05/11/2026
📣OPRUFF! – Partizipativ Archeologie
🪨 Poléiert Steebeiler aus Dikrech an der Regioun
Hutt dir doheem schwaarz Beiler aus Dikrech an Ëmgéigend? Dann hutt dir e ganz spezifeschen Artefakt aus der Lëtzebuerger Virgeschicht ! Dës Beiler goufen aus Kiselsteng gemaach, déi d’Clierf aus den Éisleker Devon-Schichten an d’Sauer gespullt huet, déi se du bis op Dikrech a weider duerch d’Sauerdall geschwemmt huet.
Ons Virfueren hunn d’Beiler tëschent ongeféier 4 900 an 1 800 viru Christus hiergestallt a genotzt. Warscheinlech goufen dës schéi Stécker och wäit iwwer ons jëtzeg Grenzen eraus gehandelt. An dat gëllt et elo erauszefannen.
🔎Am Joer 2021 huet d’Société Préhistorique Luxembourgeoise (SPL) en ambitionéierte Projet op d’Bee gestallt, bei deem et drëms geet, fir esou vill wéi méiglech Beiler an anert Handwierksgeschier systematesch ze erfaassen, digital opzehuelen an ze kartograféieren. D’Zil ass, fir déi neolithesch Siidlungen an hir Notzung an awer och d’Handelsweeër a fréi Bëschrodungen besser ze verstoen.
➡️Duerfir bréngt och dir är Steebeiler an de Musée d’Histoire[s] Diekirch, fir ären Deel zur Fuerschungsgeschicht bäizedroen.
ℹ️Mir huelen se op – awer iech NET of. Är Decouverte gëtt bei eis just fotograféiert an är Kontaktdate fir d’S.P.L. notéiert.