste encore quelques places disponibles pour notre conférence intéressante et notre atelier interactif.

> Conférence : « Aides techniques et démarches administratives »
Le 16 octobre de 18h à 20h (Langue : français)

> Atelier : « Découverte des aides techniques »
Le 16 octobre de 9h à 17h (Durée : 1 heure)

>>> Plus de détails et inscription gratuite : cob.flb.lu

Am Kader vun eisen „Colors of Blindness“-Wochen ware gëschter beim Institut Betty Hirsch, engem Service vun der Fondatio...
14/10/2026

Am Kader vun eisen „Colors of Blindness“-Wochen ware gëschter beim Institut Betty Hirsch, engem Service vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, verschidden Aktivitéite ronderëm d’Thema visuell Beanträchtegung um Programm.

Am Laf vum Dag konnten d’Participanten beim immersiven Atelier „Unsichtbare Welten“ an beim Entdecke vun techneschen Hëllefsmëttel nei Perspektive kenneléieren.

Owes um 18:00 Auer gouf den Dag mat der Konferenz „Comprendre la déficience visuelle“ ofgeschloss.

E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren! Hei e puer Andréck vum Dag.

> Eng weider interessant Konferenz zum Thema "Les aides techniques et démarches administratives" fënnt de 16.10.2026 vun 18 bis 20 Auer am Festsall vun der Fondatioun statt.

Colors of Blindness „Village de sensibilisation“Am Kader vum Projet Colors of Blindness huet den Institut Betty Hirsch, ...
12/10/2026

Colors of Blindness „Village de sensibilisation“

Am Kader vum Projet Colors of Blindness huet den Institut Betty Hirsch, e Service vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, dëse Weekend op säi „Village de sensibilisation“ invitéiert.

Am Mëttelpunkt stoung d‘Sensibilisatioun an de Mouvement: sech orientéieren, sech beweegen, Hindernisser wouerhuelen an nei Weeër entdecken.

Duerch verschidden interaktiv Aktivitéiten konnten d’Visiteuren Situatiounen aus enger anerer Perspektiv erliewen an dobäi besser verstoen, wéi eng Erausfuerderungen blann a sehbehënnert Mënschen am Alldag begéinen.

Colors of Blindness setzt genee do un: Perspektive wiesselen, Barrièren erkennen an nei Weeër fir méi Mateneen opmaachen.

Village de sensibilisation à la déficience visuelle Venez découvrir un village de sensibilisation proposant de nombreuse...
10/10/2026

Village de sensibilisation à la déficience visuelle

Venez découvrir un village de sensibilisation proposant de nombreuses activités sportives et ludiques en immersion, toutes réalisées avec des masques afin de se mettre en situation de déficience visuelle : jeux, parcours, tandem, showdown, yoga, danse et bien d’autres expériences.

· Le samedi, participez aux séances de yoga et de danse en immersion, de 11h30 à 12h15 et de 14h30 à 15h15.

· Le dimanche, des ateliers immersifs seront proposés de 11h à 14h, suivis d’une activité de danse à 14h.

À travers ces expériences, petits et grands pourront explorer l’équilibre, la proprioception et les repères sensoriels tout en découvrant de nouvelles façons de se déplacer et d’interagir avec leur environnement, les yeux masqués.

Un rendez-vous ouvert à tous les âges pour expérimenter, apprendre et mieux comprendre les réalités de la déficience visuelle, dans un esprit de partage, de découverte et d’inclusion.

🧑🏻‍🦯 Sensibiliséierungsdeeg 2026 – Colors of Blindness 👩‍🦯

ℹ️ Event “Sensibiliséierungsduerf am Mierscher Park” 👁️
Maacht d’Aan zou… a nei Perspektiven op! Test äert Gläichgewiicht, huelt Deel u verschiddenen Challengen, entdeckt Beweegung a Fräizäitaktivitéite wéi eng Persoun mat Séihbeanträchtegung. Eng spilleresch an immersiv Experienz am Fräien am Park zu Miersch…zougänglech fir jiddereen.

