05/05/2026
🍻 Haut ass et esou wäit – Stammdësch ADR Suessem!
Mir invitéieren iech häerzlech, haut den Owend op eise Stammdësch laanschtzekommen, fir zesummen e gemittleche Moment ze verbréngen, eppes ze drénken an an enger entspaanter Atmosphär ze schwätzen.
📅 Dënschdeg, 05. Mee 2026
🕢 19:30 Auer
📍 Pause Café
195 Rue de Differdange
4437 Soleuvre
Kommt roueg laanscht — ob Member, Frënd oder einfach interesséierte Bierger. Jiddereen ass wëllkomm fir mat eis bei engem klenge Apéritif iwwer eis Gemeng, aktuell Themen an Iddien auszetauschen.
Mir freeën eis op iech! 🇱🇺
01/05/2026
🇱🇺 1. Mee – Dag vun der Aarbecht
De 1. Mee ass e gudde Moment, fir un all déi Leit ze denken, déi all Dag fréi opstinn, schaffen, Verantwortung droen an eist Land um Lafe halen.
Fir d’ADR Suessem ass kloer:
Aarbecht muss sech lounen.
Vill Famillen, Salariéen, Selbststänneger, Handwierker, Betriber a Frontalieren spieren am Alldag, datt d’Liewen ëmmer méi deier gëtt. Energie, Mobilitéit, Wunnen an alldeeglech Käschte ginn ëmmer méi schwéier ze droen.
Dofir brauch et eng Politik, déi d’Leit entlaascht amplaz se ëmmer méi ze belaaschten. Wann d’ADR konkret Proposen mécht, fir d’Bierger ze entlaaschten — zum Beispill duerch manner Steieren op Mazout, Bensin an Diesel — da stousse mir leider nach ze oft op politesch Bremsen.
Mee fir eis bleift kloer:
👉 méi Kafkraaft
👉 manner Steieren a Käschten
👉 Respekt fir déi, déi schaffen
👉 fair Konditioune fir Famillen, Salariéen a Betriber
E staarkt Land baut op de Leit, déi all Dag hire Bäitrag leeschten.
ADR Suessem wënscht Iech e schéinen 1. Mee. 🇱🇺
28/04/2026
🔥 Kënnt dir dobäi sinn? 👇
Eisen nächste Stammdësch vun ADR Suessem steet un – an dëst Kéier gesi mir eis am Pause Café zu Zolwer 🍻
📅 Méindeg, den 5. Mee
⏰ ab 19:30 Auer
📍 Pause Café
195, Rue de Differdange
L-4437 Soleuvre
👉 Hues du Loscht, einfach mol laanscht ze kommen, mat eis ze schwätzen an deng Meenung ze deelen?
Egal ob s du scho laang dobäi bass oder einfach mol wëlls lauschteren –
du bass häerzlech wëllkomm!
💬 Mir schwätzen iwwert lokal Themen, Iddien fir eis Gemeng an alles wat d’Leit hei wierklech interesséiert.
👇 Schreif eis an d’Kommentaren: Kënns du laanscht?
👍 Like & 🔄 Deelen hëlleft eis méi Leit aus Suessem z’erreechen!
05/04/2026
🐰 Schéi Ouschteren aus Suessem! 🌸
Ouschteren steet fir Neistart, Hoffnung an Zesummenhalt – Wäerter, déi eis och als lokal Ekipp wichteg sinn.
An enger Zäit, wou villes sech séier ännert, bleift fir eis eng Saach kloer:
👉 no bei de Bierger sinn, nolauschteren a mat Engagement fir eis Gemeng schaffen.
Mir soen iech Merci fir äert Vertrauen an déi vill positiv Gespréicher 💛
Genéisst dës Deeg mat äre Familljen, loosst iech d’Schockela gutt schmaachen 🍫 a sammelt nei Energie!
👉 Wat bedeit Ouschteren fir Iech?
02/04/2026
🔴 Haut ass keen Abrëllsgeck 😉
No eisem Post vum 1. Abrëll…gëtt et Zäit fir richteg Gespréicher 👇
Politik fänkt am Gespréich un an dofir invitéieren mir iech op eisen nächste Stammdësch
📍 Café Free Time – Belvaux
📅 8. Abrëll
🕢 ab 19:30
💬 En oppene Moment fir ze schwätzen
💬 Iddien auszetauschen
💬 An eis Gemeng zesummen virunzebréngen
🍻 Natierlech kann een och gemittlech eppes drénken an iessen
Just Leit aus der Gemeng, déi zesumme kommen
👉 Komm laanscht a schwätz mat eis
Jidderee ass wëllkomm 💪
23/03/2026
📍 Komiteesitzung – ADR SUESSEM 💪
No enger méi roueger Zäit hu mir eis den Owend endlech nees zesummegesat fir eis Komiteesitzung. Eng gutt Geleeënheet fir nei Iddien auszetauschen, Projeten virunzebréngen an eis Zukunft zesummen ze plangen. 🙌
Mat vill Engagement, gudder Stëmmung an engem staarke Teamgefill gi mir déi nächst Schrëtt un 💬🔥
➡️ Mir freeën eis drop, geschwënn nees méi mat iech ze deelen!
08/03/2026
8. Mäerz – Internationalen Dag vun de Fraerechter
Haut feiere mir den internationalen Dag vun de Fraerechter. Dësen Dag erënnert eis drun, wéi wichteg Gläichberechtegung, Respekt an Chancëgläichheet fir Fraen an eiser Gesellschaft sinn.
Vill Fraen engagéieren sech all Dag – an der Famill, am Beruff, an an der Gesellschaft – a droen domat vill zu engem staarke a solidaresche Land bäi.
D’ADR Sektioun Suessem wëllt haut all Frae Merci soen fir hiren Asaz an hir Engagement. Gläichberechtegung an Respekt sollen net nëmmen haut, mee all Dag gelieft ginn.
💐 Alles Guddes fir den internationalen Dag vun de Fraerechter!