07/11/2026
🇧🇪🇸🇪 Dësen Donneschdeg huet de Grand-Duc Henri un der offizieller Aweiung vun der Por Reine Astrid (Drottning Astrids Församling) vun der schwedescher Kierch zu Bréissel deelgeholl. D’Zeremonie war Deel vun de Feierlechkeete vum 100. Joresdag vun der Hochzäit tëscht der Kinnigin Astrid an dem spéidere Kinnek Léopold III, souwéi vum 400. Anniversaire vun der Schwedescher Kierch am Ausland.
Als Enkel vun der Kinnigin Astrid huet de Grand-Duc Henri zesumme mat senger Cousine, der Prinzessin Astrid vun der Belsch, un feierlechen Akt deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet gouf en neie Portrait vun der Kinnigin Astrid souwéi eng Gedenkplack aus Messing virgestallt.
Dëst Evenement war och d‘Geleeënheet, fir un déi historesch Lienen tëscht de kinnekleche Famillje vun der Belsch, Schweden a Lëtzebuerg ze erënneren.
-
🇧🇪🇸🇪 Ce jeudi, S.A.R. le Grand-Duc Henri a assisté à l’inauguration officielle de la Paroisse Reine Astrid (Drottning Astrids Församling) de l’Église de Suède à Bruxelles. Cette cérémonie s’est inscrite dans le cadre des célébrations du centenaire du mariage de la Reine Astrid et du futur Roi Léopold III, ainsi que du 400e anniversaire de l’Église de Suède à l’étranger.
Petit-fils de la Reine Astrid, le Grand-Duc Henri a pris part à cet hommage aux côtés de sa cousine germaine, la Princesse Astrid de Belgique. À cette occasion, Leurs Altesses Royales ont dévoilé un nouveau portrait de la Reine Astrid ainsi qu’une plaque commémorative en laiton.
Cet événement a également été l’occasion de rappeler les liens historiques qui unissent les Familles royales de Belgique, de Suède et de Luxembourg.
© Frederic Sablon Photography