🗓️ 10. an 11. Oktober vun 11:00 bis 17:00 Auer
📍 Parc de Mersch: 6, rue Jean Majerus, L-7555 Mersch

‼️ Gratis Event fir jiddereen

➡️ Weider Detailer an Umellung: cob.flb.lu

Am Kader vu „Colors of Blindness – Bewegung a Sensibilisatioun“ hat gëschter den Institut Betty Hirsch, e Service vun de...
07/10/2026

Am Kader vu „Colors of Blindness – Bewegung a Sensibilisatioun“ hat gëschter den Institut Betty Hirsch, e Service vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, eng interessant Konferenz zum Thema „Déi visuell Aschränkung verstoen“ gehalen.

Et war e wäertvollen Owend mat interessanten Informatiounen a wäertvollen Ablécker an d’Liewe vu sehbeanträchtegte Mënschen.

E grousse Merci un déi Leit, déi dës Konferenz gehalen hunn, fir déi interessant Informatiounen an den oppenen Austausch, an och un all déi Leit, déi dobäi waren an dëse flotte Moment mat eis gedeelt hunn.

Verstoen, sensibiliséieren an zesumme fir méi Inklusioun an Accessibilitéit suergen.

Dir hutt dës Interessant Konferenz verpasst? Dir kënnt iech elo nach fir déi zweet Editioun, den 13. Oktober vun 18:00 bis 20:00 Auer am Festsall vun der Fondatioun gratis op cob.flb.lu umellen.

07/10/2026

🧑🏻‍🦯 Sensibiliséierungsdeeg 2026 – Colors of Blindness 👩‍🦯

ℹ️ Workshop ““Découverte des aides techniques” 👁️
Muss een net selwer probéiere fir et ze verstoen? Dësen Atelier erméiglecht et déi verschidden technesch Alldagshëllefen ze probéieren. Begleet vun engem Professionelle kënnt Dir un Demonstratiounen deel huelen, léiert Kompensatiounsstrategien a kritt personaliséiert Rotschléi a natierlech Äntwerten op Är Froen.

🗓️ 13. an 16. Oktober vun 9:00 bis 17:00 Auer (Dauer 1 Stonn)
📍 Sall Rollingen: 81, rue de Luxembourg, L-7540 Rollingen

‼️ Gratis Umeldung obligatoresch

➡️ Weider Detailer an Umellung: cob.flb.lu

D'Blannevereenegung bedreiwt 6 Institutiounen fir blann a séihbeanträchtegt Matbierger: en Altersheim, Betreit Wunnen, eng Naturcrèche, en Atelier d'inclusion professionnelle, eng Equipe fir d'Betreiung vu Blannen an de mobille Fleegedéngscht MOTUM.

Colors of BlindnessEng Grupp vu Schülerinnen an hiren Enseignanten huet eis zwee interaktiv Parcoursen „Unsichtbare Welt...
06/10/2026

Colors of Blindness

Eng Grupp vu Schülerinnen an hiren Enseignanten huet eis zwee interaktiv Parcoursen „Unsichtbare Welten“ an „Forest in the Dark“ entdeckt.

D’Zil Sensibiliséierung, Perspektiven wiesselen an d’Welt aus enger anerer Siicht erliewen.

Mat dëser Erfarung wëlle mir de Mouvement „Colors of Blindness“ weiderféieren an e Bewosstsinn fir d’Liewe vu blanne a sehbehënnerte Mënsche schafen.

Kuckt, fillt, beweegt iech – a loosst iech op eng Welt ouni Siicht an.

Adresse

47, Rue De
Rollingen
7540

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 17:00
Mardi 08:30 - 17:00
Mercredi 08:30 - 17:00
Jeudi 08:30 - 17:00
Vendredi 08:30 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Services Publics à proximité