De Boonen Jeff iwwert déi klammend Spritpräisser an Europa ⛽️ 📈
CSV Norden
Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de CSV Norden, Parti politique, 4, Rue de l'Eau, Luxembourg.
Den Boonen Jeff mécht kloer: d'CSV setzt sech fir all Form vu Famill an!
03/03/2026
🎤Gëschter hate mir zu Mäerzeg eise Bezierkskongress ofgehalen.
🙌Nieft de spannende Rieden an den Abléck an déi aktuell Politik vum Parteipresident a Premierminister Luc Frieden, dem EU-Kommissär Christophe Hansen, der Ministesch fir Landwirtschaft, Konsumenteschutz a Sport Martine Hansen an der CSV-Generalsekretärin Francoise Kemp gouf sech uschléissend zum Bezierkskongress bei engem gemittleche Patt ausgetosch.
👏Mir gratuléieren dem neie Comité ronderëm den erneit gewielte Bezierkspresident Boonen Jeff dem mat 98% vun de Stëmmen kloer d'Vertrauen eng weider Kéier geschenkt gouf!
🤝Och villmools Merci dem ale Comité fir hiren Asaz iwwert déi lescht 2 Joer!
03/02/2026
Gëschter Owend hu mir eis als CSV Norden gefreet, d’Gesondheetsministesch bei eis zu Ettelbréck ze begréissen. Dobäi ass et zu engem konstruktiven Austausch iwwer d’Zukunft vun eisem Sozial- a Gesondheetswiesen komm.
Am Kader vum Owend huet d’Ministesch d’Pensiounsreform virgestallt an erkläert. Dobäi ass och iwwer d’Situatioun vun eisem Sozial- a Gesondheetssystem geschwat ginn. Et goung ëm déi Froen, déi d’Leit haut beschäftegen, mee och ëm d’Fro, wéi et an Zukunft weidergoe soll. Speziell d’Gesondheetsversuergung am ländliche Raum gouf thematiséiert.
Merci un all déi, déi mat hirer Präsenz an hire Froen zu dësem interessanten Owend bäigedroen hunn!
01/02/2026
CSV Norden trauert em säi laangjärege Member an Députéierte Lucien Weiler. Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte staark gemaach fir de Norden mee sech och fir d'Wuel vum ganze Land engagéiert.
Mir drécken der Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
Mir traueren ëm de Lucien Weiler (1951 - 2026)
Als Deputéierte fir de Bezierk Norden huet de Luss sech iwwer bal dräi Joerzéngte fir d'Wuel vum Land engagéiert. Als President vun der Chamber (2004–2009) stoung hie fir Ausgläich, institutionell Stabilitéit an eng Demokratie, déi vum Dialog a vum Respekt lieft.
De Luss huet och als Fraktiounspresident d’Politik vun der CSV geprägt a sech besonnesch fir de Jugendschutz staark gemat.
Och no senger parlamentarescher Carrière ass de Luss dem Déngscht um Land trei bliwwen. Als Maréchal vun der Cour grand-ducale (2016-2020) huet de Lucien Weiler seng grouss Erfarung, Diskretioun a Loyalitéit an den Déngscht vum Staatschef gestallt.
Fir d’CSV bleift de Luss e Virbild fir Verantwortung, Bescheidenheet a konsequenten Asaz.
Mir drécken der Famill eist chrëschtlecht Bäileed aus.
26/01/2026
Gëschter waren d’Membere vun der CSV Norden zu Feelen beim Pickleball-Tournoi am Asaz fir den
23/01/2026
13/01/2026
Mir freeën eis Iech häerzlech op en öffentlechen an informativen Event anzelueden bei deem mir d’Éier hunn d’Ministesch Martine Deprez bei eis zu Ettelbréck am Festsall vun der Gemeng begréissen ze däerfen.
📅 Wéini? Méindeg, den 2. Februar, um 19h30
Am Kader vun dësem Owend gi wichteg a ganz aktuell Sujeten ugeschwat, déi jidderengen vun eis betreffen:
👉 d’Reform vun de Pensiounen
👉 de Gesondheetssystem
Dëst ass eng wäertvoll Geleeënheet sech aus éischter Hand z’informéieren, Froen ze stellen an an den Austausch ze goen.
Dëst Event ass fir jiddereen op, also zéckt net, och Famill, Frënn a Bekannter matzebréngen.
Zesumme kënne mir vill bewierken mir zielen op Iech a freeën eis op eng grouss Participatioun!
13/01/2026
Gëschter Owend hate mir als CSV Norden den éischte Bezierkscomité vun dësem Joer. D’Virbereedung vun 2 Eventer stoungen um Programm:
- Den 2. Februar kënnt Ministesch Martine Deprez op Ettelbréck fir iwwert Pensiounsreform an iwwert Reformen am Santésberäich Erklärungen ze ginn.
- Den 2 Mäerz ass den CSV Nord Kongress zu Mertzig.
Doniewent goufen nach aktuell politesch Dossieren diskutéiert.
Duerno war ee flotten Neijoerschpatt op Invitatioun vun der CSV Nordstad.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Type
Adresse
Luxembourg
L-1449
