Service national de la jeunesse

Service national de la jeunesse

Partager

Le champ d'action du Service national de la jeunesse est celui de l'éducation non formelle

Photos from Service national de la jeunesse's post 04/06/2026

🌿🐝 Kleng Fuerscher ganz grouss!

Déi éischt Editioun vun de Kolonien « Déi kléng Naturfuerscher » war e volle Succès! Wärend 3 Deeg hunn d’Kanner d’Natur op spilleresch Manéier entdeckt: Beie 🐝, Déiere vum Bauerenhaff 🐐 a de Bësch 🌳 stoungen um Programm. Ee flott Erliefnes voller Entdeckungen a gudder Laun!

Photos from Service national de la jeunesse's post 02/06/2026

📚✨ Hues du Loscht deng Kreativitéit op den nächsten Niveau ze bréngen? 🎨 Beim BookAthon hues du 24 Stonnen Zäit, zesumme mat anere kreative Käpp e Kannerbuch op d’Been ze stellen! ✍️📖

Mir sichen:
🧡 Storyteller
🧡 Illustratoren
🧡 Grafikdesigner

📍 Forum Geesseknäppchen
📅 Kick-Off Event: 24.10.2026
📅 Bookathon: 02.–04.11.2026

👉 Schéck eis deng Iddi bis den 31. Juli 2026 a maach mat!

🔗 bookathon.lu

Photos from Service national de la jeunesse's post 29/05/2026

🎉 Den neien Atelier vum SNJ zu Diddeleng gouf offiziell ageweit – a Presenz vum Minister Claude Meisch, der Direktioun vum SNJ an de Vertrieder vun der Stad Diddeleng.

Als Ergänzung zu den Atelieren zu Colmer-Bierg, Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht setzt dësen neie Site op Digitaliséierung an nei Technologien. 📸🎙️🎥💻

Jonker vu 16 bis 30 Joer kënnen hei kreativ Projeten ëmsetzen, nei Kompetenzen entwéckelen a vun engem sozial-edukativen Team a Fachleit begleet ginn.

Mat dësem 4. Atelier schaaft de SNJ weider Plazen, wou Jonker Selbstvertrauen opbauen, hir Talenter entdecke kënnen an nei Perspektive fir d'Zukunft fannen.

Photos from Service national de la jeunesse's post 26/05/2026

De Mee war fir eise Projet "S-Team: Setz dech an!" e gutt gefëllte Mount mat ville flotte Momenter. 🤩💪

📌Ugefaange mat 2 S-Meet's wou insgesamt 250 Kanner aus 24 Maisons relaisen a Grondschoulen am Mariendall zesummekomm sinn. Do konnte si eng Hellewull un Aktivitéiten entdecken an awer och hir Aktiounen virstellen déi si am Laf vum Joer gemaach hunn. 👏🫶

📌De 16. Mee war mam "Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen" dunn e weidere wichtegen Dag am Kalenner vum S-Team. Hei hunn an de sëllege Partnerstrukture vill verschidden Aktiounen zum Theema stattfonnt. 🕊️🕊️

Mir soen alle Partner Merci fir hiren Engagement a mir freeën eis schonn op déi nächst Editiounen. Wann dir mat ärer Struktur och Partner am Projet wëllt ginn da kontaktéiert eis. 📨📞

🔗Méi Infos op: www.s-team.lu

Photos from Service national de la jeunesse's post 21/05/2026

🏕️ Wëllkomm um Toodlermillen Family & Youth Camp!

Ab dem 25. Mee si mir prett, déi éischt Gäscht ze empfänken. Entdeckt eis 5 Beräicher, déi iech zur Verfügung stinn:

☕ Village: den zentrale Treffpunkt mam Accueil, Café a Gemeinschaftsberäicher.
👨‍👩‍👧‍👦 Family Camp: fir Familljen a Visiteuren mat Zelt, Caravan, Van oder Campingcar.
✨ Evasion Camp: en zukünftege Beräich (ab 2027) fir Glamping an aussergewéinlech Hebergementer.
🔥 Youth Camp: fir Scouten a Jugendgruppen,
🌊 Beach: direkt um Floss, fir vun der Proximitéit vun der Sauer ze profitéieren.

👉 Méi Informatiounen: camping-toodlermillen.lu
👉 Reservatiounen: youthhostels.lu/toodlermillen

Photos from Service national de la jeunesse's post 20/05/2026

🌿 En neit Kapitel fir de Camping Toodlermillen!

Leschte Samschdeg huet de Claude Meisch, zesumme mat Vertrieder vu Scouting in Luxembourg an den Auberges de jeunesse luxembourgeoises (Youth Hostels Luxembourg NPO), de neien Toodlermillen Family & Youth Camp am Sauerdall offiziell ageweit.

🏕️ Dëst ass de Start vun engem neie Konzept: eng Plaz fir Jonker, Familljen a Jugendgruppen – mat vill Raum matzen an der Natur fir Austausch, Gemeinschaftsliewen an Aktivitéiten dobaussen.

🤝 Den Toodlermillen Family & Youth Camp gëtt gemeinsam vun den Auberges de jeunesse luxembourgeoises an dem Service national de la jeunesse geréiert.

👉 Méi Informatiounen: camping-toodlermillen.lu

13/05/2026

🔎 Entdeckt de MoKa!

Eng Plattform, déi den Zougang zu Ënnerstëtzungsmoossname vereinfacht an et Jugendaarbechter erméiglecht, jonk Mënschen un déi richteg Ulafstellen ze vermëttelen.

👉 Méi Infos op: www.moka.lu

12/05/2026

🎤D'Virwëtztuten hunn nees nogefrot, dës Kéier beim SIDEC um Fridhaff. Kuckt bis eran a gitt gewuer wat alles an engem Centre de Ressources geschitt.🗑

🎬📹 Wann dir mat ärem Grupp (Maison relais, ...) och eng Kéier eng Episod wëllt gestalten da mellt iech roueg bei eis oder kuckt op erliewen.snj.lu.

🔗D'Episod a voller Längt fannt dir hei: https://snj.lu/sidec

12/05/2026

Méi wéi een Job! 💡 Eng Aufgab, wou s du dech selwer mat deene Jonke mat entwéckels. 💪

Gëff och du Animateur spécialisé beim SNJ: 👉 https://snj-erliewen.lu 🔗

Photos from Service national de la jeunesse's post 11/05/2026

Zesumme mam Naturpark Öewersauer a senge Partner organiséiere mir eng Rëtsch Aktivitéite fir de Stauséi aktiv ze erliewen. 🤩Dës fanne souwuel an der Päischt- wéi och an der Summervakanz statt a riichte sech u Jugendgruppen (5-20 Leit).

👉 28.05.: Mountainbike & Waaserqualitéit 🚴
👉 28.07.: Urban Sports & Përmesknupp
👉 03.08.: SUP Yoga & Silent Walk 🧘
👉 07.08.: Geocaching & LAKU
👉 17.08.: Kajak Clean-up & SEBES Visitt 🚣

📥Umeldung ab direkt: https://snj.lu/stausei

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


48-50 Rue Charles Martel
Luxembourg
2134

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00