✈️Eng direkt Fluchverbindung mat Kanada wier eng Chance fir Lëtzebuerg.
Eng gutt Verbindung mat Kanada erhéicht d’Konnektivitéit, stäerkt den Tourismus, d’Handelspartnere a mécht eisen Flughafen méi attraktiv.
Piraten Lëtzebuerg
Mir setzen eis fir jidderee vun der Gesellschaft an, net nëmme fir déi, déi et sech leeschte kënnen. #SozialLiberal heescht zesummen amplaz géinteneen.
D'Piratepartei Lëtzebuerg setzt sech säit der Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, e verbesserten Dateschutz a méi Privatsphäre fir Privatpersounen. Mir fuerdere méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer raus fuerdere mer eng grondleeënd Reform vum Urheberrecht a Patentwiesen. Als Verfechter vum selbstbestëmmte Liewen setzen sech d'Piraten och fir d
25 Joer Iwwergangsperiod? 🤨⏳
Dat ass keng Reform, dat ass e Verspriechen. An esou Verspriechen iwwerliewen hei am Land dacks net emol ee Regierungswiessel...
Mir Piraten fuerderen dofir endlech en integréierte Finanzplang mat kloren Zuelen an enger realistesch Strategie! 📊
D’Mëttelklass gëtt ëmmer méi ënner Drock gesat. 😰
Ze vill verdénge fir Hëllefen ze kréien, mee ze wéineg fir komfortabel zu Lëtzebuerg ze liewen. An trotzdeem ass d’Wuert „Mëttelklass“ an der Ried vum Premier net eemol gefall.
Mir Piraten fuerderen elo konkret Entlaaschtungen: eng cibléiert Steierreduktioun, de Complément de vie chère méi séier an eng Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun. ⚖️
27/05/2026
D’EU schafft aktuell um neien „Digital Identity Wallet“. Fir eis Piraten ass dësen digitale Portmonni eng gutt Saach an e wichtege Schrëtt an d'Zukunft. Seng Dokumenter sécher a modern um Handy ze hunn, mécht den Alldag dacks méi einfach! 📲✅
De Problem entsteet awer dann, wann et an Zukunft obligatoresch gëtt, sech mat senger ID fir all einfache Klick am Netz ze identifizéieren! ⚠️👁️
Wann een op normale Websäiten, bei Online-Tools oder fir d'Liese vun engem Artikel op eemol eng digital Passkontroll oder e biometreschen Check brauch, geet d'digital Anonymitéit verluer. Am richtege Liewe weist Dir Äre Pass jo och net, fir an e Buttek ze goen oder eng Zeitung ze kafen. Firwat soll dat online anescht sinn? 🤔
Mir wäerten eis dogéint wieren, datt et eng digital Passkontroll kéint ginn, déi et verhënnert fräit an anonym am Internet ze surfen!
Wat mengt Dir? ⬇️
Mir Piraten sinn fir een eenheetleche Waasserpräis zu Lëtzebuerg!
Aktuell bezuelen d’Leit, jee no Gemeng, ganz ënnerschiddlech Präisser fir hiert Waasser.
⚖️ Dat ass net fair!
Am Piratepodcast schwätze mir iwwer aktuell politesch Themen, lokal Dossieren an alles, wat eis als Pirate grad beschäftegt.
Eng Stonn Diskussioun, Meenungen an Ablécker aus eiser politescher Aarbecht. 🏴☠️
Haut mat der Episod 2
D'Regierung hëlleft just de Promoteuren amplaz vun de Leit an der Wunnengskris! 🛑🏠
An der Chamber hu mir et ganz kloer ugeschwat: Wann d’Regierung elo massiv Wunnengen iwwer de VEFA-Prozess opkaaft, ass dat näischt aneres wéi eng deier Rettungsaktioun fir d’Promoteuren. 💸❌
Vill Bauprojete si blockéiert well d'Präisser einfach ze héich sinn an dacks eréischt 20-30% verkaaft goufen. Amplaz datt d'Präisser sech elo um Maart normaliséieren an erofgoen, spréngt de Staat mat eise Steiergelder an an ënnerstëtzt dës iwwerdeiert Präisser kënschtlech!
Dat hëlleft kenger eenzeger Famill, déi verzweifelt no enger bezuelbarer Wunneng sicht. Hei ginn d'Risike vun de Promoteuren op de Staat an de Steierzahler iwwerdroen!
D'Piraten fuerderen eng fundamental Reform an eng reell Hëllef fir d'Bierger, amplaz vu Kaddoen un d'Immobiliebranche.
🤝 Eist Land verdéngt besser.
Mir gleewen un d’Kraaft vum Dialog an d’Stäerkt vum Zesummenhalt. Mee wat mir déi lescht Méint erlieft hunn, war näischt aneschters wéi eng Kris vun der Demokratie.
🗣️ An der Chamber stelle mir d’Fro, déi vill Leit sech stellen:
Wéi konnt et esou wäit kommen?
Wéi konnt eng Regierung esou wäit ewech vu senge Bierger handelen?
💬 Eis Stäerkt läit net am Räichtum, mee an eiser Fäegkeet, mateneen ze schwätzen an openeen anzegoen. D’Vertrauen an de Respekt mussen nees zeréckkommen.
Am Piratepodcast schwätze mir iwwer aktuell politesch Themen, lokal Dossieren an alles, wat eis als Pirate grad beschäftegt.
Eng Stonn Diskussioun, Meenungen an Ablécker aus eiser politescher Aarbecht. 🏴☠️
Et muss een sech froen, ob et net u Visibilitéit vu Stageplaze feelt, well ee beispillsweis aus der IT gesäit:
👨💻💻 D’Betriber wëlle Stagiairë
Mee se fanne keng... an ëmgedréint genau d’selwecht!
🤝 Et muss also méi einfach ginn, dass Stagiairen an d’Betriber sech fannen
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Contacter l'entreprise
Site Web
Adresse
1a, Route De
Kopstal
8184
