GovJobs

GovJobs

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de GovJobs, Site web gouvernemental, 10, Rue J. F. Kennedy, Luxembourg.

🇱🇺 GovJobs.lu proposéiert Iech all nëtzlech Informatiounen zu de Beruffer an dem Rekrutement an der Fonction publique.
🇫🇷 GovJobs.lu vous propose toutes les informations utiles sur les métiers et le recrutement dans la Fonction publique.

05/06/2026

🇱🇺🌍🌱 Haut op der "Journée mondiale de l’environnement" stelle mir de Beruff vum Michel, Chargé d’études bei der Unité Contrôles et inspections vun der Ëmweltverwaltung, vir.

Hie suergt dofir, datt d’Ëmweltgesetzer um Terrain agehale ginn, andeems hie Sitten an Aktivitéiten iwwerpréift, déi en Afloss op eis Ëmwelt kéinten hunn.

Säin Engagement spigelt dat vun allen Ekippe vun der Ëmweltverwaltung erëm, déi sech all Dag fir eng méi nohalteg Zukunft asetzen.

🔎 Entdeckt wéi sech de Michel am Alldag fir de Schutz vun eiser Ëmwelt asetzt - https://utm.guru/nORCT

Photos from GovJobs's post 02/06/2026

🇱🇺🔍 Rot de Beruff!
Konnt Dir de Beruff unhand vun den Indizien erausfannen?
👉 Entdeckt dem Jackie säi kompletten Temoignage op eisem Blog
https://utm.guru/nAiEE

Photos from GovJobs's post 28/05/2026

🇱🇺👥 Blind Date tëschent zwee Beruffer
🧠 Lucia, Psychologin-Psychotherapeutin a Responsabel fir Stressbewältegungsatelieren bei dem CCJF

💼 Jacques a Bob, Gestionnaires de projet bei der Trésorerie de l’État
Zwee Profiller, déi op den éischte Bléck ganz ënnerschiddlech sinn.

🤝 An awer verbënnt si an hirem Aarbechtsalldag eng Gemeinsamkeet: d’Nolauschteren.

Nolauschteren, fir Besoinen ze verstoen.
Nolauschteren, fir ze begleeden.
Nolauschteren, fir déi passend Léisungen ze fannen.

Egal ob bei der Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen oder am Projektmanagement, den Dialog an d’Begleedung vum Mënsch stinn am Mëttelpunkt vun hirem Beruff.

👀 Entdeckt hiren Austausch an eisem Artikel : https://utm.guru/Azbmx

27/05/2026

🇱🇺 📐 FOCUS | Kadaster
🗺 De Beruff vum Geometer besteet doran, eis Ëmwelt präzis z'erfaassen an an Donnéeën ëmzesetzen.
Entdeckt, wéi d’Kollekt vun dësen Donnéeë um Terrain an hir digital Modelisatioun, et erméiglechen eis Realitéit duerzestellen.
Wat ass de Beruff vum Geometer ? Entdeckt dem Christophe säin Temoignage an dëser éischter Capsule.

22/05/2026

🇱🇺 💻 Dëst sinn de Patrick, de Mathieu, d’Carine, den Eric, de Bob, de Ludwig, de Jérôme, d’Sophie an d’Joëlle. Grouss Virdenker oder Benotzer vun den neien digitalen Outilen, erziele si eis zesumme mat hiren Ekippen, wéi den Zentrum fir Personalverwaltung an Organisatioun vum Staat d’Ressources humaines am ëffentlechen Déngscht mat Hëllef vu kollaborativen Tools, digitaliséierte Prozesser an enger Datekultur innovativ gemaach huet. 🤝
🔗 https://utm.guru/2eDZP

20/05/2026

💼🤝 Berufflech Parcourse begleeden, bei der Orientéierung hëllefen, nei Méiglechkeeten opweisen: d’Ressources humaines spillen eng wichteg Roll bei dem Accès op dem Aarbechtsmarché a bei der berufflecher Entwécklung.
Am Kader vun dem internationalen Dag vun de Ressources humaines, wëlle mir déijéineg ervirhiewen, déi an der Fonction publique all Dag engagéiert a verantwortungsvoll doru schaffe fir Talenter a Beruffsméiglechkeeten zesummenzebréngen.
👉 Liest dem Gilles, Chef d’agence adjoint bei der ADEM, säin Temoignage an eisem Artikel : https://utm.guru/NIRtX

19/05/2026

🎯 FOKUS | Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’État (CGPO)
Entdeckt wéi de CGPO d’Ministèren an déi staatlech Verwaltungen am Beräich vun de Ressources humaines an der interner Organisatioun begleet. 🤝
Moderniséierung vun den RH-Prozesser, Digitaliséierung, Ënnerstëtzung beim Rekrutement esou wéi och d’Gestioun vun de Paien an der Pensioun… Eng Missioun am Déngscht vun enger effizienter, moderner an attraktiver Fonction publique.
🎥 Entdeckt an dëser Capsule dem CGPO seng Missioun beim Staat.

17/05/2026

📱💻 Haut um Weltdag vun der Telekommunikatioun wëlle mir d’Aarbecht ervirhiewen, déi geleescht gouf, fir déi digital ëffentlech Servicer fir jiddereen zougänglech ze maachen.
Dank der Zesummenaarbecht vun Analysten, Softwareentwéckler, Integrateuren, Redakteren an Iwwersetzer beim CTIE, gouf bei der Entwécklung vun der MyGuichet-App besonnesch vill Wäert op d‘Accessibilitéit, d’visuell Kohärenz an d’Moderniséierung vum Interface geluecht.
👉 Entdeckt de ganzen Artikel hei: https://utm.guru/LV80G

15/05/2026

Ingenieurin bei der Administration des ponts et chaussées: 3 Virurteeler, déi et ze widderleeë gëllt.
Tëschent dem Terrain, de Sproochen an der Diversitéit vun de Profiller, stécht hannert dësem Beruff vill méi wéi ee mengt.
Entdeckt den Alldag vum Anne an Heidy 👆

🔗 Link op de ganzen Artikel : https://utm.guru/CVyaQ

13/05/2026

🇱🇺 An der Fonction publique dréit d’Diversitéit dozou bäi d’Qualitéit vum ëffentlechen Déngscht ze stäerken.
Ekippe mat ënnerschiddleche Parcoursen a Perspektiven erméiglechen et, besser op d’Besoine vu jidderengem anzegoen.
D’Fonction publique setzt sech fir en inklusiivt Aarbechtsëmfeld a Chancëgläichheet an, fir datt jidderee säi Bäitrag ka leeschten, ouni Ënnerscheeder.

Vous voulez que votre entreprise soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


10, Rue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:00
13:00 - 17:00